Haaptmenü opmaachen
Kierch vun Zowaasch
Parkierch vun Zowaasch
Uertschaft Zowaasch
Par Déifferdeng-
Saint-François-d'Assise
Numm / Patréiner Hl. Barbara
Konsekratiounsjoer 1894
Architekt(en) Jacquemin
Kierchen - Kapellen
D'Kierch vun der Récksäit (vu Südwesten)
eng vun de Fënsteren

D'Kierch zu Zowaasch war eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Déifferdeng Saint-François-d'Assise an zu der Gemeng Déifferdeng gehéiert huet.

De Patréiner war d'Helleg Barbara, där hiert Fest de 4. Dezember gefeiert gëtt.

Se steet an der Haaptstrooss op der südlecher Säit vun der Uertschaft. De Besëtzer ass d'Gemeng Déifferdeng.

Den 21. Juni 2017 gouf d'Kierch op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen.[1]

Op enger Pressekonferenz am Juni 2019 hunn d'Administrateure vum Kierchefong bekannt ginn datt d'Kierch entweit gouf.[2]

GeschichtÄnneren

Bis virun 1894 huet Zowaasch zur Par Déifferdeng gehéiert. D'Awunner hu misse bis op Déifferdeng an d'Mass goen an d'Kanner sinn och zu Déifferdeng gedeeft ginn. Well de Wee bis dohin awer laang a beschwéierlech ass, sinn d'Awunner léiwer op Zounen an d'Mass gaangen. Dat huet se besser arrangéiert, zemools well se déi franséischsproocheg Masse besser verstanen hunn, wéi déi däitschsproocheg zu Déifferdeng.

Fir d'Schoulkanner an d'Schwëstere gouf den deegleche Wee op Saulnes virun der Schoul awer ze ustrengend. De Wonsch vun den Awunner no enger eegener Kierch an engem eegene Paschtouer gouf ëmmer méi staark.

Am Joer 1892 koum et zu éischte Pläng a well praktesch de ganzen Terrain der Société Saintignon gehéiert huet, konnt nëmmen de Grof Saintignon selwer sech ëm de Bauprojet këmmeren. Sou gouf den ale Schlakentipp nieft dem Schmelzweier ausgewielt. D'Firma Logelin vun Déifferdeng war fir de Bau verantwortlech.

Déi neogotesch Kierch sollt un d'Sainte-Chapelle vu Paräis erënnneren. Och un d'Zowaascher Biergaarbechter gouf geduecht. De Grof huet de Bau der helleger Barbara geweit an eng Statu vun der Biergaarbechterpatréinesch ass an engem klengen Tiermchen op der rietser Säit opgestallt ginn. D'Baumaterial ass deelweis mat der Eisebunn vu Lonkech erbäigeschaaft ginn, deelweis aus dem Zowaascher Bësch. En Deel vun de Steng ass aus engem Héichuewen, deen 1881 demontéiert gouf, d'Holz kënnt aus de Bëscher aus der Ëmgéigend. D'Fënstere si bis haut origial erhalen.[3]

D'Kierch gouf den 9. September 1894 vum Bëschof Jean-Joseph Koppes an dem Déifferdenger Kaploun Jacob Klingenberg ageweit.

Den Déifferdenger Gemengerot huet den 21. November 2018 beschloss eng Prozedur vun der Entweiung vun der Kierch anzeleeden[4][5]. An der Pressekonferenz vum Kierchefong de 4. Juni 2019[6][7] huet de Leo Wagener gesot, datt den Äerzbëschof d'Kierch per Dekret entweit huet.

Den AltorÄnneren

Béidsäiteg vum Altor huet e Moler Freske gemoolt, op deenen een d'Grouf an den décke Fiels erkennt.

D'FënsterenÄnneren

Op de Kierchefënstere fënnt een d'Gesiichtszich vu Memberen aus der Grofefamill Saintignon an anere Stëfter vun der Kierch, duergestallt als Helleger:

D'KlackenÄnneren

D'Zowaascher Kierch huet 3 Klacken déi zu Nanzeg an der Fonderie Jules Robert gegoss goufen. Si goufe während dem Bau ubruecht a vum Paschtouer J. P. Schou op folgend Nimm gedeeft:

  • déi kleng Klack huet den Numm Françoise,
  • déi mëttelst Klack huet den Numm Marie-Thérèse,
  • déi grouss Klack huet den Numm Cathérine

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren