Kanounentiermche vu Kielen

Tiermchen an der Gemeng Kielen

De sougenannte Kanounentiermchen zu Kielen ass e markanten Tiermchen, deen um Enn vum 19. Joerhonnert op den Daachstull vun enger Scheier gebaut gouf[1].

Kanounentiermche vu Kielen
Land Lëtzebuerg
Plaz Kielen
Adress CR102
(Keespelter Strooss)
Koordinaten 49° 40’ 11.11’’ N
      06° 02’ 05.22’’ O

Um Tuerm ass als Dekoratioun am Héichrelief eng Kanoun mat dräi Kugelen ubruecht. Ausserdeem gëtt et e Wopen, dee vun zwéi Léiwe flankéiert ass, an d'Joreszuel 1576 (warscheinlech e Fantasiedatum, well näischt Nennenswäertes vun du bekannt ass, wat iergendwéi mam Tuerm ze dinn hätt).

Säi Bau soll op en Noperschaftssträit zeréckgoen, woubäi deen een et net op sech sëtze loosse wollt, datt deen aneren eng méi grouss Scheier gebaut hat, an dofir en Tuerm op seng drop gesat huet.

De 27. Oktober 2022 gouf de Tiermchen als National Kulturierfschaft klasséiert.[2]

Literatur änneren

  • Kuhn, C., 2021. Vom Streitfall zum Schutzobjekt. In Kehlen wird ein mehr als 100-jähriges Wahrzeichen als nationales Denkmal eingestuft. Luxemburger Wort vum 16. August 2021, S. 25.

Referenzen änneren

  1. Quell, wou net anescht uginn: Charlot Kuhn: "Wie ein Zeuge eines Nachbarschaftsstreits zum Denkmal wird." wort.lu, 16.08.2021.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).