Bockfiels

Fiels an der Stad Lëtzebuerg

De Bockfiels dacks einfach um Bock genannt ass e ronn 500 Meter laangen a 50-80 Meter breede Fiels am Weste vu Clausen, an der Stad Lëtzebuerg, ëstlech vum Fëschmaart. E stéisst op dräi Säiten un den Uelzechtdall, deen eng ronn 40 Meter méi déif läit. D'Héicht vum Fiels variéiert tëscht 285 an 260 Meter. Vum Fëschmaart aus kënnt een duerch d'Méchelstrooss an dann iwwer d'Schlassbréck dohin. Iwwer de Bock féiert d'N1 (Clausener Bierg) a queesch derzou d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen.

Bockfiels
De Bockfiels mat der Rouder Bréck am Hannergrond
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier(en) Clausen
Koordinaten 49°36'42,62"N, 6°8'13,10"O
Hypothes um Stand vun 1895 wéi d'Buerg am fréie 15.Jh. hätt kënnen ausgesinn hunn
Deelweis rekonstruéiert Buerg um Bock
De Bockfiels 1867

Geschicht änneren

De réimesche Keeser Gallienus soll do am 3. Joerhonnert zum Schutz géint d'Franken, Alemannen a Sueben e Kastell baue gelooss hunn.

Am Joer 963 hat dunn de Grof Siegfried mat der Abtei Sankt Maximin vun Tréier en Tosch gemaach, andeems hie Lännereien zu Feelen ofginn huet, an dofir de Bockfiels mam réimesche Kastell Lucilinburhuc krut. Hien huet méi spéit niewendrun eng nei Buerg baue gelooss.

Dem Siegfried säi Choix fir seng Buerg do bauen ze loosse war gutt iwwerluecht. Deemools bestoung an Europa eng gewëssen Onsécherheet duerch d'Gefor vu Privatkricher, dem Risk vum Muechtverloscht vun de Karolenger oder der Invasioun vun den Normannen oder Ungarn. Am Fall vun engem Ugrëff huet déi isoléiert Lag um Bock et erlaabt, sech géint eng Attack mat Belagerungsinstrumenter zeréckzezéien. Doriwwer eraus konnt ee vum Bock aus och déi zwéi fréier Kiemen (Reims - Tréier a Metz - Éislek) déi sech um Fëschmaart gekräizt hunn, gutt iwwerwaachen[1].

An der Ausernanersetzung tëscht dem Keeser Karl V. an dem franséische Kinnek François I. 1542 bis 1544 gouf d'Buerg beschiedegt oder souguer zerstéiert, entweeder duerch d'Fransousen oder duerch de Karl V. selwer aus strategesche Grënn[2]. 1549 wieren dann ënner der Leedung vum Martin van Rossum, Marschall vu Geldern, d'Iwwerreschter ewechgeholl gi fir eng besser Befestegung dohinzesetzen[3]. Eng aner Source dogéint seet, d'Buerg wier 1542-1544 just liicht beschiedegt an duerno nees ausgebessert ginn, sou datt se och 1549 an duerno nach bestanen hätt, an eréischt méi spéit bis d'éischt Hallschent um 17. Joerhonnert lues a lues verfall wier[4].

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Buerg Lëtzebuerg.

An de 1640er Joren, ënner de Spuenier, huet de Schwäizer Ingenieur Isaac von Treybach de Bockfiels mat dräi Forte befestege gelooss, wouduerch kaum méi eppes vun der Buerg iwwereg blouf. Déi Befestegungen haten awer och kee laangt Bestoen, si goufe 1684 bei der Belagerung vun der Festung vum Louis XIV. sengen Truppe komplett zerstéiert. De Vauban huet d'strategesch Bedeitung vum Bock erkannt an e beim Erëmopbau zur Haaptkomponent vun der neier Festung gemaach.

Bei déi iwwerierdesch Befestegunge koumen och nach Kasematten derbäi. 1644 vun de Spuenier op Basis vun de mëttelalterleche Kelleren ugefaangen, vum Vauban opgewäert, goufe se 1744 an der Éisträicher Zäit vum Generol Neipperg ausgebaut fir 25 Kanounen an eng Garnisoun vun e puer honnert Zaldoten.

Nom Londoner Vertrag vun 1867 hunn d'Befestegungen um Bock misse geschleeft an d'Kanounelächer op déi haiteg Gréisst opgebrach ginn. Den Huelen Zant gouf iwwerierdesch preservéiert, an zanter 1933 sinn och d'Bockkasematte fir de Public zougänglech.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Bockfiels – Biller, Videoen oder Audiodateien

Fotosalbum änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Savin, C., & Luxembourg Service des sites et monuments nationaux. (2007). « Luxembourg, histoire et mémoire d'une ville fortifiée. » - 2. Le château féodal du Xe siècle, S. 10.
  2. Am Anfang stand die Lützelburg, Luxemburger Wort vum 23. Abrëll 1941, S. 4
  3. Paul Margue, Wallmauern, Plattformen und Bollwerke, in: Hémecht, 1993, Heft 1, S. 43
  4. Wann verschwand das Schloß auf dem Bockfelsen?, Luxemburger Wort vum 9. Juli 1942, S. 4