Haaptmenü opmaachen

Gemeng Käerjeng

lëtzebuergesch Gemeng

GeographieÄnneren

D'Gemeng Käerjeng läit am Südweste vu Lëtzebuerg am Kanton Kapellen.

Si mécht nërdlech d'Grenz mat Grass, enger Exklav vun der Gemeng Stengefort, a mat der Gemeng Garnech, am Oste leien d'Gemeng Dippech an d'Gemeng Suessem, am Süden d'Gemeng Déifferdeng an d'Gemeng Péiteng, an am Westen déi belsch Gemengen Éibeng, Miezeg an Arel.

NopeschgemengenÄnneren

  Stengefort Garnech  
Péiteng N Dippech
W    Käerjeng    O
S
Suessem

Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng [2]Änneren

Fréier Gemeng NidderkäerjengÄnneren

Fréier Gemeng KënzegÄnneren

EtymologieÄnneren

  • D'Wuert Käerjeng kënnt vum keltesche Karusa a bedeit kleng Steebaach. 36 n. Chr. gouf schonn eng Siidlung Charus ernimmt, doraus gëtt Chara, Cher (947), Kersen (1243) a Karen (1486).
  • Kënzeg kënnt aus dem laténgeschen Curmiciacus, aus Curmic- gouf Kunz- an -iacus gouf zu -ingen.
  • Lénger kënnt vum dem keltesche Lianog a bedeit klengt Feld. Spéider heescht et Linceres (1281), Lyneres (1339), Lynieres delais Cheraize (1381), Leinert (1758) a Lyngeres a gëtt 1798 Linger.
  • Féngeg gëtt eréischt 1473 fir d'éischt ernimmt an iwwer den Ursprong vum Numm ass wéineg bekannt. Aus Fünich, Finnich, Fennich, Finnange, Finnig, Pfennig a Feigny gëtt schlussendlech Fingig.[3]

GeschichtÄnneren

 
Al Schoul, aalt Paschtoueschhaus a Kierch zu Uewerkäerjeng

Dat eelst Zeeche vun Awunner um Terrain vun der haiteger Gemeng Käerjeng gouf an den 1990er Joren entdeckt. Deemools gouf eng aristokratesch Grafkummer vu 4,3 op 4,2 Meter aus der Zäit vun de Gallier fonnt, déi op ongeféier 70 v. Chr. konnt datéiert ginn.[4]

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Grafkummer vu Kënzeg Kënzeg gouf fir d'éischt am 8. Joerhonnert an engem Dokument vum Karl Martell erwähnt.

Nidderkäerjeng gouf fir d'éischt de 4. Abrëll 1281 ernimmt, an engem Fräiheetsbréif vun de Béimer. Deemools war et mat Uewerkäerjeng, Lénger a Péiteng an der Hoheit Kerschen zesummegeschloss. Kënzeg krut seng Onofhängegkeet warscheinlech schonn 1260.

An der Zäit vum franséische Regime vum Directoire bis zum Enn vum Premier Empire war Käerjeng Haaptuert vun engem franséische Kanton am Département des Forêts. 1799 entsteet d'Mairie de Bascharage mat den Dierfer Nidderkäerjeng, Uewerkäerjeng a Lénger. Den éischte Buergermeeschter gouf 1800 de Pierre Clement.[3]

Fir ze verhënneren datt d'Käerjenger Jongen ënner dem Napoleon an d'Arméi aberuff ginn, goufen ënner dem Pierre Clement all d'Jongen déi gebuer goufen als Meedercher agedroen. An den zwee Joer 1803 an 1804 goufen sou 16 Jongen zu Meedercher 'gemaach'. No zwee Joer gouf d'Gebuerteregëster fir d'éischt kontrolléiert an de Bedruch ass opgeflunn. De Pierre Clement an de Sekretär Nicolas Himbert hu sou hiert Mandat verluer. 1805 gouf de Pierre Clement allerdéngs erëmgewielt an ass nach bis 1816 Buergermeeschter bliwwen.[5]

PolitikÄnneren

Den 18. Mee 2010 huet de Käerjenger Gemengerot, deeselwechten Dag wéi dee vun der Gemeng Kënzeg, engem Accord zu enger Fusioun tëscht den zwou Gemengen Nidderkäerjeng (mat Uewerkäerjeng a Lénger) a Kënzeg (mat Féngeg) zougestëmmt.[6] Bei engem Referendum, de 5. Dezember 2010 hunn an den zwou Gemengen eng Majoritéit vun de Wieler sech fir eng Fusioun ausgeschwat (58 % zu Nidderkäerjeng, 56,17 % zu Kënzeg).[7]

D'Fusioun gouf definitiv am Gesetz vum 24. Mee 2011 portant fusion des communes de Bascharage et de Clemency [8] festgehalen an ass den 1. Januar 2012 a Kraaft getrueden.

