Sword Beach gouf wärend der Normandie-Landung vun den Alliéierten am Kader vun der Operatioun Overlord am Zweete Weltkrich eng Parti vun der franséischer Küst an der Normandie genannt.

Brittesch Infanterie um Strandofschnëtt Queen White

Deen Deel vun der Küst läit tëscht Ouistreham an der Ornemëndung a Saint Aubin-sur-Mer. D'Landezon war zirka 8 Kilometer laang a war a 4 Ofschnëtter opgedeelt mat den Nimm Oboe, Peter, Queen a Roger. Et war déi ëstlechst vun de Landezonen.

Truppe vun der 3. Brittescher Infanteriedivisioun mat ongeféier 30.000 Zaldote sinn um D-Day, de 6. Juni 1944, ëm 07:25 Auer am Kader vun der Operatioun Overlord op deem Strand am Oste vun der Orne a vum Kanal vu Caen gelant. Si haten als Verstäerkung och nach brittesch Kommandotruppen.

Fir datt d'Fransousen och konnte bei där Landung dobäi sinn hat de Generol de Gaulle sech fir eng Bedeelegung staark gemaach a sou koum et datt och franséisch Truppen do mat gelant sinn.

D'Lëtzebuerger Antoine Neven, Jean Neven, Félix Peters a Jean Reiffers waren als Membere vum franséische 'Commando Kieffer', deen aus 177 Mann bestan huet, op Sword Beach am Asaz.[1]

D'South Lancashire Regiment ass am Secteur Peter gelant, d'Suffolk Regiment am Secteur Queen an d'East Yorkshire Regiment am Secteur Roger.

De Lëtzebuerger Pierre Laux war Member vum 'Commando N°4' ënner dem Kommando vum Lord Lovat am Devonshire Regiment déi de 6. Juni 1944 op Sword Bweach zum Asaz koumen.[1],[2],[3]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Sword Beach – Biller, Videoen oder Audiodateien
  Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 6 June 1944: Allied Landing in Normandy, France op luxemburgensia.blogspot.be
  2. De Pierre Laux um Site francaislires.net
  3. Commeratioun un de Pierre Laux um Site vun der lëtzebuergescher Ambassade zu Den Haag