Mamer
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Uertschaft Mamer. Fir de Waasserlaf mam Numm Mamer kuckt wgl. Mamer (Baach) |
Mamer ass eng Uertschaft am Kanton Capellen an den Haaptuert vun der Gemeng Mamer.
Mamer | |
---|---|
![]() | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Mamer de: Mamer |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Capellen |
Gemeng |
![]() |
Buergermeeschter | Gilles Roth (CSV) |
Awunner | 4.887 |
Koordinaten |
49° 37’ 38’’ N 06° 01’ 22’’ O |
GeographieÄnneren
Mamer läit am Dall vun der Mamer, westlech am Lëtzebuerger Land am Kanton Capellen. Ronderëm leie Kielen am Norden, Stroossen a Bartreng am Osten, an Dippech am Süden, Holzem a Capellen am Westen.
Duerch Mamer leeft d'Nationalstrooss N6 déi op hirer ganzer Längt zu der Voie de la Liberté gehéiert.
GeschichtÄnneren
Mamer gëtt an engem Schenkungsakt vum 8. Abrëll 960, an dem d'Gräfin Liutgardis, d'Uertschaft Mambra, déi si vun hiren Eltere Wigerich an Kunigunde geierft hat, un d'Klouschter Sankt Maximin vun Tréier verschenkt, fir d'éischt schrëftlech ernimt.
KuckeswäertesÄnneren
- 1972 goufe bei archeologeschen Ausgruewungen zu Mamer no beim Tossebierg Iwwerreschter vun ë. a. Thermen aus der réimescher Zäit entdeckt.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Réimesch Thermen zu Mamer
Fräizäit zu MamerÄnneren
Zu Mamer, an an der noer Ëmgéigend gëtt et en Netz vun Trëppelpied dat eng Totallängt vun 41 Kilometer huet. Nieft dem Circuit autopédestre am Juckelsbësch deen 9 Kilometer laang ass, sinn déi aner 6 gezeechent Pied tëscht 3,7 a 6,3 km laang. Eng Kaart mat den Trëppelpied kann een op der Mamer Gemeng gratis kréien.
Kuckt ochÄnneren
- Pompjeeë Gemeng Mamer
- Kierch Mamer
- Kulturzentrum Kinneksbond
- Nicolaus Mameranus
- F.C. Mamer 32
- Lycée Josy-Barthel Mamer
- Mamer velo
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um SpaweckÄnneren
Commons: Mamer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
ReferenzenÄnneren
- ↑ Dénombrements des feux des duché de Luxembourg et comté de Chiny