Grad Fahrenheit
Grad Fahrenheit (Symbol: °F) ass eng Moosseenheet fir d'Temperatur, déi vum däitsche Physiker Gabriel Fahrenheit 1724 proposéiert gouf. Op senger Skala louch de Gefréierpunkt vum Waasser bei 32 °F an de Punkt, wou et kacht, bei 212 °F. Haut gëtt d'Fahrenheit-Skala vun der Celsius-Skala ofgeleet, an zwar: .
De Fahrenheit hat ursprénglech 0 °F als déi keelst Temperatur, déi bis dohi gemooss gouf, festgeluecht, a 96 °F als déi vum Blutt vun engem Päerd (96 an net 100, well en d'Skala an 12 gedeelt huet, an déi dann nach eng Kéier an Aachtel dovun).
D'Skala a Grad Fahrenheit gëtt haut just nach an de Vereenegte Staaten, am Belize an op de Kaimaninsele benotzt.
Ëmrechnen a Grad Celsius
ännerenFir eng Temperatur vu Grad Fahrenheit a Grad Celsius ëmzerechnen, muss een 32 ofzéien an d'Resultat duerch 1,8 dividéieren:
- .
Ee Rechebeispill: Fir 50 °F rechent ee fir d'éischt an dann . Deemno kritt een als Resultat 10 °C.