Provënz Flevoland

hollännesch Provënz
Dëse Geographiesartikel iwwer Holland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Provënz Flevoland
Basisdaten
Land Holland
Haaptstad Lelystad
Fläch 1 419 km²
Awunner 365 301 (2005)
Reliounen Kathoulesch: 13 %
Protestantesch: 25 %
ISO 3166-2 NL - FL
Websäit Provënz Flevoland
Lag

D'Provënz Flevoland ass eng vun den zwielef hollännesche Provënzen a läit an der Mëtt vum Land.

D'Haaptstad ass Lelystad an déi gréisst Stad ass Almere.

D'Provënz Flevoland grenzt am Norden un d'Provënz Friesland, am Osten un d'Provënz Overijssel an d'Provënz Gelderland, am Süden un d'Provënz Utrecht an am Südwesten a Westen un d'Provënz Nordholland.

Si läit am Oste vun Amsterdam an ass komplett ënner dem Mieresniveau (bis zu -5 m) ausser den zwou alen Inselen Urk a Schokland.

Geographie Änneren

Geographesch ass d'Provënz zesummegesat aus dem Nordostpolder, dem ëstleche Flevoland an dem südleche Flevoland. D'ëstlecht an d'südlëcht Flevoland leien an de Reschter vun der aler Zuiderzee. Dozou gehéieren déi méi kleng Deeler wéi d'Veluwemeer, d'Gooimeer, d'Ketelmeer an déi grouss Waasserfläche wéi d'IJsselmeer an d'Markermeer.

Geschicht Änneren

D'Land vun der Provënz gouf zanter 1932 komplett dem Mier ofgeknäppt duerch de Bau vum Ofschlossdäich (nl: Afsluitdijk) deen déi al Zuiderzee vum oppene Mier, dem Nordmier trennt. D'Land ass mat der Poldertechnik dréchegeluecht ginn an déi Aarbechten hu bis 1968 gedauert.

D'Provënz krut hiren Numm an definitive Statut als Provënz 1986. (Gesetz vum 27. Juni 1985 mat Akraafttrieden den 1. Januar 1986.)

Landschaft Änneren

 
Oostvaardersplassen

De gréissten Deel vun der Provënz gëtt landwirtschaftlech benotzt. Am ëstlechen Deel gi 25 % net fir d'Landwirtschaft gebraucht an am südleche Flevoland sinn dat 50 %.

De Süden ass haaptsächlech geduecht fir Wunnengen als Puffer fir déi déckbesidelt Randstad.

Wéi an de 60zeger Jore festgestallt ginn ass, datt net nach méi landwirtschaftlech Fläche gebraucht géife ginn, ass eng grouss Partie als Naturschutzgebitt oder villméi als Naturentwécklungsgebitt bestëmmt ginn ënner dem Numm Oostvaardersplassen.

Gemengen an der Provënz Änneren

  1. Almere
  2. Dronten
  3. Lelystad
  4. Noordoostpolder (Haaptstad Emmeloord)
  5. Urk
  6. Zeewolde
 
Communes du Flevoland
 
D'Gare vu Lelystad

Um Spaweck Änneren

Commons: Flevoland – Biller, Videoen oder Audiodateien