Lëscht vun de lëtzebuergesche Filmer déi fir eng Oscar-Nominatioun virgeschloe waren

Wikimedia-Lëschtenartikel

Dësen Artikel gëtt eng Iwwersiicht iwwer all lëtzebuergesch Filmer déi fir en Oscar virgeschloe waren.

Eng vergréissert Versioun vun der Oscar-Präisstatu

Am 21. Joerhonnert goufen eng ganz Rei lëtzebuergesch Filmer als Bäiträg fir de renomméierten US-amerikanesche Filmpräis Academy Award agereecht, besser bekannt als "Oscar". Dëst si souwuel den national Bäitrag an der Kategorie "Beschten internationale Film" (Academy Award for Best International Feature Film), déi virun 2020 "Beschte friemsproochege Film" (Best Foreign Language Film) geheescht huet, wéi och Lëtzebuerger Filmer a Koproduktioune mat anere Länner an anere Kategorien.

Bis ewell gouf just ee lëtzebuergesche Film mat engem Oscar ausgezeechent. Dat ass de lëtzebuergesch-franséischen animéierte Kuerzfilm Mr Hublot am Joer 2014.

Eligibilitéit an Auswiel änneren

All Land kann e Film an der Kategorie "Beschten Internationale Film" bei der amerikanescher Filmakademie, déi den Oscar organiséiert, areechen. Dofir muss de Film eng Minimulängt vu 40 Minutten hunn, baussent den USA produzéiert gi sinn a mindestens 50% vum Dialog muss an enger Sprooch sinn, déi net Englesch ass. Dowéinst ass et och obligatoresch, Ënnertitelle beim Areeche vum Film matzeliwweren. Och Animatiounsfilmer an Documentaire sinn zougelooss. De Film muss mindestens siwe konsekutiv Deeg an engem komerzielle Kino gelaf sinn. Donieft gëtt et och ganz spezifesch Krittäre fir d'Film- an d'Audioformat. Schlussendlech muss d'Land, dat de Film areecht, bestätegen, datt d'kreativ Kontrol ("creative control") iwwer de Film gréisstendeels bei engem Bierger oder engem Resident vum Land loung.[1]

Déi Lëtzebuerger Film-Propose gëtt vun enger Jury entscheet. An där Jury sëtze Vertrieder vun de lëtzebuergesche Verbänn vun der audiovisueller Produktioun, de Regisseuren an den Zeenaristen, den audiovisuellen Techniker, de Schauspiller, dem Filmfong, dem CNA an der Stater Cinemathéik.[2][3][4][5]

Lëtzebuergesch Propositiounen an der Kategorie "Beschten Internationale Film" änneren

 
Affiches vun Elles, deen éischte Film, dee Lëtzebuerg an d'Course ëm den Oscar fir de "Beschten friemsproochege Film" geschéckt huet.
 
Réfractaire, de Bäitrag fir den Oscar 2009
 
Doudege Wénkel, de Bäitrag fir den Oscar 2013
 
Barrage, de Bäitrag fir den Oscar 2017

Zesumme mat der demokratescher Republik Kongo, Südafrika an der Ukraine war Lëtzebuerg 1997 eent vu véier Länner, dat fir d'éischt Kéier e Film an der Kategorie "Beschte friemsproochege Film" agereecht huet.[6] Et war de franséischsproochege Film Elles. 44 aner Länner haten e Film agereecht, an d'Lëtzebuerger Film gouf net nominéiert.

Zënterhier huet Lëtzebuerg reegelméisseg, mä net all Joer e Film agereecht. Et gouf nach kee Film nominéiert.

