Burgundesch Nidderlanden

Geschicht vun de Benelux-Länner
Austrasien Frisescht Kinnekräich
Karolengerräich
ca 800–843
 
Grofsch't
Flandern

9.Jh.–1384
Lotharingien,
dunn
Nidderloutrengen 855–954–977

Prënzbistum Léck
+

Räichs-
abtei
Stavelot- Malmedy

+

Herzogtum Bouillon

10. Jh.
– 1795
Aner feudal Staaten
Grofschaft Lëtzebuerg
963–1353
10.–14. Jh.

Burgundesch Nidderld.
Herzogtum Lëtzebuerg
1353–1443
1384–1482
 


Habsburger Nidderlanden
1482–1795
(Siwwenzéng Provënzen, Burgundesche Krees)

(Südlech) Spuenesch Nidderlanden
1549–1713
 
Republik vun de
Siwe Vereenegte
Provënzen

1581–1795

Éisträichesch Nidderlanden
1713–1795
Lécker Revolut.
1789–92

Vereenegt
nidderlännesch
Staaten

1790
   


Éischt Franséisch Republik
1795–1804

Batavesch Republik
1795–1806
Premier Empire
1804–15

Kinnekräich Holland
1806–10
 

Vereenegt Kinnekräich vun den Nidderlanden
1815-1830

Groussherzogtum Lëtzebuerg
zanter 1815

(1815 - 1866 am Däitsche Bond)
(1815 - 1890 Personalunioun)

Vereenegt Kinnekräich vun den Nidderlanden
1815-1830
   

Kinnekräich Belsch
zanter 1830

Kinnekräich vun den
Nidderlanden
("Holland")
zanter 1830

Ënner Burgundeschen Nidderlanden (fr.: Pays-Bas bourguignons) gëtt am grousse Ganzen d'Gebitt vun den haitege Benelux-Staate genannt zu der Zäit vun der Herrschaft vum Haus Burgund, als Niewebranche vun der Dynastie vun de Valois-Kinneken, a vum Ufank vun där vun den Habsburger.

De Muechtberäich vun der Bourgogne ënner dem Philipp dem Gudden.

Haus Burgund änneren

Am 14. Joerhonnert huet d'Haus Burgund, d'Niewebranche vum Herrscherhaus Valois ugefaangen d'Provënzen an den Nidderlande mat Bestietnesser, Verträg a soss Arrangementer ënner senger Féierung ze vereenen: fir d'éischt 1384 mam Bestietnes vum Philipp dem Kéngen, jéngste Fils vum Kinnek vu Frankräich Jang II. (genannt le Bon), mat der Ierwin souwuel vun der Franche-Comté wéi och vun de Grofschafte Flandern an Artois; Mechelen koum als Dott dobäi; no an no koumen aner Gebidder dobäi, well et goung de successiven Herzogen drëm, Flandern-Artois mam Block Burgund-Franche-Comté ze verbannen: 1427 d'Grofschaft Namouer, 1428 Holland, Friesland, Zeeland an Hennegau, 1430 d'Herzogtum Brabant vun deem scho laang d'Herzogtum Limburg ofgehaangen huet, a 1441/43 d'Herzogtum Lëtzebuerg.

De Philippe III. vun der Bourgogne, genannt de Gudden (1419-1467) huet probéiert, dësen 11 Provënzen eng eenheetlech Verfassung ze ginn. 1437 huet en déi éischt Generalstänn (de. Generalstände; fr. états généraux) ageruff; dat war eng Versammlung vun Delegéierte vun de Provënzversammlungen (Stänn), déi ëmmer méi dacks, zum Schluss all Joer, meeschtens zu Bréissel oder zu Mechelen zesummekoumen.

Den Haff war zu Bréissel, um Coudenberg. D'Herzogen hunn de Brabant selwer regéiert, an den anere Gebidder, Provënze genannt, hate se Gouverneuren. Mä d'Herrscher vun den Nidderlanden haten ni een eenzegen Titel fir dat Ganzt, an déi 11 Territoirë waren och ni een Eeenheetsstaat - all Provënz huet déi aner als Ausland ugesinn a keng Beamte vun do bei sech zougelooss. Dat Ganzt war deemno (a bis zum Schluss vum Ancien Régime, 1794/95) ëmmer nëmmen eng Zort labber Konfederatioun. Nom Doud vum Karel dem Kéngen (1467-77), deen zwar de Besëtz ëm d'Herzogtum Geldern an d'Grofschaft Zutphen vergréissere konnt, mä bei Nanzeg 1477 gefall ass, wéi hien d'Herzogtum Loutrengen wollt ënnerwerfen, sinn d'Nidderlanden an d'Franche-Comté (nieft e puer aner kleng Gebidder, wéi de Charolais) beim Bestietnes vu senger Ierwin Maria mam Maximilian vun Éisträich un d'Haus Habsburg gefall, och wa verschidde Gebidder méi oder wéineger laang vum Louis XI. vu Frankräich besat goufen.

