E Concert ass eng ëffentlech Opféierung vu musikaleschen Nummeren, déi e bestëmmte Programm suivéieren, dee virdrun zesummegestallt gouf. D'Persounen oder d'Gruppen, déi de Concert ausféieren, sinn entweeder Instrumentalisten oder Sänger.

D'Lëtzebuerger Band Angel at My Table bei engem Concert wärend der Fête de la Musique 2011 zu Diddeleng

Dacks ass e Concert an engem isoléierte Sall, dem Concertssall. De gréisste Concertssall zu Lëtzebuerg ass d'Rockhal. De gréisste Concertssall fir klassesch Musek ass d'Philharmonie. Concerte kënnen awer och am Fräien organiséiert ginn, an dobäi deels op onkonventionelle Plazen.

Als Concerte mam gréisste Public gëllen dee vum Jean-Michel Jarre de 6. September 1997 zu Moskau, fir den 850. Gebuertsdag vun der Stad, an dee vum Rod Stewart Silvesterowend 1994 zu Rio de Janeiro. Fir béid Concerte gëtt geschatt, datt 3,5 Millioune Mënschen nogelauschtert hunn.[1] De Concert vun de Rolling Stones de 27. August 1995 um Kierchbierg ass, mat wéi 60.000 Zuschauer, de gréisste Concert, dee jee zu Lëtzebuerg organiséiert gouf.[2][3]

Referenzen änneren

  1. rnn.ng: https://rnn.ng/performers-and-world-largest-concerts/ Top 7 World's Most Populated Concert in History (12. Mäerz 2022)
  2. today.rtl.lu: "Rolling Stones lit up Kirchberg with explosive performance (29. August 2020)
  3. wort.lu: Als die Stones Luxemburg entdeckten (12. Juli 2012)