De Mosaik vu Viichten ass e Mosaik aus der Réimerzäit vun 10,36 × 5,92 m, deen am Fréijoer 1994 zu Viichten bei Bauaarbechte fonnt gouf.

De Mosaik am Nationalmusée um Fëschmaart.

En ass géint 240 am Empfankssall vun enger Villa installéiert ginn (eng vun deene gréissten, déi bis ewell zu Lëtzebuerg fonnt goufen), a kombinéiert e literarescht mat engem mythologeschen Theema: den Dichter Homer zesumme mat der Muse vun der Dichtkonscht, der Kalliope, mat, ronderëm deenen aacht anere Muse Klio, Euterpe, Thalia, Melpomene, Terpsichore, Erato, Polyhymnia an Urania.

De Mosaik gouf warscheinlech vun Artiste vun Tréier geschaf. En ass vun héijer kënschtlerescher Qualitéit an an engem gutt erhalenen Zoustand. Nodeem d'Schied, déi duerch d'Bauaarbechten entstane waren, vum Rheinische Landesmuseum restauréiert gi waren, gouf en[Wéini ?] an den ëmgebauten Nationalmusée um Fëschmaart geplënnert, wou en zanterhier als Bléckfank vun der gallo-réimescher Sektioun ausgestallt ass.

Zu Viichten, direkt nieft der Gemeng, läit e Faksimile dee vum Carlo Signorini realiséiert gouf.

De Mosaik ass zanter dem 2. Februar 1996 als Nationaalt Monument klasséiert.[1]

Literatur änneren

  • Haag, Emil, 2011. La romanisation du pays des Trévires: les sites du Titelberg et de Dalheim, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 56-63.
  • Jean Krier, François Reinert: "Homère et les neuf muses a Vichten", in: Luxembourg de la préhistoire au Moyen âge. Dossier d'Archéologie Hors série n° 5 (1995), S.71-73.
  • Paulke, Matthias, 2019: Archäologischer Rundgang durch Luxemburg. Luxemburg, S. 114-115.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Mosaik vu Viichten – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).