De Gemengerot setzt sech zanter 2017 aus 15 Conseilleren zesummen. De Schäfferot gëtt vun enger Majoritéit vun CSV-déi Gréng gedroen.[9]

Joer ADR CSV DP gréng LSAP
2011 0 4 1 2 5
2017 0 7 1 2 5

Quell: RTL.lu / elections.lu

BuergermeeschterenÄnneren

Fréier Gemeng Kënzeg
1815-1830 Pierre Decker
1830-1832 Henri Simon
1832-1836 Michel Schleimer
1836-1861 Michel Maximlien Joseph Tibesar[10]
1861 Januar-Abrëll Wilhelm Ernster
1861-1867 Jean Kirsch
1867-1879 Pierre Berens
1879-1891 Jean Kirsch
1891-1912 J.-B. Biver
1912-1921 Jean-Eugène Kirsch
1921-1925 J.-P- Schmitz
1925-1933 Nic Klein
1933-1946 Michel Schumacher
1946-1957 Joseph Jeitz[11]
1957-1963 Félix Heinen
1964-1969 Albert Kirsch
1970-1975 Antoine Hirtz
1976-1981 Marcel Hellbach
1982-1984 Guillaume Jeitz
1985-1987 Nicolas Ehleringer
1987-1996 Fred Reuter
1997-2007 Daniel Hautus
2007-2011 Jeannot Jeanpaul
Fréier Gemeng Nidderkäerjeng
1844 Jean Wagner[10]
1858 - 1893 J.-Nic. Schumacher
1894 - 1902 Pierre Schütz
1903 - 1917 Jules Hemmer
1918 - 1928 Jean Peschong
1929 - 1946 Théophile Aubart
1946 - 1957 Nicolas Meyers
1958 - 1987 Robert Steichen
1988 - 1990 Marcel Gillen
1990 - 1994 André Siebenbour
1994 - 1999 Jos Thill
1999 - 2007 Jean Christophe
2007 - 2010 Jeannot Halsdorf
2010 - 2011 Michel Wolter

No der FusiounÄnneren

PopulatiounÄnneren

D'Gemeng Käerjeng hat am Joer 2012 9.865 Awunner a war domat wat d'Awunner betrëfft déi gréisst Gemeng am Kanton Kapellen an déi aacht zu Lëtzebuerg.

D'Awunner sinn sou op déi 5 Uertschafte vun der Gemeng verdeelt:

Uertschaft Awunner
Féngeg 413
Kënzeg 1832
Lénger 567
Nidderkäerjeng 5387
Uewerkäerjeng 1657
Am Ganzen 9865

72 % vun den Awunner vun der Gemeng Käerjeng hunn d'Lëtzebuerger Nationalitéit, 28 % vun der Bevëlkerung sinn Auslänner.

Mat 948 Awunner oder 9,6 % vun allen Awunner bilden d'Portugisen déi gréisst auslännesch Bevëlkerungsgrupp. Och 405 Fransousen (4,1 %), 389 Belsch (3,9 %) an 355 Italiener (3,6 %) wunnen zu Käerjeng.

Bal 10 % vun den Awunner vun der Gemeng wunnen eleng an der Avenue de Luxembourg, der Haaptstrooss vu Nidderkäerjeng.

EkonomieÄnneren

 
D'Brauerei Bofferding am Zentrum vun Nidderkäerjeng

An der Gemeng Käerjeng ass d'Zone d'activité économique Robert Steichen ugesidelt. Do hu sech am Laf vun der Zäit eng Partie grouss Betriber, wéi Delphi, Luxguard an General Motors néiergelooss. Zanter 2006 ass och den italieenesche Fabrikant vu Kichenartikelen Tontarelli zu Käerjeng vertrueden. Am selwechte Joer huet awer d'Entreprise TDK hir Dieren zougemaach, mä zanter 2012 produzéiert de Groussbäcker Pains & Tradition an engem Deel vun de fréieren Hale vun der TDK seng Wueren.

