Uewerkäerjeng
Uewerkäerjeng ass eng Uertschaft an der Gemeng Käerjeng.
Uewerkäerjeng | |
---|---|
![]() Al Schoul, aalt Paschtoueschhaus a Kierch | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Hautcharage de: Oberkerschen |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Capellen |
Gemeng | Käerjeng |
Buergermeeschter | Michel Wolter (CSV) |
Awunner | 1.615 |
2006[1] | |
Fläch | 588,7577 ha[2] |
Koordinaten |
49° 34’ 32’’ N 05° 54’ 36’’ O |
GeographieÄnneren
Uewerkäerjeng läit am Südweste vu Lëtzebuerg. D'Nopeschdierfer sinn der Auer no: Kënzeg, Féngeg, Héiweng, Schuller, Nidderkäerjeng, Lénger.
D'Mierbaach, déi no beim Boufferdanger Muer entspréngt, leeft duerch Uewerkäerjeng.
GeschichtÄnneren
D'Kierch vun Uewerkäerjeng gouf am 18. Joerhonnert gebaut. Hire Mobilier staamt aus dem Barock.
VerkéierÄnneren
D'Uertschaft ass iwwer den CR110a an den CR111 un d'Stroossennetz ugeschloss.
Bis 1967 ass d'Eisebunnsstreck Ettelbréck - Péiteng, och nach Atertlinn genannt, laanscht Uewerkäerjeng gelaf. Déi fréier Gare, vun där virdrun just nach Ruinen iwwereg waren, ass am Abrëll 2011 ofgerappt ginn. Do wou fréier d'Atertlinn verlaf ass, ass haut d'Vëlospist PC12.
GeschichtÄnneren
D'Kierch vun Uewerkäerjeng gouf am 18. Joerhonnert gebaut. Hire Mobilier staamt aus dem Barock.
SportÄnneren
Am Joer 1971 huet de fréiere Foussballclub FC Jeunesse Uewerkäerjéng d'Coupe de Luxembourg gewonnen andeems en d'Jeunesse Esch mat 4:1 no Verlängerung geschloen huet. Am Europapokal vun de Pokalgewënner huet Uewerkäerjeng du musse géint den FC Chelsea untrieden. Mat enger Goldifferenz vun 0-21 an nëmmen enger Ronn huet de Veräin en Negativrekord opgestallt deen nach ëmmer besteet.
1997 hunn déi béid Veräiner Jeunesse Uewerkäerjeng an den US Bascharage fusionéiert a sou ass de Club UN Käerjéng 97 entstanen.
KulturellesÄnneren
Den 22. Mee 2010 huet de belschen Hageland Wind Orchestra am Kader vun den 100-Joer-Feierlechkeeten vun der Uewerkäerjenger Musek d'Europapremière vum Jan van der Roost sengem Marsch Apollo opgefouert.
KuckeswäertesÄnneren
- D'Kierch vun Uewerkäerjeng
- D'Péiteschhaus am Maria-Theresiestil a Gebuertshaus vum Michel Gloesener
- Den ale Wäschbuer
- D'Réserve naturelle vun de Griechte beim ale Wäschbuer
- D'Naturschutzgebitt Boufferdanger Muer am Gebitt tëscht Féngeg an Uewerkäerjeng
6 Gebaier zu Uewerkäerjeng sinn an der Lëscht vun den nationale Monumenter agedroen. Dozou gehéieren dräi Bauerenhaiser, dat aalt Paschtoueschhaus, eng Kapell an d'Kierch.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Käerjeng..
PerséinlechkeetenÄnneren
- Michel Gloesener, Physiker a Fuerscher;
- Michel Wolter, député-maire, fréieren Inneminister;
- David Bottacin alias David Goldrake, Zauberkënschtler.
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Uewerkäerjeng – Biller, Videoen oder Audiodateien |