E Pseudonym (Griichesch ψευδώνυμο, pseudónimo - wuertwiertlech de Falschnumm vu ψεύδος, pséudos - "d'Ligen" an όνομα, ónoma - "den Numm") ass en erfonnten Numm, dee besonnesch vu Kënschtler a Schrëftsteller benotzt gëtt, fir hir richteg Identitéit ze verstoppen.

Et gëtt verschidde Grënn, firwat ee sech e Pseudonym zouleet: D'Angscht viru Verfollgung oder Skandaler spillt geneesou eng Roll wéi de Wonsch no Individualitéit an Originalitéit.

Sou kann een en Allerweltsnumm méi "intressant" klénge loossen, (Gustav Meyer --> Gustav Meyrink) oder awer e komplizéierten oder een ze laangen Numm verkierzen (Nikolaus Günther Nakszynski --> Klaus Kinski). Et gëtt der, déi zäit hires Liewes ënner hirem Pseudonym schaffen, anerer änneren hiren Numm just fir eng bestëmmt Schafensperiod oder fir besonnesch Wierker (déi z. B. "aus der Rei" fale vun deem, wat se soss geschaf hunn), z. B. Agatha Christie --> Mary Westmacott; Stephen King --> Richard Bachman).

Vill Pseudonymme si fräi erfonnt. Heiansdo gëtt awer aus de Buschtawe vum Numm en Anagramm gemaach (z. B. François Rabelais --> Alcofrybas Nasier oder Christian Anton Mayer --> Carl Amery). Och Ananyme si méiglech, bei deenen de richtegen Numm hannevir gelies erëmgi gëtt (z. B. Kurt W. Marek alias C. W. Ceram).

Munnechmol verstoppe sech Fraen hanner Männernimm, dat nennt ee Pseudoandronym (z. B. Karen Blixen --> Isak Dinesen) oder ëmgedréit Männer hanner engem Fraennumm, engem Pseudogynym (z. B. Prosper Mérimée --> Clara Gazul).

Da gëtt et och Traduktionymen: d'Iwwersetzung vum richtegen Numm an eng aner Sprooch (z. B. Ton Koopman --> Antoine Marchand oder Frank Wilhelm --> François Guillaume). Am Mëttelalter an an der fréier Neizäit war gebräichlech, Nimm ze latiniséieren (Müller --> Molitor, Fischer --> Pescator) well an de Geléiertekreesser d'Latäin d'international Kommunikatiounssprooch war.

Bei engem Aristonym, gëtt ee sech en Adelstitel, bei engem Hagionym', den Numm vun engem Hellegen (z. B. Halldor Kiljan Laxness). En Allonym, baséiert um Numm vun enger bekannter Perséinlechkeet (z. B. beim Pablo Neruda, dee sech nom Jan Neruda genannt huet, oder dem Lucien Koenig, deen ënner dem Numm "Siggy vu Lëtzebuerg" geschriwwen huet), an e Geonym um Numm vun enger Uertschaft(z. B.: Stendhal).

Eng besonnesch Form sinn d'Sammelpseudonymmen: an deem Fall sinn et méi Persounen, déi hanner engem erfonntenen Numm stinn. Dëst ass z. B. bei Verlagen, déi Trivialliteratur a Form vun Heftercher erausginn, de Fall.

Eng aner Form vun alternativen Nimm sinn d'Spëtznimm an d'Benotzernimm, wéi s'am Internet gebräichlech sinn, ë. a. och op der Wikipedia.

Kuckt och änneren