Félix Koch

lëtzebuergesche Filmregisseur a Filmdréibuchauteur
Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Félix Koch, gebuer de 16. Mäerz 1980 zu Ettelbréck[1] ass e lëtzebuergesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.

Félix Koch
Gebuer 16. Mäerz 1980
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur

Biographie

änneren

No senger Première huet hien zu München als Regieassistent fir de Michael "Bully" Herbig a fir de Comedian Tommy Krappweis geschafft, souwéi och als Artdirekter a Grafikdesigner vu Bernd das Brot op KiKa.[2]

2006 bis 2012 huet hien op der HFF 'Konrad Wolf' zu Potsdam-Babelsberg (haut: Filmuniversität Babelsberg) Filmregie studéiert. Dobäi huet hien ë. a. zwéi Kuerzfilmer gedréint, Ravioli Ritter a You missed Sonja, an een 3D-Kuerzfilm, Topper gibt nicht auf.

2013 huet hie mam Kameramann Dylan E. Thompson de Previs Studio Holy Grid gegrënnt, an Enn 2014, mat dräi aneren Auteuren, de Writer's Room Development Hell, fir un Dréibicher a Konzepter ze schaffen.

Am Oktober 2018 koum säin éischte Laangfilm, De Superjhemp retörns an d'Kinoen.

Vun 2018-2020 huet hie Regie fir d'ARD bei 6 Episoden an engem Laangfilm fir d'Serie Großstadtrevier gefouert.

2021 an 2022 huet hie Regie bei 2 Filmer fir de Reboot vun der RTL-Serie Balko gefouert, dës Kéier ënnert dem Titel Balko-Teneriffa.

Filmographie

änneren
  • 2021: Balko Teneriffa - Episod 2 (Regie)
  • 2021: Balko Teneriffa - Episod 1 (Regie)
  • 2020: Großstadtrevier Primetime-Special, St. Pauli, 6:07 Uhr (Regie)
  • 2019: Großstadtrevier (4 Episoden, Regie)
  • 2018: Großstadtrevier (2 Episoden, Regie)
  • 2018: De Superjhemp retörns (Dréibuch a Regie)
  • 2012: You missed Sonja (Regie an Dréibuch)
  • 2010/2011: RestStop (Regie)
  • 2009/2010: Ravioli Ritter (Regie an Dréibuch)
  • 2009: Topper gibt nicht auf (Regie)
  • 2007: Sydney (Regie)

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. Fiche op filmportal.de.
  2. Quell, wou net anescht uginn: Biographie op feko.net