Péiter Ernest I. vu Mansfeld

Gouverneur vun den Nidderlanden, vu Bréissel a Lëtzebuerg

De Péiter Ernest I. vu Mansfeld-Vorderort, gebuer den 12. August 1517 am Schlass Heldrungen bannent der Festung mam selwechten Numm a Sachsen (Mansfelder Land), a gestuerwen de 25. Mee 1604[1] a Clausen, war Feldmarschall an der spuenescher Arméi a Gouverneur vun der spuenescher Kroun an den Nidderlanden, zu Bréissel an zu Lëtzebuerg.

Péiter Ernest I. vu Mansfeld
Portrait no sengem Doud (tëscht 1575 a 1600)
Gebuer 12. August 1517
Heldrungen
Gestuerwen 25. Mee 1604
Lëtzebuerg
Nationalitéit Hellegt Réimescht Räich vun Däitscher Natioun
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Militär, Aristokrat
Famill
Kanner Karl von Mansfeld

Säi Liewen änneren

 
De Péiter Ernest I. vu Mansfeld op enger Gravure aus dem 17. Joerhonnert
 
Plack zur Erënnerung un de P. E. vu Mansfeld op der Nordfassad vum groussherzogleche Palais an der Stad Lëtzebuerg.[2]

De Mansfeld war dat 13. Kand vum Ernest II. vu Mansfeld-Vorderort an deem senger zweeter Fra Dorothea Gräfin vu Solms. Hie koum mat 14 Joer un den éisträichesche Kinnekshaff, deen e 4 Joer drop verlooss huet, fir mam Keeser Karel V. un der Befreiung vun Tunis deelzehuelen. Och duerno ass en an der Arméi bliwwen, an en huet do séier Carrière gemaach. Hie gouf Gouverneur vun der spuenescher Kroun zu Lëtzebuerg (1545-1604), an den Nidderlanden (1590-1594) an zu Bréissel (1566).

Am Krich géint Frankräich gouf en 1552 als Feldherr vu Kinnek Philippe II. gefaange geholl a gouf eréischt fënnef Joer méi spéit, géint en héicht Léisegeld, entlooss.

Schonn 1545 hat de Philippe II. hien zum Ritter vum Gëllene Vlis geschloen, a 1572 gouf en zum Feldmarschall vun de spueneschen Arméien an den Nidderlanden ernannt.

1572 huet hien an der Stad Lëtzebuerg en neit Stadhaus, als Sëtz vum Gouverneur, baue gelooss, wat haut de Groussherzogleche Palais ass.

De 4. Mäerz 1594 huet de Keeser Rudolf II. en zum Reichsfürst vum Hellege Réimesche Räich vun Däitscher Natioun ernannt. De Mansfeld huet sech 1597, mat 80 Joer vun allen ëffentlechen Ämter zeréckgezunn, an ass de 25. Mee 1604 a Clausen gestuerwen.

De Péiter Ernest vu Mansfeld huet sech och als Konschtsammler en Numm gemaach. D'antik Konschtgéigestänn an Tableauen, déi en a sengem Clausener Schlass La Fontaine zesummegedroen hat, huet en testamentaresch dem Philippe III. vu Spuenien vermaach. De Palais, vun deem haut bis op eng Entréespaart näischt méi erhalen ass, huet d'spuenesch Prinzessin Isabella geierft. Seng eege Kanner awer hunn näischt kritt.

Famill änneren

De Mansfeld war op d'mannst dräimol bestuet. Seng éischt Fra war d'Margaretha vu Brederode († 1556). No hirem Doud huet hie sech 1562 mat der Marie vu Montmorency bestuet, déi 1570 gestuerwen ass. En drëtt Bestietnes mat der Claire vu Châlon koum no. D'Historiker si sech net eens iwwer eng véiert Bezéiung, vläicht mat der Anna vun Eyken oder der Anna vu Bentzrath. Sécher ass just, datt doraus de Péiter Ernest II. vu Mansfeld ervirgaangen ass, de spéider am Drëssegjärege Krich engagéiert war.

De Mansfeld hat eng gutt Dose Kanner, iwwer déi et hautdesdaags bal oder guer keng Erkenntnesser gëtt:

  • Friedrich II.
  • Carl II. (Grënnungsmember vun der protestantescher Geusenunioun)
  • Polyxena
  • Dorothea
  • Péiter Ernest II. vu Mansfeld
  • Philipp Octavian
  • Philipp (net sécher)
  • Antonius
  • Ernst (d. J.)
  • Carl (d. J.) (net als e Kand aus engem Bestietnes unerkannt)
  • Anna
  • Philipp (net aus engem Bestietnes, mä unerkannt)
  • Renaud
  • Christina.

