Réimesch Traitéen

D'Réimesch Traitéë goufen de 25. Mäerz 1957 vun der Belsch, der Bundesrepublik Däitschland, Frankräich, Italien, Lëtzebuerg an Holland zu Roum ënnerschriwwen. Si bestinn aus dem Traité fir d'Grënnung vun der Europäescher Wirtschaftsunioun[1] deen d'Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft (EWG) geschaf huet, an dem Traité iwwer d'Europäesch Atomgemeinschaft (EURATOM). Et sinn déi zwéin Haaptbestandeeler vun de spéideren Europäesche Communautéiten.

Zesumme mat der Europäescher Communautéit fir Kuel a Stol ass doraus méi spéit d'Europäesch Unioun entstanen:

Europäesch UniounGeschicht, Struktur an Traitéen
1951 1957 1965 1986 1992 1997 2001 2007/2009
Europäesch Communautéiten (EG*) E U R O P Ä E S C H   U N I O U N   ( E U )
Europäesch Communautéit fir Kuel a Stol (CECA resp. Montanunioun) (2002 ausgelaf -> EG)
Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft (EWG) Europäesch Gemeinschaft (EG)
*EG: EGKS, EWG (EG zanter 1993), Euratom Justiz an Interieur (JI) (ZJZ a Persouneverkéier –> EG)
Zesummenaarbecht vu Police a Justiz bei Strofaffären (PJZS)
Europäesch Politesch Zesummenaarbecht (EPZ) Gemeinsam Aussen- a Sécherheetspolitik (GASP)
Europäesch Atomgemeinschaft (EAG resp. Euratom)
Traité vu
Paräis
Traité vu Roum Fusiounstraité Acte unique Traité vu
Maastricht
Traité vun
Amsterdam
Traité vun
Nice
Traité vu Lissabon
Dräi Sailen

Inhalt vum Traité iwwert Europäesch WirtschaftsgemeinschaftÄnneren

Den Traité iwwer d'Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft besteet aus 6 Deeler. Dozou kommen nach Annexen déi deelweis lännerspézifesch Dispositiounen enthalen.

Éischten Deel: D'PrinzipienÄnneren

Deen éischten Deel leet Grondprinzipien fest, wouvunner déi wichtegst d'Ofschafe vun der Douane fir Wueren tëscht de Länner vun der EWG an de fräien Verkéier vu Kapital, Déngschtleeschtungen a Persounen innerhalb vun der EWG sinn. Des Weidere ginn d'europäesch Institutioune festgeluet: d'Assemblée (spéidert Parlament), de Conseil, d'Commissioun an de Geriichtshaff. Am Géigesaz zur Lëtzebuerger Legislatioun, déi gréisstendeels fräi vun Text ouni normative Charakter ass, sinn am éischten Deel vum Traité vill allgemeng Provisiounen ouni datt eppes virgesinn ass wann se net agehale ginn (z. B. d'Institutioune suerge fir déi finanziell Stabilitéit vun de Memberstaate).

Zweeten Deel: D'Fëllementer vun der GemeinschaftÄnneren

Den zweeten Deel leet da konkreet fest wéi d'fräi Zirkulatioun vu Persounen, Déngschtleeschtungen, Kapital, a Wueren ëmgesat gëtt. Fir d'Wueren gouf all Zort vun Douane-Tax grad esou wéi all quantitativ Limitt op Exporter an Importer tëscht de Länner vun der EWG verbueden (mat Iwwergangsperioden). D'Douane op Wueren aus Drëttlänner gouf harmoniséiert andeems eng moduléiert Moyenne aus den 1957 gëltegen Douanestaxen aus de 4 EWG Länner déi eng Grenz no baussen (vun der EWG) haten, gebilt an applizéiert gouf. D'Kommissioun gouf chargéiert fir fir d'Zukunft alles wat Fräihandel respektiv Douanestaxe mat net EWG Länner betrëfft ze reegelen. Am Beräich vun der Landwirtschaft gouf ausserdeem festgehalen, datt d'Versuergung mat Liewensmëttel muss sécher sin, an zwar mat Präisser déi fir de Consommateur raisonnabel sinn. Ausserdeem sollten déi Leit déi am Landwirtschaftssecteur schaffen en auskëmmlecht Liewen mat hirem Verdéngscht kënne féieren. Fir dat ze realiséieren gouf d'Agrarpolitik vergemeinsamt an et konnten gemeinsam Mesure geholl ginn wéi gesetzlech Preislimitten awer och Subventiounen, grad wéi Systemer fir Landwirtschaftsproduitë ze stockéieren (cf. Botterbierg). D'Landwirtschaft huet eng besonnesch Stellung kritt an deem Sënn datt allgemeng Konkurrenzreegele vum Traité nëmme ganz beschränkt applikabel waren.

