Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Ukulele
Syn.: Cavaquinho, Machete
Klassifikatioun Chordophon
Zupfinstrument
Klangbeispill Toundokument Klang ? / i
Änlech Instrumenter Balalaika, Banjo

Eng Ukulele, och emol Ukelele, ass en hawaiiescht Säiteninstrument, dat ausgesäit wéi eng Kannergittar.

Den Numm änneren

Den Numm Ukulele bedeit am Hawaiianeschen "eng Flou, déi spréngt". Dat bezitt sech op d'Fangeren, déi um Grëffbriet hin an hier sprangen.

D'Originnen änneren

D'Ukulele staamt vun der portugisescher Machete respektiv dem Cavaquinho of, enger Laute mat véier Säiten, déi aus Madeira staamt, déi och a Brasilien wäit verbreet ass. Um Enn vum 19. Joerhonnert gouf d'Machada duerch Schëffer op de polyneseschen Insele bekannt.

Do gouf se ëmgedeeft a krut den Numm Ukulele.

D'Ukulele ass dat populäerst Volleksinstrument a ganz Polynesien, a gouf méi spéit och vun der Popmusek iwwerholl.

Am Billy Wilder sengem Film Some Like It Hot spillt d' Marilyn Monroe an der Roll vun der Sugar op enger Ukulele.

E puer vun de beléiftensten däitsche Tëlee-Entertainer, de Götz Alsmann an de Stefan Raab benotzen d'Ukulele.

Illustratiounen änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Ukulele – Biller, Videoen oder Audiodateien