Staatsrot (Lëtzebuerg)
De Staatsrot ass e consultatiivt Organ am Lëtzebuerger politesche System. Seng Kreatioun geet zeréck op d'Constitutioun vum 27. November 1856.


E setzt sech zesummen aus 21 Memberen (vun deenen der op d'mannst 11 musse Juriste sinn), déi formell vum Groussherzog ernannt an entlooss ginn, an dat op d'Propose hi vun (een nom aneren) der Regierung, der Chamber an dem Staatsrot selwer.
De Staatsrot erfëllt ze soen d'Roll vun enger zweeter Chamber, ouni awer sou eng ze sinn. Hien huet just d'Funktioun fir säin Avis ze ginn: Hie muss iwwer all Gesetzesvirschlag oder - projet consultéiert ginn, ier d'Chamber doriwwer kann ofstëmmen. Dobäi muss en iwwerpréiwen, ob d'Virschléi an d'Propositiounen a Konformitéit mat der Constitutioun sinn, international Konventiounen, dorënner och d'EU-Recht respektéieren an och soss näischt Onrechtméisseges dra steet.
Och groussherzoglech Reglementer (also Beschlëss vun der Regierung) kënnen dem Staatstrot virgeluecht ginn. Schliisslech decidéiert de Staatsrot, ob d'Chamber eng zweet Kéier muss ofstëmmen (de sougenannte Vote constitutionnel). Dëst ass eng Zort suspensive Veto, d. h. am Endeffekt kann d'Chamber sech driwwer ewechsetzen.
Bis 1994 war de Staatsrot och nach eppes wéi en iewescht Geriicht, mä en Urteel vum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter an der Affär Procola huet festgestallt, datt dëst net mat den demokratesche Prinzipie vun der Gewaltendeelung kompatibel wier.
Am Abrëll 2005 huet d'Regierung e Gesetzesentworf virgeluecht, dee virgesäit, d'Zuel vun de Membere vun 21 op 27 ze héijen[1]. Zu enger Ofstëmmung iwwer dëse Gesetzesentworf koum et allerdéngs net. De Projet de loi ass am Ganzen dräimol zeréck an d'Institutiounekommissioun gaangen, bis en dunn am Mäerz 2016 offizell zeréckgezu gouf.[2]
Den 1. Juni 2017 gouf an der Chamber dann en neit Gesetz gestëmmt, dat virgesäit, datt an Zukunft op d'mannst een Drëttel vun de Membere vum Staatsrot musse Frae sinn. Dës Weidere gouf d'Amtszäit vun de Memberen op 12 Joer begrenzt.[3],[4] Nodeems am Mee 2018 d'Sam Tanson (Déi Gréng) vun hirer Plaz am Staatsrot zeréckgetrueden ass, fir op d'Plaz vum Claude Adam an der Chamber nozeréckelen, koum et am Staatsrot zum Eklat. Déi Gréng haten d'Joëlle Christen fir de vakante Sëtz proposéiert. Amplaz vun der Joëlle Christen gouf allerdéngs déi onofhängeg Affekotin Martine Lamesch fir déi Plaz nominéiert.[5]
De Staatsrot huet säi Sëtz an engem Gebai um Fëschmaart. Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Staatsrot (Gebai).
Aktuell Memberen Änneren
Membere vum Staatsrot sinn:[6]
Fir eng komplett Lëscht vun all de Memberen zanter der Grënnung, 1857, kuckt: Lëscht vun de Membere vum Lëtzebuerger Staatsrot.
Presidente vum Staatsrot Änneren
Literatur Änneren
- Le Conseil d'Etat, gardien de la Constitution et des Droits et Libertés fondamentaux, 2006, ISBN 2-9599724-1-4
- Le Conseil d'Etat face à l'évolution de la société luxembourgeoise, 2006, ISBN 2-9599724-0-6
Kuckt och Änneren
Um Spaweck Änneren
Commons: Staatsrot (Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vum Staatsrot
- Conseil d'État: Le Conseil d'État du Grand-Duché de Luxembourg(PDF). Luxembourg: Service information et presse du gouvernement, sept. 2013, 40 S. (de.: ISBN 978-2-87999-221-1; fr: ISBN 978-2-87999-222-8; en.: ISBN 978-2-87999-223-5)
- Romain Hilgert: "Die Schattenkammer." in: d'Lëtzebuerger Land, 18.05.2018. (Geschicht vum Entstoe vum Staatsrot).