Gordian Troeller

Lëtzebuergesch-Däitsche Journalist

De Charles 'Gordian' Troeller gebuer de 16. Mäerz 1917 zu Pierrevillers, deemools Däitschland haut Frankräich, a gestuerwen den 20. Mäerz 2003 zu Hamburg, war e lëtzebuergesche Journalist, Dokumentarfilmmécher a Resistenzler.

Gordian Troeller
Gebuertsnumm Charles Troeller
Gebuer 16. Mäerz 1917
Pierrevillers
Gestuerwen 22. Mäerz 2003
Hamburg
Nationalitéit Lëtzebuerg, Däitschland
Aktivitéit Journalist, Reporter, Filmregisseur, Resistenzler
Famill
Bestuet mat Ruth Kahn, Marie-Claude Deffarge, Ingrid Becker-Ross-Troeller
Kanner Gordian Troeller Jr.

1938 ass de Gordian Troeller als Spueniekämpfer an de Spuenesche Biergerkrich gaangen, fir géint d'Franco-Truppen ze kämpfen. Hien huet sech fir d'éischt de kommunistesche Brigaden ugeschloss, mä geschwënn duerno, well e mat hiren dogmatesch-ideologesche Vuen net eens gouf, den Anarchisten.

Knapps zeréck zu Lëtzebuerg, huet hien 1940 mat senger jiddescher Frëndin Ruth Kahn a Frankräich misse flüchten, wou se sech bestuet hunn. Mat Hëllef vum hollännesche Geheimdéngscht huet hien e Resistenzlerreseau opgebaut, deen Hollänner, Belsch a Lëtzebuerger duerch Frankräich, Spuenien a Portugal bis a Groussbritannie geschleist huet.

Verbattert iwwer d'Haltung vun der Lëtzebuerger Exilregierung an der Aart a Weis, wéi d'politescht Liewen zu Lëtzebuerg sech nom Krich organiséiert huet, huet hie mam Norbert Gomand d'Wochenzeitung l'Indépendant gegrënnt. Doran huet en dacks d'Haltung vun der Lëtzebuerger Regierung géintiwwer hire Bierger wärend der Naziokkupatiounszäit kritiséiert. Dat huet dozou gefouert, datt d'Regierung mat enger Suite vu Prozesser déi Zeitung an d'Faillite gedriwwen huet. De Gordian Troeller huet doropshi Lëtzebuerg de Réck gedréint a virun allem als Auslandskorrespondent vu verschiddenen europäeschen Zeitunge geschafft. Hien huet ë. a. Reportage vun den Nürnberger Prozesser a, vu Madrid aus, iwwer Spuenie gemaach.

1948 souz hien do fir dräi Méint am Prisong wéinst Mathëllef bei der Flucht vun engem baskeschen Ënnergrondkämpfer.

Am Ufank vun den 1950er Joren huet de Gordian Troeller zu Amsterdam d'Marie-Claude Deffarge kennegeléiert, déi duerno seng zweet Fra gouf. Zesummen hu si Reportagë vun aus der ganzer Welt gemaach. Sou hu si vun 1960 bis 1972 ë. a. reegelméisseg fir déi däitsch Illustréiert Stern geschafft.

Bekannt gouf d'Koppel virun allem duerch hir Dokumentar-Filmer, déi se vun 1963 u gemaach hunn. D'Serie "Im Namen des Fortschritts" (fr. "Au nom du progrès") besteet aus 22 Filmer, déi se tëscht 1974 a 1984 gedréint hunn. 1984 ass d'Marie-Claude Deffarge gestuerwen, an de Gordian Troeller huet mat der Ingrid Becker-Ross virugeschafft, mat där en och schonn d'Serie "Frauen der Welt" (fr.: "Planète des femmes"), 12 Filmer tëscht 1979 an 1983 gedréint hat. Zesummen hu se 35 Filmer aus der Serie "Kinder der Welt" realiséiert, déi all op der däitscher Tële, zum Deel och op där franséischer, gewise goufen.

1986 gouf hie mat der Ingrid Becker-Ross bestuet.

A sengen engagéierte Reportagë stellt den Troeller sech ëmmer op d'Säit vun de Schwaachen. D'Leitmotiv ass d'Beschreiwung vum schwéiere Liewe vun den einfache Leit an de sougenannten Entwécklungslänner, agebonnen an déi politesch a wirtschaftlech Konditiounen, déi dëst Liewe bedingen. Den Troeller prangert d'Amëschen an dat rücksichtslost Duerchsetze vun den Intressie vun de fréiere Kolonialmuechten un, mä och déi "importéiert" Ideologië vun den neien Hären a Meeschteren, (mir sinn am Kale Krich), déi gewuesse Strukturen zerstéieren an déi nei Ongerechtegkeete schafen. Hie weist, zum Beispill unhand vu brasilianeschen Doléiner an enger Zockerrouerplantage, wéi de sougenannte Fortschrëtt, deen de Welthandel fërdert, dozou bäidréit, datt e puer Wéineg sech kënnen iwwerméisseg beräicheren, iwwerdeems wäit Deeler vun der Populatioun ënner der Hongersgrenz liewe mussen.

Fir seng Reportage huet de Gordian Troeller eng Hellewull Präisser kritt, dorënner 1992 de renomméierten Adolf-Grimme-Preis fir säi Liewenswierk.

Hien ass 2003 am Alter vu 86 Joer zu Hamburg gestuerwen. Am selwechte Joer krut hie posthum wärend der Zeremonie vum Lëtzebuerger Filmpräis mam Éierepräis geéiert.

Als Hommage un de Gordian Troeller ass am Dezember 2007 an der Serie Films made in Luxemburg eng DVD mat dräi Dokumentarfilmer ënner dem Titel Gordian Troeller revisited erauskomm.

Dokumentarfilmer

änneren

Im Namen des Fortschritts

änneren
  • 01 Der Fluch der Abhängigkeit Algerien 1974
  • 02 Die Schule des Teufels Togo 1974
  • 03 Zum Teufel mit der Schule Tansania 1974
  • 04 Verarmungshilfe Gabun 1975
  • 05 Mit Medizin ins Unglück Gabun - Senegal 1975
  • 06 Die weiße Revolution Iran 1975
  • 07 Auf Gedeih und Verderb Frankräich 1975
  • 08 Europas Weinfässer laufen über 1975
  • 09 Kein Respekt vor heiligen Kühen Mexiko 1976
  • 10 Protest gegen Paris Bretagne Elsass-Loutrengen 1976
  • 11 Kein Platz für Indianer Kanada 1976
  • 12 Allein gegen die Großen Eritrea 1977
  • 13 Der schwarze Islam Côte d'Ivoire 1977
  • 14 Von Basken und Katalanen Spuenien 1977
  • 15 Freiheit verboten Somalia 1978
  • 16 Die grauen Panther USA 1978
  • 17 Die Nachkommen der Inkas Bolivien 1978
  • 18 Die Freien des Nordens Kanada 1979
  • 19 Fabriken für die Dritte Welt Tunesien 1979
  • 20 Der persische Traum Iran 1979
  • 21 Bitterer Zucker Brasilien 1983
  • 21 Die Saat des Fortschritts oder das Ende der Entwicklung USA 1984

Frauen der Welt

änneren

Kinder der Welt

änneren

Literatur zum Theema

änneren
  • Gordian Troeller (Hrsg. Ingrid Becker-Ross-Troeller): Antifaschist. Anarchist. Journalist. Gordian Troeller berichtet. Eine Autobiografie Pro BUSINESS, 2009. ISBN 9783868053159
  • Ch. Adick, F. Stuke (Hg.): Ferne Länder - fremde Sitten. Analysen zum Filmwerk Gordian Troeller. Frankfurt 1996.
  • D.F. (= Danièle Fonck), Gordian Troeller - Vieil anar et éternel jeune homme; in: Tageblatt vum 7. Oktober 1995; S. 5 (mat enger Foto).
  • Robert Garcia: "Abrechnung mit den Mächtigen, der Filmemacher Gordian Troeller'", in: Lëtzebuerger Almanach '89, 44-57.
  • Robert Roemen: "Charles 'Gordian' Troeller ist tot: Resistenzler, Geheimdienstchef, Journalist und Filmemacher", in: Lëtzebuerger Journal 56(2003), Nr. 58 (25. Mäerz), S. 2.
  • Raymond Reuter: 100 Lëtzebuerger ronderëm d'Welt. Éditions Luxnews, 2003, ISBN 2-9599932-2-5,
  • Henri Koch-Kent: Halte à la falsification de l'histoire. Le procès Gomand (1945-1947): 114 témoins contre le gouvernement en exil, Luxembourg, Editioun vum Auteur, 152 p. 1988

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren