American Building (Stad Lëtzebuerg)

Den American Building ass e Gebai an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg, um Eck vun der Ënneschtgaass mat der Philippsgaass.

American Building
(2011)
Land Lëtzebuerg
Plaz Uewerstad
Adress Eck Ënneschtgaass/Philippsgaass.
Koordinaten 49° 36’ ’’ N 06° 07’ ’’ E
Baustil Historizismus
Architekt(en) Alphonse Kemp
Datum vum Bau ëm 1908

Et gouf vum Architekt Alphonse Kemp am historizistesche Stil entworf; d'Baufirma vum Achille Giorgetti huet d'Aarbechten ëm 1908 ausgefouert. Bauhär a Proprietär war d'Reesagence Derulle-Wigreux. Dës gouf vum Jean-Joseph Derulle 1863 gegrënnt a war op d'Auswanderer an Amerika spezialiséiert[1] Tëscht 1897 an 1937 si 16.054 Leit mat Hëllef vun där Agence emigréiert.[2].

Den Numm hat d'Gebai vun Ufank un an et fält haut nach op duerch déi markant Skulptur vun engem Aadler dee grad vum Daach fortflitt. Allerdéngs war d'Statu an der Zäit vun der Nazi-Besatzung ewechgeholl ginn a wéi se nom Krich nees opgesat gouf, gouf de Sockel op der Kuppel net méi zeréckgesat, soudatt den 'Envol' net méi sou androcksvoll ausgesäit wéi virdrun.[3]

D'Gebai gouf den 10. Dezember 2021 als nationaalt Monument klasséiert[4].

Literatur änneren

  • Lorang, Antoinette, 1995. "… bis in unendliche Ferne. 'American Building', 34, rue Notre-Dame, Luxemburg." in: Antoinette Lorang & Denis Scuto, ed.: La maison d'en face - Das Haus nebenan. Éditions Le Phare, S.45-48.

Referenzen änneren

  1. Lorang, 46-47.
  2. Jean-Claude Muller: " 'Es ist ein anderes Leben in Amerika…' Einwanderer im Melting-Pot." Tageblatt 6.-7. Mee 1995
  3. Lorang, 48.
  4. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).