Wëllem II. vun Holland

Kinnek vun Holland a Groussherzog vu Lëtzebuerg vun 1840 bis 1849

De Wëllem II. vun Holland (Willem van Oranje-Nassau) gebuer de 6. Dezember 1792 zu Den Haag a gestuerwen de 17. Mäerz 1849 zu Tilburg war vun 1840 bis 1849 Kinnek vun Holland a Groussherzog vu Lëtzebuerg.

Wëllem II. vun Holland
Wëllem II. vun Holland
Titelen
Kinnek vun Holland
Zäit vun 1840 bis 1849
Virgänger Wëllem I.
Nofollger Wëllem III.
Groussherzog vu Lëtzebuerg
Zäit vun 1840 bis 1849
Virgänger Wëllem I.
Nofollger Wëllem III.
Biographie
Gebuer 6. Dezember 1792
Den Haag
Gestuerwen 17. Mäerz 1849
Tilburg
Papp Wëllem I. vun Holland
Kanner Wëllem III. vun Holland, Henri vun Oranien-Nassau
Statu vum Wëllem II. um Knuedler

Hie war de Jong vum Wëllem I. an der Wilhelmina vu Preisen.

Hien huet sech 1816 mat der Groussherzogin Anna Pavlovna vu Russland bestuet.

D'Koppel hat véier Kanner:

Biographie änneren

Hie war Offizéier an der brittescher Arméi a war wärend de Kricher géint den Napoléon am Spuenesche Krich als Aide de camp vum Wellington dobäi. 1813 goung hien an Holland zeréck an hat de Kommando vun der hollännescher Arméi fir géint den Napoléon wärend de Cent Jours ze kämpfen. Hie war bei der Schluecht vu Quatre-Bras a bei där vu Waterloo op der Säit vun de Coalliéierten dobäi.

Hie koum am Oktober 1840, nodeem säi Papp de Wëllem I. ofgedankt hat, op den Troun. Hie war e moderéierten Herrscher an huet, fir enger Revolution am Land aus de Féiss ze goen, 1848 Holland eng nei liberal Constitutioun ginn déi haut nach mat klengen Ännerungen a Kraaft ass.

Monumenter änneren

Un de Wëllem II. vun Holland erënneren:

Literatur änneren

  • Haag, Emil, 2011. Guillaume II *1792 1849, souverain populaire entre tous, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 242-249.

Quellen änneren

  • Jean-Charles Volkmann: Généalogie des rois et des princes. Edit. Jean-Paul Gisserot (1998).

Kuckt och änneren

Biller änneren

Virgänger:
Wëllem I.
Groussherzog vu Lëtzebuerg
1840 - 1849
Nofollger:
Wëllem III.
Virgänger:
Wëllem I.
Kinnek vun Holland
1840 - 1849
Nofollger:
Wëllem III.

Um Spaweck änneren

Commons: Wëllem II. vun Holland – Biller, Videoen oder Audiodateien