Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Typhus, deen duerch Bakteerien provozéiert gëtt. Fir déi Krankheet, déi am däitschen och "Typhus" heescht, an op eng Salmonellen-Iwwerdroung zeréckgeet, kuckt wgl. Typhoid Féiwer.
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezinartikelen. Dës Informatioune si fir eng allgemeng Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt-Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn!

Typhus (vum Algriichesche Wuer τῦφος typhos: Damp, Niwwel, > "beniwwelt" sinn) gëtt eng Grupp vun Infektiounskrankheete genannt, déi fir de Mënsch geféierlech bis (wann onbehandlet) déidlech kënne sinn. Se ginn an der ICD10 als A75, an an der ICD9 ënner 80 bis 83, klassifizéiert.

Hautausschlag duerch en Ausbroch vum exanthemateschen Typhus

Typhus gëtt duerch e Bakteerium aus der Famill vun de Rickettsia provozéiert. Dës Bakteerie hu Knabberdéieren, virun allem Mais a Raten als Wiert, a gi vun do duerch d'Bëss oder d'Picke vu Lais, Fléi, Zecken oder Wanzen op de Mënsch iwwerdroen. D'Opkomme vum Typhus beim Mënsch hänkt deemno enk mat engem Manktem un Hygiène zesummen, deen d'Verbreede vun deene Parasitte begënschtegt.

D'Symptomer vun deene verschiddenen Typhusformen sinn e Féiwer, dat bis op 39°-40° eropgeet, verbonne mat engem dofir ongewéinlech niddregem Bols, staarke Kappwéi, Schudderen, Gelenkpéng, an engem allgemenge Gefill vun Driipsegkeet oder "Beniwwelt Sinn".

Typhustyppen änneren

Et gëtt tëscht dräi Zorten Typhus ënnerscheet:

  1. dem exanthemateschen oder epidemeschen Typhius (fr: typhus exanthématique oder typhus épidémique);
  2. der Brill-Zinsser-Kränkt (fr. och: typhus résurgent);
  3. dem tropeschen Typhus (fr: typhus murin oder typhus tropical).

Exanthemateschen Typhus änneren

Dës Form vun Typhus ass déi geleefegst a verbreet sech do, wou vill Mënschen a schlechten hygieneschen Ëmstänn enk openeeliewen, wéi op Schëffer, (fréier) a Spideeler, Prisongen, Kasären oder Gefanngenelageren. A sou Fäll gi vill Leit mateneen dervu betraff, sou datt ee vun enger Epidemie schwätzt. D'Bakteium, dat se provozéiert, ass an dësem Fall d' Rickettsia prowazekii, déi iwwer Lais op de Mënsch iwwerdroe gëtt. D'Inkubatiounszäit ass eng bis zwou Wochen.

D'Infektioun ka mat Antibiotiquë behandelt ginn oder duerch Impfung preventiv verhënnert ginn.

Besonnesch a Krichszäiten war Typhus eng schro Epidemie, an den Arméien, ma och an de Gefaangelageren. Et heescht z. B., beim Napoleon senger Campagne a Russland wiere méi Zaldoten un Typhus gestuerwen, wéi duerch militäresch Handlungen. Am Wanter 1813-1814 sinn zu Lëtzebuerg Iwwerreschter vun den napoleoneschen Truppen duerchgezunn. Bannent véier bis fënnef Méint sinn am Ganzen eng 3.600 Mënschen am Land un Typhus gestuerwen, 2.400 Zivilisten, also 2,4 Prozent vun der Lëtzebuerg Populatioun, an ëm déi 1.200 Zaldote vun der napoleonescher Arméi.[1]

An den däitsche Konzentratiounslageren am Zweete Weltkrich sinn honndertdausende vu Leit un Typhus gestuerwen.

Brill-Zinsser-Kränkt änneren

D'Brill-Zinsser-Kränkt ass eng ofgeschwächte Form vum exanthemateschen Typhus, déi och duerch d'Bakteirum Rickettsia prowazekii ervigeruff gëtt, an déi no enger méi laanger Latenzphas (nees) ausbrécht.

Tropentyphus änneren

Dës Form gëtt duerch d'Bakteerium Rickettsia typhi provozéiert, an entwéckelt sech virun allem an tropeschen oder subtropesche Länner, wou e vun enge Ratelaus Xenopsylla cheopsis, oder méi seelen, der Rickettsia felis, enger Kazelaus, op de Mënsch iwwerdroe gëtt.

Impfung änneren

 
Impfung am Militärspidol Val-de-Grâce, 1913.

Et war de Charles Nicolle um Institut Pasteur vun Tunis zeréck, deen 1909 festegstallt huet, datt d'Lais de Vecteur (Imunolgie)Vecteur vum epidemeschen Typhus sinn. Hie krut dofir 1928 den Nobelpräis fir Physiologie oder Medezin. Den Henrique da Rocha Lima huet 1916 bewisen, datt d'Bakteerium Rickettsia prowazekii dofir verantwortlech wier (hien huet d'Nimm zu Éiere vum H.T. Ricketts an dem Stanislaus von Prowazek erausgesicht, zwéin Zoologen, déi sech bei hire Fuerschunge selwer ugestach haten an 1915 dru gestuerwe waren). 1930 huet de Rudolf Weigl eng éischt Method entwéckele kënnen, fir e Vaccin ze produzéieren. 1938 huet den Herald R. Cox eng manner geféierlech Method entwéckelt wéi dem Weigl seng, fir eng Masseproduktioun vum Impfstoff.

Bibliographie änneren

Referenzen änneren

  1. John Feller: "Die Vergessene Pandemie. Fleckenfieber in Luxemburg während des Winters 1813-1814." in: Hémecht. Revue d'Histoire luxembourgeoise 2021, Heft 3, S.