Demokratesch Republik Kongo

Dëse Geographiesartikel iwwer Afrika ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


D'Demokratesch Republik Kongo ass e Staat an Zentralafrika. E läit um Equator a grenzt am Norden un d'Zentralafrikanesch Republik an un de Sudan, am Osten un den Uganda, de Ruanda, de Burundi an un Tansania. Seng südëstlech Grenz ass mam Sambia, südwestlech läit den Angola. Am Westen huet en Zougang op den Atlantik, doriwwer läit nach e Stéck vum Angola an de Rescht grenzt un d'Republik Kongo.

République Démocratique du Congo
Demokratesch Republik Kongo

Fändel vun der Demokratescher Republik Kongo

Wope vun der Demokratescher Republik Kongo

Detailer

Detailer
National Devise: « Paix, Justice, Travail »
Franséisch fir „Fridde, Gerechtegkeet, Aarbecht“
Offiziell Sprooch: Franséisch
Haaptstad: Kinshasa
Staatsform: Presidialrepublik, zanter 1978
 • President: Félix Tshisekedi
 • Premierminister: Jean-Michel Sama Lukonde
Fläch: 2.345.410 km²
Bevëlkerung: 70.916.439 (November 2010, CIA World Factbook, geschat)
Onofhängegkeet: vun der Belsch: 30. Juni 1960
Nationalhymn: Debout Congolais
Wärung: Kongo-Frang (CDF)
Zäitzon: UTC +1 bis +2
Internet TLD: .cd
Internationalen
Telefonsprefix
:
+243

Bevëlkerung änneren

D'Majoritéit vun der Bevëlkerung, ëm déi 80%, gehéiert zum Bantu-Vollek, déi wichtegst Gruppen dovu sinn d'Kongo, d'Mongo, d'Luba an d'Lunda. 15 % stame vu Sudangruppen, déi virun allem am Norden ugesidelt sinn. Minoritär gëtt et nach d'Niloten am Nordosten, an d'Pygmäen an d'Hamiten am Osten. Déi wäiss, meeschtens belsch Bevëlkerung huet bis ongeféier Enn vun den 1960er Joren d'Land bal ganz verlooss.

Déi Demokratesch Republik Kongo huet eng geschate 70,9 Mio. Awunner (2010). D'Bevëlkerungsdicht läit bei 32 Awunner pro km². An de leschte Jore gouf et massiv Mouvementer vu Flüchtlingen. D'Bevëlkerung konzentréiert sech haaptsächlech op d'Biergbaugebitt Katanga (Shaba) an op den ënneschte Laf vum Kongo-Floss.

Um Spaweck änneren

Commons: Democratic Republic of the Congo – Biller, Videoen oder Audiodateien