De Film Your Name Is Justine aus dem Joer 2006 gouf vun der amerikanescher Filmakademie, déi den Oscar organiséiert, disqualifizéiert. D'Akademie hat zwar kuerz virdrun de Krittär, datt de Film an der Landessprooch misst sinn, ofgeschaaft[7], mä de Film gouf verworf well e Land fir seng Propositioun misst beweise kënnen, datt "kreatiivt Talent vum Land d'kënschtleresch Kontrol iwwert de Film" hat, an dat wier net de Fall gewiescht. Den Joy Hoffmann, deemolege President vum Selectiounscomité, huet seng Enttäuschung iwwer déi Entscheedung ausgedréckt a commentéiert, datt de Comité sech bewosst war, datt Your Name Is Justine e grenzwäertege Bäitrag wier, mä datt et de Film ouni Lëtzebuerg net géif gi. Lëtzebuerg hätt 75% vum Budget geliwwert.[8] De polnesch-, däitsch an engleschsproochege Film vum Regisseur Franco de Pena, deen am Venezuela gebuer ass an a Pole lieft, ass eng Koproduktioun tëscht der Lëtzebuerger Produktiounsfirma Hemisphere Films an dem polneschen Opus Film. E spillt zu Berlin a gouf gréisstendeels zu Lëtzebuerg gedréint.[9]

Proposen an der Kategorie "Beschten Internationale Film"
Joer
(Zeremonie)
Film Regisseur/in Sprooch Resultat Quell
1997
(70.)
Elles Luis Galvao Teles Franséisch, Portugiesesch net nominéiert [6]
1998
(71.)
Back in Trouble Andy Bausch Lëtzebuergesch, Däitsch net nominéiert [10]
1999
(72.)
- - - - -
2000
(73.)
- - - - -
2001
(74.)
- - - - -
2002
(75.)
Petites misères Philippe Boon a Laurent Brandenbourger Franséisch net nominéiert [11]
2003
(76.)
J'ai toujours voulu être une sainte Geneviève Mersch Franséisch net nominéiert [12]
2004
(77.)
- - - - -
2005
(78.)
Le Roman de Renart Thierry Schiel Franséisch net nominéiert [13]
2006
(79.)
Your Name Is Justine Franco de Pena Polnesch, Englesch, Däitsch disqualifizéiert [2][8][14]
2007
(80.)
Perl oder Pica Pol Cruchten Lëtzebuergesch net nominéiert [15]
2008
(81.)
Nuits d'Arabie Paul Kieffer Franséisch, Arabesch, Lëtzebuergesch net nominéiert [16]
2009
(82.)
Réfractaire Nicolas Steil Franséisch net nominéiert [17]
2010
(83.)
- - - - -
2011
(84.)
- - - - -
2012
(85.)
- - - - -
2013
(86.)
Doudege Wénkel Christophe Wagner Lëtzebuergesch net nominéiert [3]
2014
(87.)
Never Die Young Pol Cruchten Franséisch net nominéiert [18]
2015
(88.)
Baby (a)lone Donato Rotunno Lëtzebuergesch net nominéiert [19]
2016
(89.)
Voices from Chernobyl Pol Cruchten Franséisch net nominéiert [4]
2017
(90.)
Barrage Laura Schroeder Franséisch net nominéiert [20][21][22]
2018
(91.)
Gutland Govinda Van Maele Lëtzebuergesch, Däitsch net nominéiert [23]
2019
(92.)
Tel Aviv on Fire Sameh Zoabi Hebräesch, Arabesch net nominéiert [24]
2020
(93.)
Cuentos del río Julie Schroell Spuenesch net nominéiert [25]
2021
(94.)
Io sto bene Donato Rotunno Italieenesch, Franséiesch, Lëtzebuergesch net nominéiert [26]
2022
(95.)
[27]
2023
(96.)
Icare Carlo Vogele Franséisch net nominéiert [27]
2024
(97.)
Läif a Séil Loïc Tanson Lëtzebuergesch Resultat steet nach aus [28]

Koproduktiounen, déi vun anere Länner agereecht goufen änneren

Donieft gëtt et eng ganz Rei Filmer, déi vu lëtzebuergeschen Entreprise koproduzéiert goufen an déi vun anere Länner als deenen hir Propositioun agereecht goufen.

