D'schottescht Parlament (op Schottesch-Gälesch: Pàrlamaid na h-Alba, op Scots: The Scots Pairlament) ass d'Parlament vu Schottland. Et gëtt och nach Holyrood genannt, benannt no dem Stadvéirel vun der Haaptstad Edinburgh, an deem et läit.

D'Gebai vum schottesche Parlament zu Edinburgh

D'Parlament besteet aus enger Chamber mat 129 Deputéierten, déi demokratesch fir eng Mandatsdauer vu véier Joer gewielt ginn. Bei de Walen 2016 krut d'Scottish National Party (SNP) d'Majoritéit vun de Sëtz.

Geschicht änneren

 
De Plenarsall vum Parlament

Dat ursprénglecht Parlament vu Schottland war d'legislativ Institutioun am onofhängege Kinnekräich Schottland an huet vum fréien 13. Joerhonnert un bis 1707 existéiert. An deem Joer sinn d'Kinnekräich Schottland an d'Kinnekräich England vereent ginn fir d'Kinnekräich Groussbritannien ze bilden. Doropshinn hunn d'schottescht an d'englescht Parlament opgehalen z'existéieren; hir Funktiounen huet d'Parlament vu Groussbritannien zu Westminster am Zentrum vu London iwwerholl.

An engem Referendum am Joer 1997 hunn d'Schotte fir d'Devolutioun gestëmmt. Domat sollt Schottland nees bestëmmt Kompetenze vu London zeréckkréien. Déi Kompetenzen sinn d'Joer drop am "Scotland Act" definéiert ginn, dee festleet, a wéi enge Beräicher d'schottescht Parlament Gesetzer erloossen däerf a wéi enge Beräicher nach ëmmer an de Kompetenzberäich vum Parlament vum Vereenegte Kinnekräich falen. D'brittescht Parlament behält d'Méiglechkeet, de Kompetenzberäich vum schottesche Parlament ze änneren, an et kann d'Beräicher, an deenen d'schottescht Parlament ka Gestzer erloossen, erweideren oder beschneiden.

Den 12. Mee 1999 ass dat neit schottescht Parlament fir d'éischt zesummekomm. Zënterhier goufe seng Kompetenzen reegelméisseg geännert. Eng vun deene gréissten Ännerunge war d'Erweiderung op d'Kompetenze vum schottesche Parlament wat d'Steieren an de soziale Beräich betrëfft.

Offiziell Säit änneren

Commons: Schottescht Parlament – Biller, Videoen oder Audiodateien