Pampelmousse

Planzenaart aus der Gattung Citrus

D'Pampelmousse oder Pampelmuss[1] (Citrus maxima; Latäin fir: "déi gréisst Zitroun") ass en ëmmergrénge Bam, op deem déi gréisst Zitrusfriichte wuessen. D'Fruucht gëtt och esou genannt. D'Planzenaart gehéiert zu der Famill vun de Rutaceae a kënnt ursprénglech aus dem tropesche Südostasien.

Pampelmousse
eng Pampelmousse mat roudem Fleesch
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Magnoliopsida
Uerdnung Sapindales
Famill Rutaceae
Gattung Zitrusplanzen (Citrus)
Wëssenschaftlechen Numm
Citrus maxima
(Burm.) Merr.

Beschreiwung änneren

 
Pampelmussen um Bam (Citrus maxima)
 
Fruucht
 
D'Fleesch

De Pampelmoussëbam ass e mëttelgroussen, ëmmergrénge Bam. D'Äscht si liicht horeg an hunn eng roudelzeg Faarf. D'Blieder sinn am Verglach zu aneren Zitrusplanze grouss an ënnendrënner liicht hoereg. Un der Spëtzt si se ofgeronnt. D'Bléien, déi eenzel oder a Kluddere vu bis zu hirer 20 virkommen, si wäiss bis roudelzeg.

D'Friichten (Hesperidien) bestinn aus 10 bis 15 Segmenten ("Zéiwen"). D'Schuel ass déck an huet bausseneng giel bis giel-gréng Faarf. Et gëtt och Zorte mat rosa- bis routfleeschege Friichten. Bei e puer Zorte kann d'Fruucht bis zu 30 cm am Duerchmiesser grouss ginn a bis zu 2 Kilogramm weien. Jee no Zort kënne bis zu 200 Somkären, oder guer keng, dra sinn.

Den Numm "Pampelmousse" kënnt aus dem Hollännesche pompelmoes oder pampelmoes, dat et do op d'mannst zanter 1648 gëtt. D'Etymologie ass net ganz kloer; et kéint eng Zesummesetzung aus pompel, "décke Batz", an eng Verkierzung vum Portugisesche limões, "Zitrounen", sinn.[2]

Dacks gëtt "Pampelmuousse" och zum Grapefruit gesot, déi eng Kräizung aus der Pampelmousse an der Orange ass.[3]

Literatur änneren

  • W. Reuther, H. J. Webber, L. D. Batchelor (Hrsg.): The Citrus Industry. Bd. 1. University of California, Riverside 1967

Um Spaweck änneren

{{Commonscat|Citrus maxima|Pampelmousse

Wiktionnaire: Pampelmousse Definitioun, Synonymmer an Iwwersetzungen

Referenzen änneren

  1. lod.lu
  2. M. Philippa e.a.: Etymologisch Woordenboek van het Nederlands, 2003–2009, Lemma "pompelmoes", op etymologiebank.nl.
  3. "Dritte Runde – Grapefruit/Pampelmuse". Atlas zur deutschen Alltagssprache (AdA), 2006-06-19