Légion d'honneur
D'franséisch Éierelegioun, op Franséisch Ordre national de la Légion d'honneur, ass eng Associatioun vu verdéngschtvolle Militärpersounen oder Zivilisten, déi den 19. Mee 1802 vum Generol an Éischte Konsul Napoleon Bonaparte, nom Virbild vun der ofgeschaafter Monarchie sou wéi ë. a. den Ordre de Saint-Michel, den Ordre du Saint-Esprit, den Ordre de Saint-Louis gegrënnt gouf. Den Ordre de la Légion d'honneur ass zanterhier den héchsten a bekanntsten Uerde vu Frankräich a gouf nom Doud vum Napoleon bäibehalen. Haut ass de President vun der Republik Groussmeeschter vum Uerden (Grand maître); hie kritt deen Dag, wou e seng Funktiounen offiziell iwwerhëlt, de Collier du Grand-Maître – deemno eng Halsketten – iwwerreecht.
Am Uerde sinn ongeféier zwee Drëttel Militärpersounen an een Drëttel Zivilpersoune Member.
Déi éischt Verdeelung vun dëser Auszeechnung war de 15. Juli 1804[1]. Deen eelste Mënsch, deen d'Éierelegioun krut, war de Marcellin Babaud, en Zaldot aus dem Éischte Weltkrich. Hie gouf de 27. Juli 1994 am Alter vun 106 Joer Ritter vun der Legioun.
Zu Paräis gëtt et, direkt nieft dem Musée d'Orsay, de Musée de la Légion d'honneur. D'Légion d'honneur ënnerhält och eng schoulesch Institutioun mat engem Internat fir déi mannerjäreg Meedercher vu militäresche Memberen, déi am Asaz fir Frankräich gefall sinn.
GradenÄnneren
Lëtzebuergesch | Franséisch | Zil am Code | Bestand am Joer 2000 | Gielchen |
---|---|---|---|---|
Ritter | Chevalier[2] | 125.000 | 87.371 | |
Offizéier | Officier | 10.000 | 22.401 | |
Commandeur | Commandeur[3] | 1.250 | 3.626 | |
Groussoffizéier | Grand officier | 250 | 321 | |
Grousskräiz | Grand-croix | 75 | 61 | |
Groussmeeschter | Grand maître | 1 | 1 |
Persounen, déi ausgezeechent goufen (Auswiel)Änneren
FransousenÄnneren
Abbé Pierre - Jacques Anquetil - Hélène Boucher - Jean Bringer - Albert Deriot - Blaise Illig - Charles Messier - Aimé Ramond - Paul Matthieu Hermann Laurent - Jules Liégeois - Tino Rossi - Marcel Marceau - Maurice Koechlin - Gaston Carré - François de Curel
BelschÄnneren
Albert Frère - André Grétry - Félicien Rops
DäitscherÄnneren
ItalieenerÄnneren
LëtzebuergerÄnneren
Jean Asselborn - François Altwies - Anne Beffort - Charles Bivort - Nicolas Cito - Antoine Diederich - Jean-Marie Halsdorf - Joseph Hansen - Erna Hennicot-Schoepges - Jules Hoffmann - Joseph Junck - Jean-Claude Juncker - Emile Krieps - Astrid Lulling - Charles Marx - Aloyse Meyer - Marcel Noppeney - Jean-Pierre Pescatore - Lydie Polfer - Jacques Santer - Emmanuel Servais - Robert Stumper - Liliane Thorn-Petit - Joseph Weyland - Yves Mersch
SchottenÄnneren
US-AmerikanerÄnneren
Institutiounen, déi ausgezeechent goufenÄnneren
Stied a Gemengen a FrankräichÄnneren
Abbeville - Albert (Somme) - Amiens - Argentan - Arras - Ascq - Audun-le-Roman - Badonviller - Bapaume - Bazeilles - Beauvais - Belfort - Béthune - Bitche - Boulogne-sur-Mer - Brest - Caen - Calais - Cambrai - Chalon-sur-Saône - Château-Thierry - Châteaudun - Dijon - Douai - Dunkerque - Étobon - Évreux - Falaise (Calvados) - Gerbéviller - Landrecies - Le Havre - Lens (Pas-de-Calais) - Lille - Longuyon - Longwy - Lorient - Lyon - Metz - Montdidier - Nanzeg - Nomeny - Noyon - Oradour-sur-Glane - Paris - Péronne (Somme) - Phalsbourg - Pont-à-Mousson - Rambervillers - Reims - Roanne - Rouen - Saint-Dié-des-Vosges - Saint-Dizier - Saint-Jean-de-Losne - Saint-Lô - Saint-Malo - Saint-Nazaire - Saint-Quentin - Soissons - Strasbourg - Thionville - Tournus - Valenciennes - Verdun
Stied am AuslandÄnneren
Stad | Land | Datum vun der Auszeechnung |
---|---|---|
Alger | Algerien | 15. August 2004 |
Belgrad | Jugoslawien | 28. Dezember 1920 |
Léck | Belsch | 7. August 1914 |
Lëtzebuerg | Lëtzebuerg | 18. Juni 1957 |
Volgograd[4] | Russland | 20. Dezember 1984 |
SchoulenÄnneren
- École polytechnique vu Paräis
EntreprisenÄnneren
- Déi franséisch Eisebunn, d'SNCF
OrganismenÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Légion d'honneur – Biller, Videoen oder Audiodateien |
ReferenzenÄnneren
- ↑ Cf. d'Kapitel Les premières remises d'insignes op der Säit Historique vun der grande chancellerie op http://www.legiondhonneur.fr
- ↑ D'Bezeechnung vum chevalier war bis 1808 légionnaire (Legionär)
- ↑ D'Bezeechnung vum commandeur war bis 1816 commandant (Kommandant)
- ↑ Volgograd ass den haitegen Numm vu Stalingrad.