An der Geometrie an an der Trigonometrie ass d'Triangulatioun eng Technik, déi et erméiglecht, d'Positioun vun engem Punkt z'ermëttelen, andeems een d'Wénkelen tëscht deem Punkt an zwéi anere Referenzpunkten, deenen hir Positioun bekannt ass, bestëmmt, amplaz direkt d'Distanz tëscht deene Punkten ze moossen.

Scho 6 Joerhonnerte virun eiser Zäitrechnung huet den Thales déi Method ugewannt, fir erauzefanne wéi wäit e Schëff vun der Küst ewech wier. Dofir huet hien zwéin Observateure laanscht d'Küst positionnéiert, déi eng bekannt Distanz vuneneen ewechstoungen. Andeems allen zwéin de Wénkel tëscht der (imaginärer) Linn, déi se mam Schëff verbënnt, an där, déi déi zwéi matenee verbënnt, gemooss hunn, konnt esou d'Distanz zum Schëff ausgerechent ginn.

An der Geodesie gouf bis an d'1980er d'Triangulatioun virun allem benotzt, fir Distanzen an der Landschaft ze moossen. Dofir goufen Tierm, Biergspëtzen oder soss héich a spatz Unhaltspunkte benotzt.

Och den Delambre an de Méchain hunn déi Method tëscht 1792 an 1798 geholl, fir d'Distanz tëscht Dunkerque a Barcelona, um Meridian vu Paräis, ze bestëmmen (eng 1.147 km) , fir sou d'Gréisst vum Meter offiziell ze bestëmmen.

Virdrun hate schonn de Jacques an de César Cassini mat där Method eng Kartographie vu Frankräich opgestallt.

De Gemma Frisius war deen éischten, deen an der Neizäit, a sengem Wierk De Locorum describendorum ratione (1533) d'Prinzipe vun der Triangulatioun beschriwwen huet.