E Verkéierswarnschëld ass eng vertikal Signalisatioun am Stroosseverkéier, fir op Geforen, Schantercher oder aner méiglech Geforepunkten opmierksam ze maachen.

██  ██  ██  ██  ██  ()

An Europa, bal iwwerall an Afrika an am groussen Deel vun Asien sinn et bal ëmmer Dräiecke mat der Spëtzt no uewen, mat engem roude Bord a bannendran engem Piktogramm op wäissem (heiansdo gielem) Fong. Déi heefegst aner Form, déi virun allem um amerikanesche Kontinent virkënnt, ass e giele Quadrat, deen op der Spëtzt steet. D'Kaart hei niewendru weist déi geographesch Verdeelung vun de Varianten.

Zu Lëtzebuerg

änneren

Am Texte coordonné vum Lëtzebuerger Code de la Route, deen an engem Arrêté grand-ducal vum 23. November 1955[1] an duerno e puermol geännert gouf, sinn d'Warnschëlter am Kapitel V Voie publique, an der Sektioun IV De la signalisation routière ënner der Rubrik I. SIGNAUX D'AVERTISSEMENT DE DANGER beschriwwen.

Lëscht vun de Verkéierswarnschëlter

änneren
Bedeitung Bezeechnung(en) Bemierkung
1 Geféierlech Kéier oder geféierlech Kéieren Schëld A, 1a - Schëld A, 1b
2 Geféierlech Pente Schëld A, 2
3 Staark Steigung Schëld A, 3
4 Schmuel Strooss Schëld A, 4a - Schëld A, 4b
fréiert Schëld: Beweeglech Bréck Schëld A, 5 Dëst Schëld gëtt et zanter 2012 net méi am Lëtzebuerger Code de la route
5 Quai oder Uwänner vun engem Floss Schëld A, 6
6 Onreegelméissege Profil Schëld A, 7a - Schëld A, 7b - Schëld A, 7c
7 Glëtscheg Fuerbunn Schëld A, 8
8 Projektioune vu Waken Schëld A, 9
9 Steeschlag Schëld A, 10
10 Foussgängeriwwergank Schëld A, 11a
11 Iwwergank fir Foussgänger a Vëlosfuerer Schëld A, 11b
12 Debouché vu Foussgänger a Vëlosfuerer Schëld A, 12 - Schëld A, 12a - Schëld A, 12b
12bis Debouché vu Reider Schëld A, 12c
13 Kanner Schëld A, 13
14 Passage vun Déieren Schëld A, 14 - Schëld A, 14a
15 Schantjen Schëld A, 15
16 Verkéiersluucht Schëld A, 16a
17 Reduzéiert Siicht Schëld A, 17
fréiert Schëld: Fluchhafen Schëld A, 17 Dëst Schëld gëtt et zanter 2012 net méi am Lëtzebuerger Code de la route
18 Säitewand Schëld A, 18
19 Verkéier an zwou Richtungen Schëld A, 19
20 Stau Schëld A, 20a
21 Fuerbunn blockéiert Schëld A, 20b
22 Aner Geforen Schëld A, 21
23 Kräizung mat enger oder méi Stroossen ouni Virfaart Schëld A, 22a - Schëld A, 22b - Schëld A, 22c
24 Kräizung mat Rietsvirfaart Schëld A, 23
25 Rond-point Schëld A, 24
26 Gleisiwwergank mat Barriären Schëld A, 25
27 Gleisiwwergank ouni Barriären Schëld A, 26
28 Distanzschëlter bis bei de Gleisiwwergank Schëld A, 27a - Schëld A, 27b - Schëld A, 27c
29 Tramsgleis Schëld A, 28
30 Virwarnung fir eng Bushalt Schëld A, 29

Technesch Donnéeën

änneren

D'Verkéierswarnschëlter sinn Dräiecke, mat enger Spëtzt no uewen. De Bord vum Dräieck ass rout, den Hannergrond ass wäiss an d'Symboler oder d'Opschrëfte si schwaarz. Op de variabele Verkéiersschëlter kënnen d'Symboler oder d'Opschrëfte hell op däischterem Hannergrond sinn, absënns wann et technesch néideg ass oder fir datt ee se besser liese kann.

An den Uertschaften muss d'Säitelängt vun de Verkéierswarnschëlter op d'mannst 600 mm laang sinn, baussent den Uertschaften op d'mannst 900 mm an op den Autobunnen op d'mannst 1.250 mm.

Opstelle vun de Schëlter

änneren

Gemenkerhand ginn d'Schëlter op der rietser Säit an der Fuerrichtung a baussent der Fuerbunn opgeriicht. Am Kader vun enger Schantje kënne verschidde Schëlter op der Fuerbunn selwer opgestallt ginn.

D'Verkéierswarnschëlter ginn am Allgemenge baussent den Uertschafte vun der Bauverwaltung a bannent den Uertschafte vun der jeeweileger Gemengeverwaltung opgestallt. Am Kader vun engem Schantjen, ass deen, deen de Schantjen organiséiert, responsabel fir d'Verkéierswarnschëlter opzestellen.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Verkéierswarnschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. Artikel 107 – I. Signaux d'avertissement et de danger aus dem Arrêté grand-ducal du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques mat Ännerungen duerno, op Legilux - dem Droitsportal vun der Lëtzebuerger Regierung; fir d'lescht gekuckt den 1. Abrëll 2018.