Lëtzebuerger Koproduktiounen, déi vun anere Länner an der Kategorie "Beschten Internationale Film" agereecht goufen
Joer
(Zeremonie)
Film
(Regisseur/in)
Areechungsland
(a Koproduktiounslänner)
Sprooch Resultat Quell
2003
(76.)
De tweeling
Olivier Masset-Depasse
  Holland
(Lëtzebuerg)
Hollännesch net nominéiert [29]
2010
(83.)
Illégal
Olivier Masset-Depasse
  Belsch
(Lëtzebuerg, Frankräich)
Franséisch, Russesch net nominéiert [30]
2010
(83.)
La petite chambre
Stéphanie Chuat a Véronique Reymond
CHE  Schwäiz
(Lëtzebuerg)
Franséisch net nominéiert [31]
2015
(88.)
Le Tout Nouveau Testament
Jaco Van Dormael
  Belsch
(Lëtzebuerg)
Franséisch net nominéiert [32]
2020
(93.)
Deux
Filippo Meneghetti
  Frankräich
(Belsch, Lëtzebuerg)
Franséisch net nominéiert [33]
2020
(93.)
Colectiv
Alexander Nanau
  Rumänien
(Lëtzebuerg)
Rumänesch nominéiert [34]

Lëtzebuerger Filmer an anere Kategorien änneren

Mr Hublot vum Laurent Witz an Alexandre Espigares aus dem Joer 2013 gouf als bis ewell eenzeg lëtzebuergesch Produktioun mam Oscar präisgekréint, an dat an der Kategorie "Beschten animéierte Kuerzfilm" (Academy Award for Best Animated Short Film). En ass eng Koproduktioun tëscht dem Fransous Laurent Witz an dem Lëtzebuerger Alexandre Espigares.[35]

En Rei aner Filmer, bal alles Koproduktioune mat anere Länner, hunn et gepackt fir an anere Kategorien nominéiert ze ginn. Déi meescht dovu sinn Animatiounsfilmer.

