Fabiola de Mora y Aragón
belsch Kinnigin
D'Fabiola Mora y Aragón, gebuer den 11. Juni 1928 zu Madrid, a gestuerwen de 5. Dezember 2014 zu Bréissel, mam ganzen Numm Doña Fabiola Fernanda María de las Victorias Antonia Adelaida de Mora y Aragón, hat vun 1960, wéi se de Kinnek Baudouin bestuet huet, bis 1993, wou e gestuerwen ass, den Titel Kinnigin vun de Belsch. Duerno hat se den Titel Kinnigin vun der Belsch.
Fabiola de Mora y Aragón | |
---|---|
Gebuertsnumm | Doña Fabiola Fernanda María-de-las-Victorias Antonia Adelaida de Mora y Aragón |
Gebuer |
11. Juni 1928 Madrid |
Gestuerwen |
5. Dezember 2014 Laeken |
Nationalitéit | Spuenien, Belsch |
Aktivitéit | Infirmier, Kannerbuchauteur, Schrëftsteller |
Famill | |
Bestuet mat | Baudouin vun der Belsch |
Papp | Don Gonzalo de Mora y Fernández, Marques de Casa Riera |
Mamm | Blanca de Aragón y Carrillo de Albornoz |
Si war d'Tatta vum Kinnek Philippe a vum Groussherzog Henri. Si huet als quiseleg gegollt an hat de Patronnage iwwer eng ganz Rëtsch karitativ Organisatiounen.
Den Asteroid (1576) Fabiola gouf no hir genannt.
Um Spaweck
ännerenCommons: Fabiola Mora y Aragón – Biller, Videoen oder Audiodateien |