Klingelpütz war fréier am Volleksmond den Numm fir e Prisong zu Köln, dee beim Gereonswall stoung an an den 1960er Jore vun engem neie Gebai am Quartier Köln-Ossendorf ersat gouf. Vum Vollek gouf den Numm och fir den neie Prisong, deen offiziell Justizvollzugsanstalt Köln heescht, iwwerholl.

Klingelpütz
Monument fir Affer déi an der Zäit vum Nationalsozialismus higeriicht goufen
Land Däitschland
Gemeng Altstadt-Nord
Plaz Köln
Koordinaten 50° 56’ 46.7’’ N
      6° 57’ 0.9’’ O
Statut fréiere Prisong
Datum vum Bau 1835 - 1838
Ofgerappt oder zerstéiert 1969

Den Numm Klingelpütz koum dohier well op där Plaz eng Famill Clingelmann Terraine mat e puer Pëtzer hat. E Pëtz heescht op Kölsch Pütz.

Den offizielle Stroossennumm ass zanter 1263 dokumentéiert.

Geschicht

änneren

De Prisong gouf tëscht 1835 an 1838 gebaut a war am Ufank fir 800 Prisonéier virgesinn. Obwuel duerno verschidde Vergréisserunge gemaach goufen, war e bal ëmmer iwwerbeluecht.

Et gëtt geschat, datt hei an der Zäit vum Nationalsozialismus, vun 1933 bis 1945, iwwer dausend Antifaschisten ëmbruecht goufen. Meeschtens goufe se guillotinéiert, sou d'Resistenzler vu Lëtzebuerg Henri Adam an Ady Claude. Eleng 1944 louch de Klingelpütz um Leidenswee vun iwwer 10.000 Gefaangen. Den 30. Oktober 1945 goufen do nach d'Läiche vun 80 politesche Prisonéier ausgegruewen. Se sollten op en "Doudesmarsch" an d'KZ Buchenwald geschéckt ginn, ma goufe virdrun vun hire Giischtercher an der SS doudgeschloen an am Prisongshaff verschäert.[1]

1969 gouf de Klingelpütz ofgerappt an op dem Areal e Park mat Spillplaz a Jugenzentrem erriicht.

Referenzen an Notten

änneren
  1. Doriwwer an iwwer d'Zäit vum Nationalsozialismus steet praktesch näischt um Site vun der Geschicht vun der Justizvollzugsanstalt Köln. Just een Unheil gëtt ervirgehuewen: "...Die letzten Jahre des zweiten Weltkrieges brachten dann das Unheil auch über die Anstalt. Die Zerstörung begann mit einem Bombenvolltreffer und ungeheurer Wirkung im Mittelpunkt des Gefängnisses. Hierdurch wurde das Oktogon bis zu den Kellermauern zerstört. Die Ruine musste später vollständig abgetragen werden." Als Geschehnisse von besonderer Tragik gëtt awer ernimmt, datt vum 31. Mäerz bis den 9. Oktober 1884 de Kardinol a Kölner Äerzbeschof Paulus Melchers do agespaart war. Am Kader vum Kulturkampf hat hie refuséiert Protokoller ze bezuelen. archivéiert