Émile Reuter
Den Émile Reuter, gebuer den 2. August 1874 zu Boufer, a gestuerwen de 14. Februar 1973 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Politiker.
Émile Reuter | |
---|---|
Gebuer |
2. August 1874 Boufer |
Gestuerwen |
14. Februar 1973 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Athénée de Luxembourg |
Aktivitéit | Politiker, Diplomat, Affekot |
Partei | Rietspartei, CSV |
Liewen
ännerenDen Émile Reuter war den eelste Jong vun dem Johann Peter Reuter, Mëller vun der Ieweschter Millen zu Boufer, an der Franziska Reuter.[1] No senger Première, 1893 am Kolléisch, huet den Émile Reuter zu Stroossbuerg, Nanzeg a Paräis vun 1894 bis 1898 Droit studéiert a sech duerno um Stater Barreau als Affekot ageschriwwen. 1903 gouf hie President vun der Association populaire catholique an 1911 an d'Chamber gewielt. 1914 war den Émile Reuter e Grënnungsmember vun der Rietspartei.
Kuerz virum Enn vum Éischte Weltkrich, den 28. September 1918 gouf de Reuter Staatsminister a Regierungspresident an och nach Generaldirekter (Minister) fir Baussenzeg a Bannenzeg Affären. 1925 koum et zu enger Regierungskris well d'Chamber de Virschlag vun der Regierung, d'Eisebunnsgesellschafte Guillaume-Luxembourg a Prince-Henri ënner enger belscher Direktioun ze vereenegen, refuséiert huet, an d'Regierung Reuter ass zeréckgetrueden.
Vun 1926 bis 1959 (mat Ausnam vun de Krichsjoren) war den Émile Reuter President vun der Chamber. Hie war och bis 1964 den éischte President vun der 1944 gegrënnter CSV.
1957 gouf hien Ambassadeur vu Lëtzebuerg beim Hellege Stull. Hien ass 1973 an der Stad verscheet.
Fir un hien z'erënnere gouf an der Stad Lëtzebuerg d'Arsenalstrooss an Avenue Émile-Reuter ëmgedeeft.
Gielercher
änneren- Grand-Croix de l'Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1938)[2]
- Grand-Croix vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau[3]
- Grand Cordon vum Ordre de Léopold de Belgique
- Grand Officier vun der Légion d'honneur
Bibliographie
änneren- Haag, Emil, 2011. Emile Reuter *1874 †1973 et Pierre Dupong *1885 †1953: deux personnalités politiques hors pairs, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 352-361.
- Dostert, Paul, 2003. Emile REUTER 1874-1973. In: 400 Joer Kolléisch, Band II, S. 327-328. éditions saint paul, Lëtzebuerg. ISBN 2-87963-419-9.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Émile Reuter – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Émile Erpelding, Die Mühlen des Luxemburger Landes (Luxembourg: Saint-Paul, 1981), 426
- ↑ (fr)Memorial N° 4 vun 1938 mam Avis. — Ordre de la Couronne de Chêne. Gekuckt de(n) 16/11/2019.
- ↑ Décès du Ministre d'Etat hon. Monsieur Emile Reuter am Bulletin de documentation vu Januar a Februar 1973 vum Service Information et Presse