Gare Luerenzweiler

Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn

D'Gare vu Luerenzweiler ass eng Gare op der CFL-Streck 1, der sougenannter Nordstreck, tëscht der Gare Heeschdref an der Gare Lëntgen vun der Lëtzebuerger Eisebunn.

Gare Luerenzweiler
Streck 1
PK 28,161
Quaien 2
Gleiser 2
Uertschaft Luerenzweiler
Gemeng Luerenzweiler
Kanton Miersch
Koordinaten 49° 41’ 54.5’’ N
      6° 08’ 25.4’’ O
Websäit CFL.lu

D'Nordstreck féiert vu Lëtzebuerg bis op Ëlwen an da weider an d'Belsch, wou se vu Gouvy un, Kontakt mat der belscher Linn 42 (Rivage-Gouvy) huet. Eng Antenn geet vun Ettelbréck op Dikrech an eng weider Antenn zweigt zu Kautebaach of a féiert bis op Wolz.

An der Gare zu Luerenzweiler steet den éischte Catenairespotto deen den 18 Abrëll 1988 am Kader vun der Elektrifizéirung vun der Nordstreck opgeriicht gouf.

D'Gare Luerenzweiler huet e gratis Park & Rail-Parking a speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit.

D'Gebai änneren

Déi éischt Gare zu Luerenzweiler war scho fir de Bau vun der Nordstréck geplangt ginn. Déi koum dunn awer op Lëntgen a Luerenzweiler krut just en einfachen Halt. Wéi dat zweete Gleis gebaut gouf krut Luerenzweiler 1911 awer nach eng Gare, déi haut nach do steet.

D'Gebai ass méi oder wéineger eng Kopie vun den deemolegen däitsche Garen. D'Architektur entsprécht dem däitschen "Heimatstil". Et besteet aus engem Haaptgebai an e puer Niewegebaier déi mat dem Haaptgebai verbonne sinn. Ursprénglech gouf et och nach e Niewegebai aus Holz (op enger Foto vun 1981 op rail.lu ze gesinn). Dat rechteckegt Haaptgebai hat dräi Zëmmer an d'Niewegebaier zwee resp. een Zëmmer.

D'Gebai huet haut seng ursprénglech Bedeitung verluer. No enger Restauréierung gëtt et als Wunnhaus benotzt.

Den 13. Juni 2022 gouf proposéiert, et als national Kulturierfschaft ze klasséieren.[1]

Zich déi an der Gare halen änneren

Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Heeschdref   RB
CFL-Linn 10 
  Lëntgen Dikrech

Literatur änneren

  • Jean-Claude Schumacher: Monuments historiques de l'industrie luxembourgeoise - Denkmäler Luxemburger Industriekulltur, Service des sites et monuments nationaux, 1997, 143 S., ISBN 2-919883-00-3 (D'Gare vu Luerenzweiler: S. 107)

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Gare Luerenzweiler – Biller, Videoen oder Audiodateien
Garen op der Linn 1 / Nordstreck

Lëtzebuerg - Ëlwen: Lëtzebuerg - Pafendall-Kierchbierg - Dummeldeng - Walfer - Heeschdref - Luerenzweiler - Lëntgen - Miersch - Kruuchten - Colmer-Bierg - Schieren - Ettelbréck - Méchela - Giewelsmillen - Kautebaach - Wëlwerwolz - Draufelt - Klierf - Ëlwen
Antenn Ettelbréck - Dikrech: Ettelbréck - Dikrech
Antenn Kautebaach - Wolz: Kautebaach - Mäerkels - Paradiso - Wolz
Kuckt och: Gare · Rangéiergare · Linn 3 · Linn 5 · Linn 6 · Linn 6b · Linn 6c · Linn 7 · Linn 80

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).