Kierchbierg

Ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg
Dësen Artikel beschäftegt sech mat mam Stater Quartier. Fir de Rëmelenger Flouernumm, kuckt wgl. Kierchbierg (Rëmeleng).

De Kierchbierg ass ee vun de 24 offizielle Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg a läit am Nordoste vun der Haaptstad. En ass mam Rescht vun der Stad haaptsächlech duerch d'Rout Bréck verbonnen.

Kierchbierg
Vue op de Kierchbierg
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Kirchberg
de: Kirchberg
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Buergermeeschter Lydie Polfer (DP)
Awunner 8.746
  31.12.2022
Fläch 336,82 ha
Héicht 368,3 m
Koordinaten 49° 37’ 39’’ N
      06° 08’ 44’’ O
ronderëm d'Uni Lëtzebuerg

Geographie änneren

De Kierchbierg ass 336,82 Hektar grouss a läit op enger Héicht tëscht 267,7 an 368,3 m. E grenzt am Norden u Weimeschkierch an dann, am Sënn vun der Auer, un d'Gemeng Nidderaanwen an d'Quartiere Neiduerf/Weimeschhaff, Clausen, Pafendall an Eech.

Geschicht änneren

Mam Gemengerecht vun 1796 gouf de Kierchbierg en Deel vun der Gemeng Eech.

Den 1. Juli 1920 (Gesetz vum 30. Juni 1920) huet d'Gemeng Eech, zu där och de Kierchbierg gehéiert huet, mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert[1].

Den ale Kierchbierg änneren

Vum Kierchbierg ass ni vill geschwat ginn, e louch e bësse vun allem aneren ewech. Et war eng Uertschaft, wou bal kee sech hi veriert huet, wou Bauere gelieft hunn, déi haaptsächlech Gromperen a Kabes ugebaut hunn.

Wéi d'Neiduerf nach keng eege Par war an zur Par Weimeschkierch gehéiert huet, sinn d'Awunner vum Neiduerf aus iwwer de Bierg op Weimeschkierch an d'Kierch gaangen a sou krut de Bierg säin Numm.

D'Kierch um Kierchbierg ass 1875 gebaut ginn.

Bis an d'1960er Jore gouf et just déi al Uertschaft déi op dem nërdleche Virspronk vum Plateau, tëscht dem Mäertesgronn an dem Sichegronn.

Um westleche Plateau vum alen Duerf, um Flouer Schëttermarjal, gouf an de Joren 1969 - 1972 den éischten Urbaniséierungsplang entworf an duerno vum Grupp Willy Hein gebaut. 1980 ass d'Joseph-Bech-Bréck opgaangen, déi zanterhier den ale mam neie Kierchbierg op engem méi kuerze Wee verbënnt.

Am Juli 2016, no der Virstellung vum neie Bebauungsplang (PAG) vun der Stad Lëtzebuerg, gouf et eng Poleemik, well deem Plang no en zousätzlecht Lotissement op Schëttermarjal virgesinn ass. No engem Recours huet d'Verwaltungsgeriicht de PAG vun der Stad annuléiert, en Urteel dat am Mee 2021 vun der Cour administrative confirméiert gouf.

Den neie Kierchbierg änneren

De Plateau vum Kierchbierg huet eréischt an den 1960er Joren ugefaange sech richteg z'entwéckelen. Um südëstleche Virspronk tëscht dem Sichegronn oder dem haitege Boulevard Konrad Adenauer an der Rue des Muguets um Weimeschhaff ware just Wisen a Stécker. No engem Gesetz vun 1961, duerch dat de Fonds d'urbanisation et d'aménagement du plateau de Kirchberg gegrënnt gouf[2], huet de Lëtzebuerger Staat 350 ha um Plateau requisitionéiert; d'Baueren an d'Gäertner kruten 330.000 Lëtzebuerger Frang pro Hektar. Zil war et, d'Gebaier vun den europäeschen Institutioune vu Lëtzebuerg do opzeriichten. Sou sinn no an no d'Gebaier vum Europäesche Geriichtshaff, der Cour des comptes, dem Generalsekretariat vum Europaparlament, der Europäescher Investitiounsbank, der Europaschoul, asw. gebaut ginn.

Et gouf alt kritiséiert, de Staat hätt ze vill expropriéiert, an och däitlech ënner dem Wäert; de Méiwäert, deen de Fonds beim Weiderverkaf vun den Terraine gemaach huet, gouf ë. a. fir de Bau vun der Rouder Bréck gebraucht.

1975 huet d'SNHBM hiren éischte Wunnengsbauprojet um Kierchbierg virgestallt. Op 25 ha goufen am « Domaine du Kiem » um nordëstleche Wupp vum Quartier an enger éischter Phas fënnef Residence mat jo 12 Stäck a 14 Haiser mat 4-6 Stäck gebaut. Derbäi koumen och 169 Eefamilljenhaiser grad ewéi eng Schoul, Spillplazen a Sportinfrastrukturen[3]. Bis haut gouf de Wunnquartier ëmmer nees vergréissert[4].

