Ministère de la Culture

lëtzebuergesche Ministère

De Kulturministère, (fr: Ministère de la Culture, gekierzt MCULT) ass e Ministère zu Lëtzebuerg dee sech fir d'kulturell Entwécklung um nationalen an internationalen Niveau zu Lëtzebuerg asetzt.

Ministère de la Culture
Kulturministère
Land Lëtzebuerg
Minister Eric Thill
Verwaltungssëtz Hôtel des Terres Rouges
Ënnersteet der/dem Lëtzebuerger Regierung
Gegrënnt 1969
Um Spaweck https://mcult.gouvernement.lu/

Allgemenges

änneren

De Ministère entwéckelt a féiert déi national an international Kulturpolitik vun der Lëtzebuerger Regierung aus an ass verantwortlech fir d'national Politik zum Schutz an zur Promotioun vum kulturelle Patrimoine. En ënnerstëtzt d'kënschtleresch Kreatioun an d'international Demarchë vu Kënschtler a Kulturschafenden andeems en engersäits Konventioune mat de kulturellen Acteure vu Lëtzebuerg ofschléisst an anerersäits e Programm vu Fërderinstrumenter (Subsiden, Sozialhëllefe fir professionell onofhängeg Kënschtler an Intermittents du spectacle) ëmsetzt.

Den MCULT koordinéiert d'Relatiounen tëscht de verschiddene kulturellen Acteuren zu Lëtzebuerg an organiséiert e reegelméissegen Echange mat hinnen am Kader vun de Kultur-Assisen.

D'Kulturpolitik an hir Ëmsetzung baséieren op de Recommandatioune vum Kulturentwécklungsplang 2018-2028 an op dem Koalitiounsaccord vun der Regierung.

Kompetenz vum Ministère

änneren

D'Servicer a Verwaltungen déi ënner d'Kompetenz vum Kulturministère falen, sinn am interne Reglement vun der Regierung festgehalen[1]. Dozou gehéieren ë. a.:

  • National Kulturpolitik: Schutz vum kulturelle Patrimoine; Architekturpolitik; Erhale vun de Landschaften; Fërderung vun der kënschtlerescher Kreatioun; kreative Secteur; finanziell Ënnerstëtzung fir onofhängeg professionell Kënschtler an Intermittents du spectacle; Ausschreiwunge fir Projeten, Concoursen, Commanden a kulturell Präisser; Fërderung vu Kënschtler, Acteuren a kulturelle Strukturen; Iwwerwaachung vun der regionaler kultureller Entwécklung; Observatoire vun der Kultur; kulturelle Mecenat; Kulturcongé; kulturell Mediatioun; Promotioun vum Zougang zu Kultur
  • Fonds social culturel; Fonds pour le patrimoine architectural
  • Interministeriell Koordinatioun am Kulturberäich: Nationale Rot vum Buch; Conseil supérieur vun de Bibliothéiken; Nationale Rot vun den Archiven; Kommissioun fir de kulturelle Patrimoine; Kommissioun fir d'Zirkulatioun vun de kulturelle Gidder; National Kommissioun fir Zesummenaarbecht mat der UNESCO
  • Ëmsetzen an Iwwerwaache vum Kulturentwécklungsplang (2018-2028)
  • Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch; Entwécklung, Koordinatioun an Ëmsetze vum Aktiounsplang fir d'Fërdere vun der Lëtzebuerger Sprooch; Organisatioun vun Aktioune ronderëm d'Lëtzebuerger Sprooch; Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch; Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch; Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch
  • International an europäesch Kulturpolitik a -strategie; bilateral, international a multilateral kulturell Zesummenaarbecht (EU, Europarot, UNESCO, EUNIC); grenziwwerschreidend kulturell Zesummenaarbecht an der Groussregioun; Creative Europe Desk Luxembourg, Institut européen des itinéraires culturels
  • Bezéiunge mat den associative kulturelle Strukture vun der fräier oder der kommunaler Zeen (Geneemegungen, Konventiounen).

Koordinatioun

änneren
  1. Nationalarchiven – Archives nationales de Luxembourg (ANLux)
  2. Nationalbibliothéik – Bibliothèque nationale du Luxembourg (BNL)
  3. Centre national de l'audiovisuel (CNA)
  4. Lëtzebuerger Literaturarchiv – Centre national de littérature (CNL)
  5. Institut national pour le patrimoine architectural (INPA)
  6. Nationaalt Fuerschungsinstitut fir Archeologie – Institut national de recherches archéologiques (INRA)
  7. Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht – Musée national d'archéologie, d'histoire et d'art (MNAHA)
  8. Nationalmusée fir Naturgeschicht – Musée national d'histoire naturelle (MNHN)

Gouvernance

änneren

Gouvernance a Relatioune mat Ëffentlechen Etablissementer

änneren

Gouvernance a Relatioune mat parastaatlechen Institutiounen

änneren

Historique vum Kulturministère

änneren

Iwwer d'Jore war de Ressort vun der Kultur deels an anere Ministèren integréiert:

  • 1969 - 1972 : Ministère des affaires culturelles et des cultes
  • 1984 - 1995 : Ministère des affaires culturelles
  • 1995 - 1999 : Ministère de la Culture
  • 1999 - 2009 : Ministère de la Culture, de l'enseignement supérieur et de la recherche
  • zanter 2009 : Ministère de la Culture

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Ministère de la Culture – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • De Ministère op gouvernement.lu, der Websäit vun der Regierung

Referenzen an Notten

änneren
  1. Constitution des Ministères am Arrêté grand-ducal du 27 novembre 2023 portant approbation et publication du règlement interne du Gouvernement.