Gotescht Haus Iechternach

Dat sougenannt Gotescht Haus zu Iechternach ass e Gebai, deem seng Originnen an d'14. Joerhonnert zeréckginn.

Gotescht Haus
Land Lëtzebuerg
Gemeng Iechternach
Plaz Iechternach
Adress rue Duchscher
Koordinaten 49° 48’ 45’’ N
      06° 25’ 04’’ O
Baustil Gotik
Statut Klasséiert Monument (INPA)
Datum vum Bau 14. Joerhonnert

Dendochronologesch Analyse vun de Plaffongsdunne beleeën, datt se vu Beem sinn, déi ëm 1299 gehae goufen. Opfälleg sinn d'gotesch Fënstere mat Dräipass am Giewel, déi typesch fir hir Zäit sinn.

1996 war d'Haus deelweis an e Koup gefall, ma et gouf restauréiert, woubäi de Giewel sou gelooss gouf, sou datt Deeler, déi eng Kéier ewechgemaach goufen, net nees nei nogebaut goufen.

D'Haus gëtt als Vakanzewunneng verlount.

Den 2. Mäerz 2018 gouf d'Gotescht Haus als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Um Spaweck änneren

Commons: Gotescht Haus Iechternach – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Detail: Fënstere mat Dräipass

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).