Lëtzebuerger Koproduktiounen, déi an anere Kategorien agereecht goufen
Joer
(Zeremonie)
Film
(Regisseur/in)
Sprooch Produktiounslänner Kategorie Resultat Quell
2000
(76.)
Shadow of the Vampire
E. Elias Merhige
Englesch Lëtzebuerg, USA, Groussbritannien Beschte Schauspiller an enger Nieweroll ("Academy Award for Best Supporting Actor") fir de Willem Dafoe
Beschte Maquillage ("Academy Award for Best Makeup and Hairstyling") fir d' Ann Buchanan an d'Amber Sibley
nominéiert [36]
2013
(86.)
Ernest et Célestine
Stéphane Aubier, Vincent Patar a Benjamin Renner
Franséisch Lëtzebuerg, Belsch, Frankräich Beschten animéierte Spillfilm ("Best Animated Feature") nominéiert [37]
2013
(86.)
Mr Hublot
Laurent Witz an Alexandre Espigares
ouni Dialog Lëtzebuerg, Frankräich Beschten animéierte Kuerzfilm ("Best Animated Short Film") gewonnen [35]
2014
(87.)
Song of the Sea
Tomm Moore
Englesch / Iresch / Franséisch (dräi Sproocheversiounen) Lëtzebuerg, Irland, Belsch, Dänemark, Frankräich Beschten animéierte Spillfilm ("Best Animated Feature Film") nominéiert [38]
2017
(90.)
The Breadwinner Nora Twomey Englesch Lëtzebuerg, Kanada, Irland Beschten animéierte Spillfilm ("Best Animated Feature") nominéiert [35]
2020
(93.)
Wolfwalkers
Tomm Moore a Ross Stewart
Englesch Lëtzebuerg, Irland, Frankräich Beschten animéierte Spillfilm ("Best Animated Feature") nominéiert [34][35]
2020
(93.)
Colectiv
Alexander Nanau
Rumänesch Lëtzebuerg, Rumänien Beschten Documentaire ("Best Documentary Feature") nominéiert [34]
2023
(96.)
La valise rouge
Cyrus Neshvad
Lëtzebuerg Beschte Fiktiouns-Kuerzfilm nominéiert [39]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. oscars.org: Rules & Eligibility - 94th Oscar Rules - International Feature Film - Additional Resources (ondatéiert, gekuckt den 23. Dezember 2021)
  2. 2,0 2,1 Luxembourg has Oscar hopes for Justine (27. September 2006)
  3. 3,0 3,1 "Doudege Wénkel" défendra les couleurs luxembourgeoises dans la course aux Oscars! (30. August 2013)
  4. 4,0 4,1 rtl.lu: "La Supplication" vertrëtt Lëtzebuerg bei den Oscaren (11. September 2016)
  5. cineuropa.org: Luxembourg sends Voices from Chernobyl to the Oscars (12. September 2016)
  6. 6,0 6,1 oscars.org: 44 Countries Hoping for Oscar Nominations (24. November 1997; archivéiert)
  7. rediff.com: Water is Canada's Oscar entry (22. September 2006)
  8. 8,0 8,1 upi.com: Luxembourg 'disappointed' by Oscar snub (8. November 2006)
  9. variety.com: Lux out of ‘Name’ game (8. November 2006)
  10. oscars.org: 45 Countries Submit Films for Oscar® Consideration (19. November 1998; archivéiert)
  11. paperjam.lu: Le film "Petites Misères" aux Oscars (12. November 2002)
  12. culture.luxembourg.public.lu: Arts et culture au Luxembourg. Une culture riche en diversité. Le cinéma (gekuckt de 25. November 2021)
  13. oscars.org: 58 Countries Vying for 2005 Foreign Language Film Oscar® (25. Oktober 2005; archivéiert)
  14. oscars.org: 61 Countries Seeking Foreign Language Film Oscar® (19. Oktober 2006; archivéiert)
  15. automatentest.de: Kleine Geheimnisse (Perl oder Pica) (gekuckt de 25. November 2021)
  16. awn.com: 67 Countries Vying for 2008 Foreign Language Film Oscar (17. Oktober 2018)
  17. gouvernement.lu: "Réfractaire" défendra les couleurs luxembourgeoises dans la course aux Oscars (23. September 2009)
  18. luxtimes.lu: Harrowing true story from Luxembourg is Oscar hopeful (28. August 2014)
  19. cineuropa.org: Baby(A)lone is Luxembourg’s Oscars hopeful (24. August 2015)
  20. eldo.lu: De Film "Barrage" geet fir Lëtzebuerg an d'Course (gekuckt de 25. November 2021)
  21. lequotidien.lu: Oscars 2018 : « Barrage » de Laura Schroeder, choisi pour représenter le Luxembourg (11. September 2017)
  22. wort.lu: «Barrage» choisi pour les Oscars (8. September 2017)
  23. cineuropa.org: Luxembourg pins its hopes on Gutland for the Oscars (10. September 2018)
  24. hollywoodreporter.com: Oscars: Luxembourg Selects ‘Tel Aviv on Fire’ for International Feature Film Category (24. September 2019)
  25. gemengen.lu: « River Tales / Cuentos del rio » désigné pour représenter le Luxembourg dans la course aux Oscars 2021 (6. Oktober 2020)
  26. gouvernement.lu: Le film "Io sto bene" de Donato Rotunno défendra les couleurs du Luxembourg dans la course aux Oscars 2022 (25. Oktober 2021)
  27. 27,0 27,1 ..
  28. Oscars et Goyas 2024: "Läif a Séil" représentera le Luxembourg. Communiqué op gouvernement.lu (15.09.2023)
  29. trouw.nl: Oscar-nominatie voor 'De Tweeling (28. Januar 2004)
  30. cineuropa.org: Illegal sets sights on Oscar nomination (20. September 2010)
  31. variety.com: Belgium Sends ‘The Brand New Testament’ To Foreign-Language Oscar Race (22. September 2015)
  32. cineuropa.org: Belgium Sends ‘The Brand New Testament’ To Foreign-Language Oscar Race (7. Januar 2011)
  33. slate.fr: On n'a pas assez parlé de «Deux», le représentant français aux Oscars 2021 vum Thomas Messias (26. Dezember 2020)
  34. 34,0 34,1 34,2 rtl.lu: "Collective" and "Wolfwalkers", two Luxembourg co-productions, nominated for an Oscar (16. Mäerz 2021)
  35. 35,0 35,1 35,2 35,3 cineuropa.org: Mr Hublot earns Luxembourg its first Oscar (3. Mäerz 2014)
  36. imdb.com: Shadow of the Vampire (2000) - Awards
  37. rtbf.be: Oscars - "Ernest et Célestine" ne remporte pas l'Oscar du meilleur film d'animation (3. Mäerz 2014)
  38. wort.lu: «Song of the Sea» rentre bredouille des Oscars (23. Februar 201§5)
  39. .