Félix Thyes

lëtzebuergesche Schrëftsteller

De Félix Thyes, gebuer den 19. Januar 1830 zu Lëtzebuerg a gestuerwen den 8. Mee 1855 zu Bréissel, war e lëtzebuergesche Schrëftsteller a franséischer Sprooch.

Félix Thyes
Gebuer 19. Januar 1830
Lëtzebuerg
Gestuerwen 8. Mee 1855
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Schrëftsteller, Literaturkritiker
D'Haus zu Lëntgen (34, rue Principale) an deem de Félix Thyes gewunnt huet.[1] Et gouf am Juli 2014 ofgerappt.[2]

Säi Papp hat an dem Napoleon senger Arméi a Russland gekämpft. Hien huet zu Rolleng, Virton, Arel a Lëntgen gewunnt. No dem Kolléisch, wou hien duerch heefegt Feelen opfgefall ass, goung de Félix Thyes op Bréissel op d'Uni Droit studéieren. Hie gouf de Frënd vum Charles De Coster, dem Auteur vum La légende d'Ulenspiegel.

Säi Liewe laang huet hien ënner enger schwaacher Gesondheet gelidden; vum Alter vun zwee Joer un hat den Thyes ee Bee geläämt, an hie konnt nëmme mat Hëllef vun enger Krätsch goen.[3]. Spéider ass hien un enger Longentuberkulos krank ginn, wourunner hien 1855 gestuerwen ass.[4]

Säi Roman Marc Bruno, Profil d'artiste, dee kuerz no sengem Doud erauskoum, war deen éischte franséischsproochege Roman vun engem Lëtzebuerger.

De Félix Thyes huet mat senger Famill an engem Haus zu Lëntgen gewunnt, dat 2014 ofgerappt gouf.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Thyes-Haus zu Lëntgen.

Wierker änneren

  • Essai sur la Poésie luxembourgeoise. Revue trimestrielle, Bruxelles 1854.
  • Marc Bruno, Profil d'artiste. Edition Princeps Bruxelles, 1855. Nodréck: 1920 an: d'Natioun, feuilleton littéraire; 1930 an: Edition du Centenaire, Linden et Hansen; 1990 an der Serie Lëtzebuerger Bibliothéik, présentéiert an annotéiert vum Frank Wilhelm.

Quellen änneren

  • Bruno, M., 1990. Éditions du Centre d'études de la Littérature luxembourgeoise, Luxembourg.
  • Gérard, M., 1960. Anthologie française du Luxembourg.
  • Wilhelm, F., 2013. Félix Thyes, Lintgenois d'adoption, et la vallée de Mersch. nos cahiers 2013 3/4, Kanton Mersch, S. 337-364.

Um Spaweck änneren

Commons: Félix Thyes – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Andonovic, V., 2014. Stein(e) des Anstoßes. Das Fallbeispiel des Thyes-Hauses in Lintgen verdeutlicht, wie vielschichtig die Problematik des Denkmalschutzes heutzutage ist. Luxemburger Wort vum 18. Juni 2014, S. 2-3.
  2. "Haus Thyes: Die Bagger rollen an." wort.lu, 2. Juli 2014, 13:10.
  3. D'Symptomer, sou wéi de Félix Thyes se a senge Bréiwer beschriwwen huet, goufe spéider op d'Kannerlähmung (Polioméylite) zeréckgefouert. Cf. F. Wilhelm 2013, S. 339.
  4. F. Wilhelm, 2013, S. 339.