Gemeng Ierpeldeng op der Sauer

lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Dikrech

D'Gemeng Ierpeldeng op der Sauer ass eng vun den 102 lëtzebuergesche Gemengen. Se läit am Kanton Dikrech. De Chef-lieu vun der Gemeng ass d'Uertschaft Ierpeldeng vun där se och hiren Numm huet. Ierpeldeng ass mat de Gemenge Bettenduerf, Dikrech, Ettelbréck a Schieren de Kär vun der Nordstad.

Ierpeldeng op der Sauer
Coat of arms erpeldange luxbrg.png
Erpeldange4.JPG
d'Ierpeldenger Schlass, Sëtz vun der Gemengeverwaltung
Ierpeldeng un der Sauer logo.svg
d'Ierpeldenger Schlass, Sëtz vun der Gemengeverwaltung
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Erpeldange-sur-Sûre
de: Erpeldingen
Land Lëtzebuerg
Kanton Dikrech
Buergermeeschter Claude Gleis
Awunner 2.429
  1 Januar 2023
Fläch 2.841 ha
Héicht 207 m
Koordinaten 49° 51’ 46’’ N
      06° 06’ 46’’ O
LAU-Code LU0604
Websäit https://www.erpeldange.lu
Map Erpeldange.PNG
D'Gemeng Ierpeldeng (orange)
am Kanton Dikrech (rout)
Vue op Ierpeldeng


Uertschaften an der GemengÄnneren

GeographieÄnneren

D'Gemeng Ierpeldeng läit zum groussen Deel am Sauerdall am Zentrum vun der Nordstad, net wäit vun Ettelbréck an Dikrech, op enger Héicht vun zirka 190 bis 450 m (NG-L) (Bierden 400 m, Ierpeldeng 202 m, Angelduerf 195 m).

Nopeschgemenge sinn d'Gemenge Buerschent an Tandel am Norden, Dikrech am Osten, Schieren an Ärenzdall am Süden an Ettelbréck am Westen.

D'Sauer leeft vun Norden no Süden an dann am südlechen Deel vun der Gemeng no Oste weider.

VerkéiersubannungÄnneren

Wichtegst Stroosseverbindunge sinn d'B7, d'N7, d'N27 an d'N27A. Ausserdeem lafen nach d'Chemin reprisen 348, 348A, 351 an 359 duerch d'Gemeng.

D'Eisebunnsstreck Ettelbréck-Dikrech duerchleeft d'Gemeng am südlechen Deel, wou se parallel zur Sauer, zur N7 an zur Uertschaft Angelduerf geet.

GeologieÄnneren

Geologesch läit d'Uertschaft op der Linn, déi d'Devon-Schichte vun den Ardennen am Norden (Éislek) vun den Trias-Schichten am Süden (Guttland) trennt. Domat gëtt et an der Gemeng Ierpeldeng déi Besonneschkeet, dat eng Sektioun (Bierden) komplett am Éislek, eng genee op der Grenz (Ierpeldeng) an eng Sektioun ganz am Guttland läit (Angelduerf).

GeschichtÄnneren

No der franséischer Revolutioun, wéi Lëtzebuerg Deel vum Département des Forêts gouf, koum eng nei Zivil-Organisatioun. Ënner anerem goufe 1795 d'Gemengen (Communes) agefouert, déi den ale Feudalsystem ersat hunn. Ierpeldeng gouf eng Sektioun vun der Gemeng Dikrech. 1823 koum eng Revisioun vun de Gemengen, wou dunn Ierpeldeng, zesumme mat Angelduerf, an d'Gemeng Ettelbréck agegliddert gouf.

Duerch e Gesetz vum 22. Januar 1850, an op Wonsch vun der Populatioun, ass Ierpeldeng eng eegestänneg Gemeng gi mat zwou Sektiounen: Ierpeldeng an Angelduerf. Bierden koum den 1. Januar 1907 als drëtt Sektioun dobäi (virdru war et Gemeng Ettelbréck).

Duerch d'Gesetz vum 19. Dezember 2014 gouf aus der Gemeng Ierpeldeng d'Gemeng Ierpeldeng op der Sauer[1].

Entwécklung vun der AwunnerzuelÄnneren

Quell:STATEC

PolitikÄnneren

BuergermeeschterenÄnneren

  • 1850-1873: Sébastien Conzémius[2]
  • 1873-1882: Laurent Thilges
  • 1882-1915: Martin Conrad
  • 1915-1921: Nicolas Lux
  • 1921-1921: Henri Sinner
  • 1921-1938: Jean-Pierre Leider
  • 1938-1963: Nicolas Aloyse Birckel
  • 1964-1974: Louis Leider
  • 1974-1981: Nicolas Angelsberg
  • 1982-2005: Ernest Rassel
  • 2005-2011: François Dahm
  • 2011-2013: André Bauler
  • zanter 2013: Claude Gleis

GemengesyndikaterÄnneren

D'Gemeng ass Member vu follgenden interkommunale Syndikater:

KuckeswäertesÄnneren

LiteraturÄnneren

  • Michel Wilhelm, 2002, 150 ans de la commune d'Erpeldange, Administration Communale Erpeldange, Impr. du Nord, 60 S.

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Ierpeldeng – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren

  1. Loi du 19 décembre 2014 relative au changement du nom de la commune de Erpeldange en celui de Erpeldange-sur-Sûre op legilux.lu
  2. Chronologie des bourgmestres op erpeldange.lu; gekuckt 02.01.2021.