Fir déi schaffend Bevëlkerung ass eng allgemeng Reesfräiheet agefouert ginn. Jiddereen konnt fir ze schaffen an all anert Land liewen goen, an ënnert Konditioune déi d'Kommissioun sollt ausschaffe dono och kënne an deem Land liewe bleiwen. Keen Employeur huet net méi dierfen eng Diskriminatioun op Grond vun der Nationalitéit innerhalb vun de Länner vun der EWG fir d'Ausschreiwung oder Besetzung vun enger Aarbechtsplaz virgesi. Den ëffentlëche Secteur war dovun ausgeholl. Am Kader vun de Sozialversécherungen gouf d'Commissioun chargéiert fir sécher ze stëllen datt Leit, déi migréieren fir ze schaffen, an hir Famill, Urecht op déi selwecht Leeschtungen hunn wéi di aner an notamment all Versécherungsperioden aus EWG-Länner géigesäiteg unerkannt ginn (virun allem fir d'Pensioun).

Weiderhi sinn Aschränkungen vun der Néierloossung fir Ressortissanten aus engem EWG-Land an engem aneren EWG-Land no a no ofgeschaf ginn (mat Iwwergangsperiod). Dat heescht et konnt ee vun do un fräi an engem anere Land eng Entreprise, eng Agence oder och eng Duechtergesellschaft grënnen. Fir d'Prestatioun vu Servicer huet dat selwecht gegollt (och hei mat enger Iwwergangsperiod), dat heescht industriell, kommerziell, handwierklech an selbstänneg Servicer konnten elo EWG-wäit ugebuede ginn. Et ass ëmgesat ginn andeems d'Commissioun entspriechend Mesure ausgeschafft huet déi dann hu misse vum Conseil unanime ugeholl ginn. Fir béides hu Länner net dierfen nei Restriktiounen aféieren.

Op eng analog Aart a Weis si Restriktioune fir d'Kapital ofgeschaf ginn. Well zu där Zäit déi verschidde Länner ënnerschiddlech Wärungen haten, sinn d'Staaten och verflicht ginn dofir ze suergen datt de Kaptilalverkéier net duerch deviserechtlech Restriktioune behënnert gëtt. Fir Kapital aus Drëttstaaten, ass d'Commissioun chargéiert ginn fir dem Conseil, deen et unanime ze beschléissen hat, Direktiven ze proposéieren déi e Maximum u Fräiheet aviséiert hunn. Wat den Transport betrëfft sinn och Restriktioune ofgeschaf a fir d'Zukunft verbuede ginn. Ausserdeem ass et verbuede ginn, fir fir e vergläichbaren Transportwee, ënnerschiddlech Präisser an Ofhängegkeet vum Land ze froen (awer nëmme fir Wueren).