Haus Habsburg änneren

D'Provënzen hu vun deem Wiessel vum Herrscherhaus profitéiert fir méi Rechter ze kréien. Sou huet d'Maria z. B. missen den hollännesche Stänn de "Grousse Privileeg" zougestoen, an no hirem Doud (1482) sinn Onrouen an Holland ausgebrach, well de Maximilian als Momper vu sengem Jong Philippe I. vu Kastilien, genannt de Schéinen, weiderregéiert huet. Och d'Bierger vu Bruges wollten där Momperschaft zu Gonschte vun de Stänn vu Flandern lassginn an hu souguer 1488 de Maximilian gefaange geholl fir em déi Konzessioun ofzepressen. Mat Hëllef vum Herzog Albrecht vu Sachsen, dee 1491 zum Ierfgouverneur vu Friesland ernannt gouf, gouf de Maximilian d'Onrouen do Meeschter, an och den Artois konnt e géint de franséische Kinnek Louis XI. verdeedegen, dee probéiert hat, deen anzezéien. 1493 huet de Philippe selwer d'Regierung vun den Nidderlanden iwwerholl. 1499 huet sech Gelderland nees lassgerappt.

1506 ass de Philippe ass fréi gestuerwen a sou huet seng Sëschter, d'Margarete d'Regierung iwwerholl, well se fir hire Jong Karel, de spéidere Karel V., dee just 6 al war, d'Momperschaft hat. Wéi dee 1515 groussjäreg an domat Herrscher gouf, blouf d'Margarete Gouverneurin an den Nidderlanden. No hirem Doud, 1531, huet dem Karel seng Sëschter, d'Kinnigin Maria vun Ungarn, d'Gouverneursplaz iwwerholl.

Karel V. änneren

Ënner der Herrschaft vum Karel V. ass et den Nidderlande gutt gaangen. De Karel huet 1517 Overijssel an d'Utrechter Stëftslänner kaaft an huet och dem Albrecht sengem Jong Georg vu Sachsen seng Rechter op Friesland ofkaf. 1538 huet en och Groningen a Gelderland nees zeréckkafe kënnen. Domat hat en déi Siwwenzéng Provënzen: Brabant, Limburg, Lëtzebuerg, Gelderland, Flandern, Artois, Hainaut, Holland, Zeeland, Namouer, Zütphen, Ost- a Westfriesland, Mechelen, Utrecht, Overyssel a Groningen ënner sengem Zepter vereenegt. D'Nidderlänner hunn de Karel, deen zu Gent gebuer war, als Ee vun hinnen ugesinn. Si konnten iwwerall am Karel sengem Welträich ongehënnert handelen, a sou ass deemools e groussen Deel vum Welthandelsverkéier iwwer d'Nidderlanden, besonnesch iwwer den Hafe vun Antwerpen, ofgewéckelt ginn. Nieft dem Handel an dem Handwierk ass et och der Landwirtschaft a Fëscherei, de Kënscht an de Wëssenschafte gutt gaangen.

Och d'politesch Verschmëlzung vun de 17 Provënzen huet Fortschrëtter gemaach: Zu Mechelen gouf en Iewescht Geriicht, de sougenannte Grousse Conseil vu Mechelen an eng Chambre des comptes fir d'Nidderlanden ageriicht, an de Karel V. huet 1548 mam Traité vun Augsburg déi Siwwenzéng Provënzen an de Burgundesche Krees integréiert a se sou zu enger politesch-administrativer Eenheet erhuewen, déi labber mam Hellege Réimesche Räich verbonne sollt sinn an no der Pragmatescher Sanktioun vu 1549, ëmmer vereent a vun engem Fürst beherrscht sollte sinn.

Bei der Deelung vum Habsburgeschen Herrschaftsgebitt sinn d'Nidderlanden un déi spuenesch Linn gaangen a vun do u gëtt vun de Spuenesche Nidderlanden geschwat.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Spuenesch Nidderlanden.


Um Spaweck änneren

Commons: Burgundesch Nidderlanden – Biller, Videoen oder Audiodateien