Bäerdref

lëtzebuergesch Uertschaft, Chef-lieu vun der Gemeng Bäerdref

Bäerdref (lokal: Bäertref[1],[2]) ass eng lëtzebuergesch Uertschaft an den Haaptuert vun der Gemeng mat dem selwechten Numm.

Bäerdref
Bäertref
Vue vum Waassertuerm aus (2015)
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Berdorf
de: Berdorf
Land Lëtzebuerg
Kanton Iechternach
Gemeng Bäerdref
Buergermeeschter Joé Nilles
Awunner 1.475
  1. Januar 2023
Fläch 841,9710 ha
Koordinaten 49° 49’ 17’’ N
      06° 20’ 58’’ O
D'Siweschlëff
Laanscht d'Sandsteefielsen
Kloteren an der Wanterbaach
D'Huel Lee
Den Aquatower

Geographie

änneren

Bäerdref läit am Kanton Iechternach op engem Héichplateau, deen (ausser am Südwesten) vun déiwen Däller, déi duerch d'Sauer, d'Schwaarz Iernz an d'Äsbech an de Sandstee gegruewe gi sinn, ëmginn ass. Bäerdref läit am Zentrum vun der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz.

Geschicht

änneren

Déi éischt Besiidlung vum Bäerdrëffer Plateau geet an déi Jénger Steenzäit zeréck (2000-1500 v. Chr.). Am 2.oder 3. Joerhonnert gouf do, wou haut d'Uertschaft ass, e réimeschen Haff ugeluecht (eng Villa Rustica oder och vläicht eng Villa urbana). Den Numm 'Bäerdref' kënnt heivun: Den Haff krut den Numm vu sengem Meeschter a gouf deem entspriechend "Beronis Villa" - Haff vum Bero - genannt. Spéider gouf dat Wuert "Villa" duerch säi germanescht/fränkescht Equivalent "thorp" / "dorf" / "drëf" ersat. Och de Flouernumm "Op Kaasselt" kéint drop hindeiten, datt do emol e réimesche Wuechtposte (Castellum) stoung.

Dee markantsten Iwwerrescht vun der "Villa" ass de sougenannte "Véiergëttersteen", deen de Sockel vun enger Jupiter-Votivsail war an um héchste Punkt vun der Géigend stoung - do, wou haut d'Kierch steet. Dëse gouf, wéi am 15. Joerhonnert déi éischt Kapell an der Uertschaft gebaut gouf, an dëser ënnerbruecht a war Haaptdeel vum Altor. Wéi den 11. Januar 1831 eng nei Kierch ageweit gouf, ass de Véiergëtterstee matgeplënnert ginn an alt erëm ënner den Haaptaltor stoe komm, wou en och haut nach steet.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel Véiergëtterstee vu Bäerdref an am Artikel Kierch Bäerdref

1528 gouf et déi éischt iwwerliwwert Zielung: Bäerdref hat 17 Stéit. Virun 1803 huet Bäerdref zu de Pare Grondhaff, duerno Konsdref gehéiert; vun do u war et eng eegestänneg Par.

Am Zweete Weltkrich huet Bäerdref virun allem an der Ardennenoffensiv ze leide gehat: Zwou Kompanië vum 12. Regiment vun der 4. US-Infanterie-Divisioun, vun der däitscher Offensiv iwwerrascht, hunn e puer Deeg laang ënner dem Kommando vum Captain Steve Lang vum deemolegen "Hôtel du Parc" aus heroesche Widderstand geleescht[3], mam Resultat, datt d'Haiser an der Ëmgéigend bal all beschiedegt oder zerstéiert waren.

Trëppelen a Kloteren

änneren

Ronderëm Bäerdref gëtt et kilometerlaang Trëppelweeër, déi laanscht d'Fielswänn aus Sandstee ginn, wou de Bësch a sengem natierlechen Zoustand belooss ass. Duerch dat fiicht Mikroklima gëtt et do eng besonnesch Vegetatioun (ë. a. eng rar Farenaart, den Hymenophyllum tunbrigense).

Bekannt Fielsformatioune sinn de Priedegtstull, de Perekop, d'Huel Lee, de Malakoff-Tuerm, d'Raiberhiel oder d'Siweschlëff.

Déi eenzeg Plaz am Land, fir Klammsport ze maachen, ass zu Bäerdref an der Wanterbaach. Fir do kënnen ze klammen, brauch een e Permis vum Ëmweltministère.

Kuckeswäertes

änneren

Spezialitéite vu Bäerdref

änneren

Literatur

änneren
  • Conseil de la Fabrique d'Eglise Berdorf (Ed.): Berdorf 1982. Livre d'or édité à l'occasion du 150e anniversaire de la construction et de la consécration de l'église paroissiale..., Luxembourg, Saint-Paul 1982.
  • Marcus Haysom: Climbing in Berdorf. 2009, 118 S. ISBN 978-2-87996-636-6
  • Harmonie Berdorf, 2007: 100 Joer Harmonie Berdorf 1907 - 2007, Impr. Faber (Miersch), 320 S., ISBN 978-2-87996-694-6

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Bäerdref – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. cf. Logo vun der "Gemeng Bäertref"
  2. Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert de(n) 2020-08-11. Gekuckt de(n) 14.06.2020.
  3. Hugh Schuck (Staff Correspondent of the Times): "Little groups of Yanks broke up Nazi push."
  4. Den Amphitheater op berdorf-tourist.lu Archivéiert de(n) 2014-05-24. Gekuckt de(n) 2013-03-11.
  5. Steyer Edmond, Entstehung des Amphitheater "Breechkaul" Archivéiert de(n) 2021-09-18. Gekuckt de(n) 2013-03-11.
  6. D'Huel Lee op berdorf-tourist.lu Archivéiert de(n) 2014-05-24. Gekuckt de(n) 2013-03-11.