Drëtten Deel: D'Politik vun der GemeinschaftÄnneren

Den drëtten Deel definéiert déi gemeinsam Politik vun de Länner. D'Zil vun der gemeinsamer Politik ass de fräie Verkéier vu Wueren ze erméiglechen ouni datt et zu gréisseren Instabilitéiten an de Länner kennt déi de gemeinsame Marché géifen a Gefor bréngen. Zu dem Zweck ass d'Commissioun ermächtegt ginn Direktiven auszeschaffen, déi vum Conseil unanime hu missen ugeholl ginn (d'Assemblée an e Conseil social konnten och consultéiert gin). Déi Direktiven hunn du misse vun de Länner ëmgesat ginn. De Problem datt et bei ongläicher Kompetitivitéit zu Ongläichgewiichter an de Paiementsbilanze géif kommen, gëtt sou geléist datt de Länner e Recht ageraumt gouf Mesuren ze huelen fir d'Ongläichgewiichter erëm z'equilibréieren (z. B. iwwer d'Devisepolitik) déi de gemeinsame Maart aschränken. D'Commissioun erdeelt allerdéngs de Staaten eng Autorisatioun fir sou Mesuren ze huelen. Doriwwer eraus ass och eng gemeinsam Sozialpolitik festgeluecht ginn, an eent vun den explizit ausformuléierten Ziler war d'Gläichheet vun der Remuneratioun fir Männer a Fraen fir eng identesch Aarbecht.

Véierten Deel: Associatioun vun den Iwwerséi-TerritoirenÄnneren

De véierten Deel behandelt alles wat d'Territoire ausserhalb vum Kontinent betrëfft, konkreet goung et hei virun allem em fréier Kolonien. Dësen Deel fixéiert Reegelungen fir eventuell Problemer déi doduerch entstinn well Wueren aus Drëttlänner iwwer déi Länner an d'EWG-Länner an onkontrolléierten Quantitéiten erakommen ze evitéieren.

Fenëften Deel: D'Institutiounen vun der GemeinschaftÄnneren

De fenëften Deel definéiert de Fonctionnement an d'Kompetenzen vun den nei geschafen Institutiounen wouvunner eng gutt Partie (nach haut) zu Lëtzebuerg sinn.

D'AssembléeÄnneren

D'Assemblée huet éischter eng consultativ Roll. Hir Membere sinn Delegéiert aus de Parlamenter aus den eenzele Länner. Méi grouss Länner schécke méi Memberen an d'Assemblée a méi kleng Länner manner, ouni datt et eng echt Proportionalitéit gouf.

De ConseilÄnneren

De Conseil ass dat Organ wat Decisioune kann huelen. Se besteet aus Regierungsvertrieder (all Land stellt ee Member), mee bei Decisioune ginn d'Stëmme ponderéiert (Lëtzebuerg: 1, Belge: 2, Holland: 2, Italien, Frankräich an Däitschland all 4). Eng gülteg Majoritéit ass bei 12 Stëmmen erreecht. Fir Decisioune déi net op Propositioun vun der Commissioun geholl gi mussen zousätzlech och nach 4 Länner dofir gestëmmt hunn. Et gëtt awer och Fäll wou d'Unanimitéit néideg ass, do spillt d'Ponderatioun da keng Roll.

D'CommissiounÄnneren

D'Commissioun huet engersäits d'Aufgab vun der Exekutiv vun der Gemeinschaft, dat heescht si setzt d'Politik déi de Conseil decidéiert an der Praxis ëm an iwwerwaacht hir Exekutioun. Anerersäits ass s'an deene Beräicher, déi vum Traité virgesi sinn (z. B. de gemeinsame Marché), chargéiert fir Direktiven a Reglementer auszeschaffen. D'Reglementer sinn an alle Länner direkt applikabel a vun de Memberstaaten direkt ze exekutéieren. Direktiven sinn net bis an den leschten Detail ausgeschafft, mä ginn den designéierten Staaten (meeschtens sinn et se alleguer) Virschrëften wat fir en Zil erreecht muss ginn. Am Allgemengfall heescht dat, datt d'Staaten musse Gesetzer beschléissen déi den Ziler vun der Direktive entspriechen.

D'Commissioun besteet aus néng Memberen déi wéinst hirer Kompetenz vun de Staaten "d'un commun accord" erausgesicht ginn.