Literatur änneren

  • Reiter, B., 2021. La mort «héroïque» d'un entrepreneur de guerre. Ernst de Mansfeld (1850-1926): Légende, art, culture populaire et propagande nazie. Die Warte 33|2704 vum 25. November 2021, S. 4-6.
  • Courtoy, J., 2017. Luxemburgischer Attila – Ernst II. von Mansfeld oder die dramatischen Folgen einer lieblosen und von körperlichen Misshandlungen geprägten Kindheit. Die Warte 35|2564, 14. Dezember 2017, S. 2-4.
  • Courtoy, J., 2017. Der Erbvertrag von Peter-Ernst von Mansfeld mit den Grafen von Mansfeld-Vorderort zu Gunsten von Marie de Montmorency. Hémecht 69|2, S. 189-204.
  • Haag, E., 2011. Pierre-Ernest de Mansfeld, *1517 -1604, gouverneur de Luxembourg In: Une réussite originale – Le Luxembourg au fil des siècles. Luxembourg, Éditions Guy Binsfeld, S. 166-179.
  • Henrard, P., 1894. Mansfelt (Pierre-Ernest, comte de). In: Biographie nationale de Belgique. T. XIII. Bruxelles: Bruylant-Christophe & Cie, coll. 382-394. PDF
  • Jankowski, G., 2005. Mansfeld: Gebiet – Geschlecht – Geschichte : zur Familiengeschichte der Grafen von Mansfeld. Association luxembourgeoise de généalogie et d'héraldique, Luxembourg: Impr. Centrale, 464 p. ISBN 3-89890-079-7
  • Jannsens, G., 2004. Le Comte Pierre Ernest de Mansfeld, loyal serviteur de Charles V. et de Philippe II. et la guerre aux Pays-Bas. Hémecht, Zeitschrift für Luxemburger Geschichte 2004 (4), S. 379-388. PDF
  • Lascombes, F., 1976. Chronik der Stadt Luxemburg : 1444-1684. Luxemburg, Sankt-Paulus-Druckerei, 869 S.
  • Martens, P., 2007. Pierre-Ernst de Mansfeld (1517 - 1604) : chronologie. In: Pierre-Ernest de Mansfeld (1517 - 1604) : un prince de la Renaissance : II: Essais et catalogue. Luxembourg : Musée national d'histoire et d'art. Publications du Musée national d'histoire et d'art Luxembourg, S. 21-28. PDF
  • Massard, J.A., 2007. Damvillers, Mansfeld und Sohn: Ambroise Paré, der Vater der Chirurgie, und Luxemburg. Lëtzebuerger Journal 2007-04-17, Nr. 74, S. 11-12.
  • Massarette, Joseph, 1930. La vie martiale et fastueuse de Pierre-Ernest de Mansfeld (1517-1604). Paris, Ed. Duchartre, XII; 272, 309 p. (2 tomes).
  • Mousset, J. L. & De Jonge, K. (dir.), 2007. Pierre-Ernest de Mansfeld (1517-1604) : un prince de la Renaissance. Luxembourg, Musée national d'histoire et d'art. Vol. I : Le château et les collections: sources d'archives (291 p.) ; vol. II : Essais et catalogue (609 p.).
  • Neyen, A., 1860. Biographie Luxembourgeoise. Histoire des hommes distingués originaires de ce pays considéré à l'époque de sa plus grande étendue ou qui se sont rendus remarquables pendant le séjour qu'ils y ont fait. Tome 1. Luxembourg, P. Bruck, 480 p. [1]
  • Reiter, Benoît, 2017. Le séjour de Pierre-Ernest de Mansfeld en Espagne. Die Warte 17|2546, 1. Juni 2017, S. 8-10.
  • Seidel, R., 1998. Die Grafen von Mansfeld. Geschichte und Geschichten eines deutschen Adelsgeschlechts. Frankfurt a. Main, Fouqué, 482 S., ISBN 3-8267-4230-3
  • Schannat, J. F., 1707. Histoire du Comte de Mansfeld, Seigneur de Heldrungen & c. Prince du S. Empire, Chevalier de la Toison d'Or, Maréchal des Armées du Roi, Gouverneur & Capitaine General de la Ville & Province de Luxembourg & Comté de Chiny. Luxembourg, 99 p. PDF-Download
  • Scholer, O., 2006. Palatium Mansfeldicum – D'Mansfeldschlass, Deel 1. Collection Les Amis de l'Histoire, vol. 19, Luxembourg, 200 p.
  • Tacke, A. & M. Trunk, 2008. Un prince da la Renaissance: Pierre-Ernest de Mansfeld (1517-1604). Kunstchronik, 61. Jg., Heft 7, S. 339-342.
  • Thill, N,, 2006. Auf der Suche nach Mansfeld-Spuren: ein Wappen als Wegweiser. Lëtzebuerger Journal 2006-02-14, Nr. 31, S. 22-23.
  • Auswahlbibliografie zu Peter Ernst I. von Mansfeld

Referenzen an Notten änneren

  1. Iwwer de genauen Doudesdag si sech d'Auteuren net eens (Massard 2007): 25. Mee (Schannat 1707, Massarette 1930, Lascombes 1976, Martens 2007, Haag 2011), 23. Mee (Jankowski 2005), 22. Mee (Neyen 1860), 26. Mee (Hausemer, G. 2006. Luxemburger Lexikon. Das Großherzogtum von A-Z. Luxembourg, Editions Binsfeld, 479 S.). – Beim Johann Friedrich Schannat (1683 Lëtzebuerg – 1739 Heidelberg) steet op der Säit 71 den 22. Mee, op de Säiten 78 (Epitaphe: Obiit Viii. Kalend. Junii) an 80 steet awer de 25. Mee (Schannat 1707). Beim Henrard (1894) steet den 2. Mee, warscheinlech e Setzfeeler.
  2. Fir d'Iwwersetzung kuckt hei

Um Spaweck änneren

Commons: Péiter Ernest I. vu Mansfeld – Biller, Videoen oder Audiodateien