De Marsupilami ass e Personnage aus der Comic-Serie Spirou et Fantasio. En hat säin éischten Optrëtt an der Zäitschrëft Spirou den 31. Januar 1952 an Les Héritiers de Spirou. Erfonnt a gezeechent gouf e vum André Franquin. Zanter 1987 gëtt et eng eege Comic-Serie Les aventures du Marsupilami, déi vum Greg a Yann geschriwwen a vum Batem gezeechent gëtt.

Wandmolerei vum "Marsupilamisnascht" op enger Säitewand vun engem Policebüro zu Bréissel.

De Marsupilami lieft am Dschungel vu Palombien (engem fiktive südamerikanesche Land). E leet biereförmeg Eeër, ass ongeféier ee Meter grouss, an huet e giele Pelz mat schwaarzen Tëppelen. Et gëtt och Marsupilamien, déi ganz schwaarz sinn. Et verwonnert e bëssen, datt en als Déier, dat Eeër leet, en Nuebel huet.

Säi Schwanz ass bis zu aacht Meter laang an déngt, wann en zu engem Knuet geformt ass, als Verdeedegungs- an Ugrëffswaff. Zu enger Spiral zesummegerullt funktionéiert e wéi eng Sprangfieder, déi him erméiglecht, bis zu 20 Meter héich ze sprangen. De Marsupilami ass, fir seng Kierpergréisst, aussergewéinlech staark. E kann och amphibesch liewen an e puer honnert Meter déif dauchen. En ësst am léifste Friichten, Seechomessen a Fléi, ausserdeem Fësch, besonnesch Piranhaen. E kann eng einfach Konversatioun féieren: "Houbi? Houba, houba hop!", an och (wéi e Papagei) eenzel Wierder a ganz Sätz noschwätzen.

Den Numm Marsupilami ass ofgeleet vu Marsupialia, der zoologescher Grupp vun de Beideldéieren, an dem Suffix –ami, Frënd. De Marsupilami gehéiert awer net zu de Beideldéieren, mä, wéi d'Schnieweldéier an de Seechomessenigel, zu de Monotremata.

Kuriéises änneren

Um Spaweck änneren