Waasserwirtschaft zu Lëtzebuerg

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Zu Lëtzebuerg gëtt d'Waasserwirtschaft vun de Gemengen, a jee nodeem, hire Waassersyndikater, assuréiert.

Geschicht änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Drénkwaasser änneren

Wat d'Drénkwaasserversuergung ugeet, sou ginn all Dag 132.000 Kubikmeter Drénkwaasser zu Lëtzebuerg produzéiert (Stand 2019). Dovu ginn 112.000 Kubikmeter duerch d'Reseaue vun den Drénkwaassersyndikater verdeelt, 11.000 Kubikmeter ginn aus private Quelle gezaapt.

Dee gréissten Drénkwaassersyndikat ass de SEBES mam opbereetem Waasser aus dem Stauséi Uewersauer.

60 Prozent vum Waasser, dat produzéiert gëtt, gëtt vun de Stéit verbraucht (deemno 132 Liter op de Kapp den Dag), 23 Prozent vun de Servicer an der Industrie (dovu si 7% vun Déngschleeschter a klengen Entreprisen, 9% Industrie, déi hiert Waasser aus eegene Bueren hierkritt, 9 % Industrie, déi et aus dem Drénkwaassernetz kritt); an 9 Prozent vun der Landwirtschaft (wouvun 1 % eege Buere sinn). De Rescht ass Waasser, dat direkt vun de Gemenge verbraucht, an deemno net facturéiert gëtt, oder awer dat, wat duerch Fuitte verluer geet.[1]

Ofwaasser änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Zu Lëtzebuerg sinn 99% vun der Bevëlkerung un en Ofwaassersystem (Egout) ugeschloss (Stand: 2019). Déi meescht dovu sinn e gemëschten Egout, d.h., wou Reewaasser a verbraucht Waasser net getrennt ginn.

Vun den 199 kommunale Kläranlagen zu Lëtzebuerg sinn der 82 mechanesch. Si hunn eng niddreg Kapazitéit - 100 bis 200 Awunner, deemno am Ganzen 12.395 Awunner-Equivalenter - a sinn iwwer 40 Joer al. Dat meescht Ofwaasser, 98%, gëtt a biologesche Kläranlage behandelt (am Ganzen hirer 117), déi 1.092.735 Awunner-Equivalenter ofdecke kënnen.[2]

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de Kläranlagen zu Lëtzebuerg.

Lëscht vu Syndikater änneren

Drénkwaasser änneren

(Opbereedung an/oder Verdeelung)

Ofwaasser änneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Ofwaassersyndikat.

Biller änneren

Literatur änneren

  • Jean Reitz: "Die Wasserversorgung Luxemburgs: Ein historischer Überblick." In: forum Nr.409, S.54ff.

Um Spaweck änneren

Commons: Waasserwirtschaft zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Utilisation de l'eau potable: Consommation totale au Luxembourg." op eau.public.lu (gekuckt: 2020-10-07).
  2. Eaux usées et pluviales: Assainissement." op eau.public.lu (gekuckt: 2020-10-07.