Kathedral Saint-Pierre zu Beauvais


D'Kathedral Saint-Pierre zu Beauvais gëllt als eent vun de Meeschterwierker vun der franséischer Gotik.

Kathedral Saint-Pierre zu Beauvais
Land Frankräich
Gemeng Beauvais
Plaz Beauvais
Koordinaten ° ’ ’’ N 2° ’ ’’ E
Baustil Gotik
Datum vum Bau 1248 - 1573
Genannt no Simon Petrus

Si ass dofir bekannt, datt hiert mëttelst Schëff net fäerdeggebaut gouf an datt se mat 46,77 m, deen héchste gotesche Chouer vun der Welt huet.

D'Kathedral vu Beauvais gouf vun 1248 un op der Plaz vun enger romanescher Kierch gebaut, déi virdrun ofgebrannt war. D'Bauhäre wollten nach méi héich bauen, wéi déi bis dohin héchste Kathedral, déi vun Amiens.

1284 ass d'Verwëllef vum Chouer iwwer dem Bauen zesummegefall. Doropshi goufen d'Stäiler virsiichtshalwer verduebelt. Géint 1347 waren d'Schied sou wäit behuewen, mä den Honnertjärege Krich huet d'Aarbechte roue gelooss. Eréischt 150 Joer nom Chouer, tëscht 1500 a 1548 konnt d'Queeschschëff (Transept) gebaut ginn. 1563 ass mam Bau vum mëttelsen Tuerm ugefaange ginn, deen 150 m héich war. Mä 1573, just 4 Joer, nodeem e fäerdeg gebaut war, ass en an e Koup gefall, an zousätzlech si grouss Schied u Chouer a Queeschschëff entstanen D'Suen, mat deenen d'Schied gefléckt goufen, hunn du gefeelt, fir den Tuerm an d'Mëttelschëff fäerdeg ze bauen. Sou koum et, datt déi bis haut nach net fäerdeg goufen.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Cathédrale Saint-Pierre de Beauvais – Biller, Videoen oder Audiodateien