Enn vun den 1980er Joren huet de Kierchbierg sech och fir aner Aktivitéiten opgemaach an et ass do neie Wunnraum, eng nei Geschäftswelt (Assurancen, Banken, de Sëtz vun der RTL Group) an nei Fräizäitariichtungen (d'Olympesch Piscine an der Coque, de Kino Utopolis (haut: Kinepolis), d'Philharmonie, de Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean, asw.) entstanen.

Gläichzäiteg gouf d'Autobunn A1 zu engem Stadboulevard, der Avenue John F. Kennedy, zeréckgebaut. Dës Aarbechten hu vum Enn vun den 1990er Jore bis ëm 2013 gedauert, wéi an der leschter Phas tëscht der Neier Bréck an der Place de l'Europe den Dall vun der Champangshiel mat 140.000 Kubikmeeter Gestengs, dat beim Bau vum Tunnel Grouft uegefall war, opgefëllt gouf, fir e Kräizungsuschloss mam Boulevard Konrad-Adenauer ze schafen. 2016-17 goufen d'Gleiser vum Tram geluecht, deen an der ganzer Längt iwwer d'Avenue Kennedy fiert.[5]

Vun 1994 u gouf en Arboretum ageriicht, den Arboretum Kierchbierg, dee sech op dräi nei ugeluecht Parken um Kierchbierg opdeelt: Parc central, Park Réimerwee, Park Klosegrënnchen.

Um Kierchbierg hunn 2005 20.500 Leit geschafft, a knapps 2.000 hunn der do gewunnt.

Zukünfteg Entwécklung änneren

De Fonds de Kirchberg realiséiert an den nächste Joren nach weider Urbaniséierungspläng, absënns um Kuebebierg, op Laangfur, grad wéi d'Projete Gréngewald West an JFK Süd. Ausserdeem soll an de Quartiere Kuebebierg a Laangfuer eng weider Linn vum Tram fueren.

Awunner änneren

Op den 31.12.2022 hunn um Kierchbierg 8.746 Leit gewunnt. Den Undeel vun de Lëtzebuerger louch bei 26,15 % géintiwwer 73,85 % Auslänner[6].

Kierchbierger no Nationalitéit (31.12.2022)
Rang Nationalitéit Awunner Prozent
TOTAL 8 746 100,00
1   Lëtzebuerg 2 287 26,15
2   Frankräich 913 10,44
3   Portugal 557 6,37
4   Spuenien 526 6,01
5   Italien 514 5,88
6   Belsch 483 5,52
7   Däitschland 319 3,65
8   Rumänien 308 3,52
9   Polen 207 2,37
10   Griicheland 195 2,23
Top 10 6 309 72,14
Aner Nationalitéiten 2 437 27,86

Literatur änneren

Fotoen änneren

Kuckt och änneren

Literatur änneren

  • Fernand Théato, 2006, Den (ale) Kierchbierg an: Kräiz a quier duerch d'Stad an d'Gemeng Lëtzebuerg, Chorale Sang & Klang. S. 66-68
  • Fernand Théato, 2006, Kabesfelder a Gromperestécker? De Kierchbierger Plateau an: Kräiz a quier duerch d'Stad an d'Gemeng Lëtzebuerg, Chorale Sang & Klang. S. 69-73
  • Fernand Théato, 2006, Den Nuebel vun Europa ass de Neie Kierchbierg an: Kräiz a quier duerch d'Stad an d'Gemeng Lëtzebuerg, Chorale Sang & Klang. S. 74-77

Um Spaweck änneren

Commons: Kierchbierg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Loi du 30 juin 1920 concernant la réunion de la commune d'Eich à la ville de Luxembourg op legilux.lu (gekuckt den 10. Februar 2018)
  2. Loi du 7 août 1961 relative à la création d'un fonds d'urbanisation et d'aménagement du plateau de Kirchberg. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-29.
  3. j.m.m., Kirchberger Luftschlösser Domaine du Kiem: ehrgeiziges Siedlungsprojekt statt sozialem Wohnungsbau?. viewer.eluxemburgensia.lu (24.01.1975). Gekuckt de(n) 29.05.2021.
  4. Kirchberg - Domaine du Kiem. SNHBM. Gekuckt de(n) 2021-05-29.
  5. Josée Hansen: "Redessiner la topographie: D’ici 2013, le Fonds Kirchberg remblaie l’entrée au plateau et prépare définitivement l’axe central à l’arrivée du tram. L’aspect du quartier se densifie et devient de plus en plus urbain." land.lu, 19.08.2010.
  6. État de la population 2017 - Statistiques sur la population de la Ville de Luxembourg op vdl.lu, der Websäit vun der Stad Lëtzebuerg (gekuckt den 8. Februar 2018)