D'Brasserie Nationale huet zu Käerjeng hire Sëtz. Do ginn d'Béiermarke Bofferding a Battin produzéiert.

D'Bus- a Reesgesellschaft Sales-Lentz ass aus der fréierer Busentreprise Josy Lenz ervirgaangen an hat sech am Ufank um fréiere Bauerenhaff vum Josy Lentz ongeféier do wou haut de Smatch an der Rue de la Résistance ass établéiert. Wéi se mat der Zäit méi grouss gouf, ass se aus dem Zentrum an d'Industriezon geplënnert.

VerkéierÄnneren

Duerch Nidderkäerjeng leeft d'N5, déi do Avenue de Luxembourg heescht an déi Käerjeng mat Péiteng a mat der Stad verbënnt. Iwwer Käerjenger Terrain leeft och d'Collectrice du Sud.

D'Gemeng Käerjeng ass un d'RGTR, TICE an TEC-Busnetz ugeschloss.

Op Käerjenger Buedem läit och d'Gare Nidderkäerjeng-Suessem un der Linn 70, déi Péiteng an d'Stad matenee verbënnt. Och d'Eisebunnsstreck Péiteng-Ettelbréck (Atertlinn) ass bis 1967 duerch Uewerkäerjeng a Kënzeg gelaf. Déi fréier Gare vun Uewerkäerjeng, vun där just nach Ruinen iwwereg waren, gouf 2011 ofgerappt, an der aler Gare vu Kënzeg ass haut e Café mat Versammlungsraim fir Veräiner.

Do wou fréier d'Atertlinn verlaf ass, ass haut d'Vëlospist PC12.

Interkommunal SyndikaterÄnneren

KuckeswäertesÄnneren

KierchenÄnneren

  • D'Kierch vun Nidderkäerjeng gouf vun 1978 bis 1982 gebaut an den 23. Mee 1982 vum Mgr. Jean Hengen geweit. De Patréiner ass den hellege Willibrord. Et ass déi modernst Kierch am Land. An der Kierch ass en aalt Kräiz aus dem 17. Joerhonnert an e Kräizwee vun der Bettina Sabbatini. Vis-à-vis vun der Willibrorduskierch, do wou haut d'Claus-Cito-Plaz ass, stoung nach bis 1985 déi al Maximäinkierch. Si war 1788 gebaut an 1862 vergréissert ginn. Si war zum Schluss ze kleng.[12]
  • D'Kierch vun Uewerkäerjeng gouf 1740 gebaut an de 15. August 1761 geweit. D'Miwwele stamen aus dem Barock, dorënner dräi historesch wäertvoll Altär an eng Kanzel.
  • Zu Lénger steet eng géint 1863 am neoromanesche Stil gebaute Kierch. Si ass der Onbefleckter Empfängnis vun der Jongfra Maria geweit. An der Kierch kann een en Tabernakel an e Kräiz vun der Bettina Sabbatini fannen.[13]
  • Mam Bau vun der Kënzeger Kierch gouf 1726 ugefaangen. Si ass dem hellege Remi geweit.
  • D'Maximäinkapell zu Kënzeg staamt aus dem fréien 18. Joerhonnert. Nieft der Kapell steet déi Wëll Lann an eng Erënnerungsplack.
  • D'Kierch vu Féngeg gouf vun 1864-1866 gebaut an de 26. Mäerz 1866 ageweit. De Patréiner ass den hellege Mathias. D'Kierch gouf 2003 ëmfaassend renovéiert.

WäschburenÄnneren

  • Zu Uewerkäerjeng fënnt een en deelweis ënnerierdeschen ale Wäschbur e bësse baussent Duerf laanscht de Feldwee fir op Héiweng.
  • Zu Féngeg steet en iwwerdeckte Wäschbur an der Mëtt vum Duerf. An dësem Wäschbur ass d'Quell vun der klenger Baach Këschel.

D'Kënzeger SchlassÄnneren

 
D'Kënzeger Schlass

Dat klengt Kënzeger Schlass gouf 1665 am Renaissance-Stil vum Johann Ferdinand vu Blanchard gebaut a fofzeg Joer méi spéit dem Barock-Stil vun der Zäit ugepasst. Och am 18. Joerhonnert goufe nach Verännerunge virgeholl. An de leschte Jore stoung d'Gebai laang eidel, mä 2009 gouf et ëmfaassend renovéiert.