De GeriichtshaffÄnneren

De Geriichtshaff ass d'Juridictioun déi zoustänneg ass fir d'Interpretatioun an d'Applikatioun vum Traité. Wann Staaten also Differenzen hunn bei der Interpretatioun vun Traité, dann tranchéiert de Geriichtshaff. Zousätzlech gëtt de Geriichtshaff déi héchsten Instanz fir all Geriichtsaffär an engem Memberstaat wou d'Interpretatioun vum Traité eng Roll spillt, dat heescht och do wou Privatpersounen oder Entreprise ennert sech oder géint de Staat kloen. D'national Geriichter déi iwwer esou Fäll tranchéiren kënnen de Geriichtshaff an esou Fäll saiséieren an déi héchstinstanzlech Geriichter mussen et esouguer. Zesummen mam Fait datt d'Commissioun, also e supranationaalt Organ, fir d'Anhalen vun dëser Reegelung chargéiert ginn ass, bedeit dëst eng Delegatioun vun engem Deel vun der nationaler Souveränitéit un d'Communautéit. D'Lëtzebuerger Konstitutioun huet dowéinst 1956 misse changéiert ginn. Dëst gelt am Nachhinein als de wichtegsten Punkt vum Traité. Dëst ass och e grousse Knackpunkt an den "Brexit-Verhandlungen", wou Groussbritannien verlaangt, datt fir de Nofolgevertrag deen de Statut vun EU-Bierger an Groussbritannien reegelt, Sträitfäll virun hire nationale Geriichter verhandelt ginn an net beim Europäesche Geriichtshaff.

De Geriichtshaff kritt säi Sëtz zu Lëtzebuerg.

Sechsten Deel: Generell a final DipositiounenÄnneren

De sechsten Deel enthält e puer weider wichteg Dispositiounen. Sou kritt d'Gemeinschaft hei d'Personalité juridique zougesprach (déi et hir z. B. erlaabt Gebaier ze besëtzen). Des Weidere verflichte sech d'Länner dozou ënnereneen Ofkommesse fir d'Ofschafe vun duebeler Besteierung ze schléisse wann dat nach net de Fall ass. Et mussen och Ofkommesse geschloss ginn déi d'Unerkennung vun der Personnalité juridique garantéiert (dat heescht eng Privatpersoun där eng Firma gehéiert ka fir Aktivitéiten vun der Firma an engem anere EWG-Staat nëmmen esou wäit haftbar gemaach ginn, wéi et an deem Land wou d'Firma hierkënnt virgesinn ass). Den Ofschloss vum Traité war op onbegrenzt Dauer.

Ziler vun de CommunautéitenÄnneren

EuratomÄnneren

  • sécher an efficace Atomenergie
  • Viruginn vu wichtegem Know-how
  • friddleche Gebrauch
  • gemeinsam Fuerschung an Entwécklung
  • gemeinsam Démarchen,fir Leeschtungen ze verwierklechen
  • Moderniséierung; Zougank zu de beschten technesche Moyenen
  • Sécherheetsnormen
  • gemeinsame Maart fir d'Matièrën, déi gebraucht ginn

EWGÄnneren

  • Sécherung vum sozialen a wirtschaftleche Fortschrëtt
  • Ofschafe vu Barrièren; Ofschafe vun den Douanes-Taxn
  • Besserung vun de Liewens- a Beschäftegungsbestëmmungen
  • kontinuéirlecht Ausbreede vun der Wirtschaft, équilibréierten Handelsverkéier, gerecht Konkurrenz
  • gemeinsame Handels-, Landwirtschafts- a Verkéierspolitik
  • Erhale vu Fridden a Fräiheet
  • méi grouss Stabilitéit, méi enk Bezéiungen tëscht de Staaten
  • fräi Zirkulatioun vu Persounen, Déngschtleeschtungen, Kapital, a Wueren
  • Upasse vun de Rechtsvirschrëfte vun den eenzele Memberstaaten
  • bannenzeg a baussenzeg finanziell Stabilitéit.

D'Openeen-Zougoe vun de Wirtschaftspolitiken (Ugläiche vun de Steieren, Ëmweltschutz-Contrainten, Chômage, Mindestléin,...) solltebannent 12 Joer schrëttweis duerchgefouert ginn.

ReferenzenÄnneren

  1. [1] Intégralen Text vum Traité op Franséisch.

Um SpaweckÄnneren

  Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun.