Metonymie

rhetoresch Stilfigur

Eng Metonymie (vum Algriichesche μετωνυμία - metonymía "Tosch vun engem Numm oder Wuert duerch en aneren/anert") ass eng rhetoresch Stilfigur, bei där e sproochlechen Ausdrock net a senger wuertwiertlecher Bedeitung, ma an engem iwwerdroene Sënn gebraucht gëtt. Dobäi besteet tëscht dem wuertwiertlechen an iwwerdroene Sënn eng gewëss Kontiguitéit, d. h. Noperschaft oder eng real Zougehéieregkeet: z. B. handelt et sech en Deel fir e Ganzt, oder ëm eng Plaz fir dat, wat do ass oder do gemaach gëtt, oder e Behälter, dee fir den Inhalt steet.

D'Metonymie gehéiert zu den Tropen.

Beispiller änneren

  • "Bréissel" fir eng oder méi vun den Institutioune vun der Europäescher Unioun;
  • "de Findel" fir de Fluchhafe Lëtzebuerg, deen um Lieu-dit Findel ass;
  • "d'Chamber" fir d'Deputéiert ("D'Chamber huet d'Gesetz gestëmmt");
  • "den Haff" fir Membere vun der groussherzoglecher Famill oder hir Verwaltung;
  • "Lëtzebuerg ass Weltmeeschter" fir déi Nationalequippe an enger bestëmmter Sportaart, déi domat gemengt ass;
  • "eng Paella, eng Tajine iessen", "en Humpen drénken" (de Behälter steet fir de Plat, deen dra gekacht gëtt oder d'Gedrénks, wat dran zerwéiert gëtt).