Girl with a Pearl Earring (Film)
Girl with a Pearl Earring ass e Spillfim vum Peter Webber, enger brittesch-Lëtzebuerger Koproduktioun aus dem Joer 2003, deen um Roman mam selwechten Titel vun der US-amerikanescher Schrëftstellerin Tracy Chevalier baséiert.
![]() | |
Film | |
---|---|
Produktiounsland |
Groussbritannien Lëtzebuerg |
Première | 23 September 2004 |
Dauer | 95 min |
Faarf | Faarweg |
Format | 2,35:1 |
Originalsprooch | Englesch |
Ekipp | |
Regie | Peter Webber |
Dréibuch |
Tracy Chevalier (Geschicht) Olivia Hetreed (Dréibuch) |
Fotografie | Eduardo Serra |
Musek | Alexandre Desplat |
Schnëtt | Kate Evans |
Produzent |
Anand Tucker, Andy Paterson |
Produktiouns- gesellschaft |
Archer Street Productions Delux Productions Film Fund Luxembourg Pathé Pictures Ltd UK Film Council |
Schauspiller | |
Colin Firth als Johannes Vermeer Scarlett Johansson als Griet Tom Wilkinson als Van Ruijven Robert Sibenaler als Paschtouer | |
FilmÄnneren
Ëm wat geet et am Film?Änneren
Girl with a Pearl Earring spillt zu Delft an Holland an dréint sech ëm de Moler Johannes Vermeer. Zentrale Personage ass awer, wéi am Buch och, dat historesch onbekannt "Meedche mat der Pärel", dat am Film Griet heescht, an dat mam Portrait, deen de Vermeer vun him gemoolt huet, weltbekannt gouf.
GielercherÄnneren
- 2003: Camerimage: Bronz fir de Kameramann Eduardo Serra
- 2004: Europäesche Filmpräis: "Beschte Kameramann" fir de Eduardo Serra
- 2003: Los Angeles Film Critics Association Awards: "Beschte Kamera" fir den Eduardo Serra
- 2003: San Diego Film Critics Society Awards: "Beschte Kamera" fir den Eduardo Serra
- 2003: San Sebastián International Film Festival: "Beschte Kamera" fir den Eduardo Serra
- 2003: Festival du film britannique de Dinard: "Hitchcock d'or" (Beschte Film) a Publikumspräis[1]
- 2005: Lëtzebuerger Filmpräis: Bescht Lëtzebuerger Koproduktioun
Donieft gouf de Film och nach bei enger ganzer Rei anere renomméierte Filmpräisser nominéiert, dorënner dräi Mol fir den Oscar an de Kategorië "Bescht Zeenebild", "Bescht Kamera" a "Beschte Costumdesign", 10 Mol fir de BAFTA an 2 Mol fir de Golden Globe.
InteressantesÄnneren
De Film, deen zu Delft spillt, ass zu engem groussen Deel zu Esch-Uelzecht an den Dekore vu Venedeg, déi fir de Film Secret Passage opgeriicht goufen, gedréint ginn.
BuchÄnneren
Ëm wat geet et am BuchÄnneren
Girl with a Pearl Earring ass e Roman vun der Tracy Chevalier iwwer de Moler Johannes Vermeer.
D'Buch ass bei Dutton Books de 27. Dezember 1999 erauskom.
ZitaterÄnneren
- "There is so much mystery in each painting, in the women he depicts, so many stories suggested but not told. I wanted to tell one of them." - (Tracy Chevalier).
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
ReferenzenÄnneren
- ↑ Dinard 2003 : le palmarès (6. Oktober 2003)