Den Uluru ass de gréisste Monolith op der Äerd an déi wuel bekanntst Touristenattraktioun vun Australien. Den Uluru oder Ayers Rock, wéi een nach haut meeschtens genannt gëtt, ass e Rescht vun enger Biergkett.

Geographie änneren

 
Den Ayers Rock

Den Uluru läit am Uluru-Kata Tjuta Nationalpark 460 km südëstlech vun Alice Springs ewech, am Northern Territory matzen an der riseger rouder Wüst vun Australien.

En ass 4 ½ km laang, 2 ½ km breet an 348,7 m héich.

Geologie änneren

Uluru heescht iwwersat: Plaz am Schiet. Et ass e geologesche Phenomeen. De roude Sandsteemonolith steet 348 Meter aus dem australeschen Outback eraus. Mä dat ass eigentlech nëmmen d'Spëtz dovun, de Rescht, läit bis zu sechsdausend Meter déif ënner der Äerduewerfläch. Op senger Uewerfläch si lauter Waasserlächer, verschiddener sou déif, datt si ni ausdréchnen. De wéinege Reen deen an där dréchener Wüst fält, sammelt sech op engem risege Platto a speist ëm de Fiels ronderëm e fruchtbare Buedem.

Zanter Joerdausenden ass den Uluru eng Quell vu Waasser an Nahrung fir d'Mënschen an Déieren.

Tëscht dem Dag an der Nuecht gëtt et riseg Temperaturënnerscheeder. Am Dag kënnen d'Temperature bis op 40 Grad eropklammen, wougéint s'an der Nuecht an de Minus falen. Dohier geet d'Gestengs duerch d'Hëtzt am Dag auserneen an an der Nuecht duerch d'Keelt zitt et sech zesummen wat derzou féiert datt den Uluru lues a lues zerbréckelt.

Eigentlech besteet de Monolith aus déckkäregem groe Sand. Seng rout Faarf huet hie kritt duerch de Stëbs, deen de Wand aus der rouder Wüst op hie bléist.

Geschicht änneren

Den Uluru ass en hellegen Uert fir d'Anangu, déi Aboriginis déi an dëser Géigend schonn zanter dausende vu Jore liewen. 1871 huet den Uluru vum europäeschen Entdecker William Gosse den Numm Ayers Rock kritt. Den Numm kënnt vum deemolegem Premierminister dem Sir Henry Ayers vu South Australia. De Gosse, dee vu Beruff Vermiessungsingenieur war, huet de Monolith 1873 als Éischten erfuerscht. An den 1980er Joren ass tëscht den Aboriginis an dem australesche Staat en Ofkommes getraff ginn, déi d'Benotze vum Uluru festleet. D'Land ronderëm de Fiels kruten d'Urawunner zeréck, ënner der Konditioun den Nationalpark fir Touristen zougänglech ze loossen. D'Hoteller direkt beim Fiels sinn dunn och an déi nei gebaute Stad Yulara verluecht ginn. D'Reschter dovu sinn nach haut z'erkennen.

Kuckeswäertes änneren

D'Australier bezeechnen den Uluru och gär als rout Häerz. Deen Numm kënnt vun der staarker rouder Faarf vum eisenhaltege Sandsteen. Jee no Sonnenstand- oder stralung liicht an deene verschiddenste Routtéin, wéi feierrout, purpurrout, rosa a violett.

Mat enger Kette kann een op den Ayers Rock eropklammen, wou ee vun uewen eng wonnerbar Aussicht huet. D'Eropklammen dauert ongeféier 30 – 35 Minutten. De Rekord läit bei 12 Minutten.

Et kann een och en Entdeckungstour ronderëm de Monolith maachen, wou een déi joerdausendal Hiel kucke kann. D'Zeechnungen op de Wänn sinn deelweis méi al wéi 30.000 Joer, an handelen iwwer d'Dramzäit, d'Mythologie an d'Schöpfungsgeschicht vun den Aboriginis. Déi Geschicht ass geheim an néierens schrëftlech festgehalen a konnt bis elo net vun de Wëssenschaftler enträtselt ginn.

 
Den Ayers Rock

Um Spaweck änneren

Commons: Uluru – Biller, Videoen oder Audiodateien