NaturÄnneren

  • Tëscht Féngeg an Uewerkäerjeng läit d'Naturschutzgebitt Boufferdanger Muer.
  • Südlech vu Lénger fënnt een d'Naturschutzgebitt Lénger Wisen.
  • Tëscht der Biff an der Industriezon Haneboesch läit d'Naturschutzgebitt Dreckswiss.
  • Net wäit vum alen Uewerkäerjenger Wäschbur leien d'Griechten, déif an de Buedem gegruewe Quellen, déi d'Mierbaach mat Waasser beliwweren.
  • Nieft der Maximäinkapell steet déi Wëll Lann zu Kënzeg, ee vun den eelsten a déckste Beem zu Lëtzebuerg. Déi Wëll Lann huet no engem Stuerm vum 25. Juni 2006, bei deem den Haaptaascht ofgebrach war, bis op de Stamm zréckgeschnidde misse ginn, schéisst awer nach ëmmer aus.

VeräinsliewenÄnneren

 
D'Harmonie Hautcharage gëtt e Concert op der Plëss an der Stad, Mee 2013.
  • Foussball: UN Käerjéng 97, Étoile sportive Clemency
  • Handball: Handball Käerjeng, Roude Léiw Bascharage
  • Basket: BBC Bascharage Hedgehogs
  • Keelen: Keelefrënn Uewerkäerjeng, K.C. Fiisschen Linger, K.C. Braustiedler 04 Käerjeng, K.C. Emmer um Dill Bascharage, K.C. Roadrunners Bascharage
  • Fëschen: Fëschersport Club, Grondel Hautcharage, Sportfëscher Bascharage
  • Dëschtennis: D.T. Fingig, D.T. Avenier Hautcharage, D.T. Bascharage, Entre-Nous Linger
  • Tennis: Tennis Club Bascharage, Tennis Kéinzeg-Féngeg
  • Kampfsport: Karate Club Bascharage
  • Harmonien: Harmonie Municipale Bascharage, Harmonie Hautcharage, Harmonie Clemency
  • Ste. Cécile Choralen Bascharage, Kënzeg, Féngeg, Hautcharage a Lénger
  • Fräizäit-Sport Kéinzeg organiséiert sportlech Aktivitéiten am net-kompetitive Beräich
  • Päerds- an Trakterfrënn Lëtzebuerg
  • Scouten: Grupp St. Willibrord Bascharage

Bekannt Leit aus der GemengÄnneren

LiteraturÄnneren

  • Rolf Ketter (Text), Yvon Lambert (Fotoen): Liewen an der Gemeng Käerjhéng, Buch mat 2 Audio-Kassetten; Bascharage 1993.
  • Schroeder, Michael: Wachsmuot von Künzich (Kunzech): ein Luxemburger Minnesänger - In: Annuaire: vol. II des actes du XXIe congrès international des sciences généalogique et héraldique de Luxembourg (1994) / Association luxembourgeoise de généalogie et d'héraldique = Jahrbuch / Luxemburger Gesellschaft für Genealogie und Heraldik. - 1995, p. 59-72, ill.

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. D'Donnéeën déi d'Fläch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wéi s'an dësem Artikel stinn entspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.
  2. D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
  3. 3,0 3,1 Geschicht vun der Gemeng Käerjeng op www.käerjeng.lu
  4. Chambre funéraire Clemency MNHA (op franséisch)
  5. Rue Pierre Clement
  6. "D'Gemeng Kënzeg fusionéiert mat der Gemeng Nidderkäerjeng." rtl.lu, 18.05.2010, 15:56 - Fir d'lescht aktualiséiert: 18.05.2010, 20:35.
  7. "Bürger sagen Ja: Aus Niederkerschen und Küntzig wird Käerjeng." wort.lu, 05.12.2010 16:24.
  8. Gesetz vum 24. Mee 2011 iwwer d'Fusioun
  9. "Michel Wolter bleift Buergermeeschter vu Käerjeng." rtl.lu, 20.10.2017, 09:26:54.
  10. 10,0 10,1 ARRÊTÉ ROYAL GRAND-DUCAL, du 29 décembre 1843, n°2926f, portant nomination des Bourgmestres et Echevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché am Memorial N°3 vun 1844
  11. Memorial A N° 4 vun 1946 mam Avis: Administrations communales. COMPOSITION DES COLLEGES ECHEVINAUX
  12. [Broschür 25 Joer Willibrorduskierch Nidderkäerjeng]
  13. bascharage.cathol.lu Eglises