De Galileo Galilei, gebuer de 15. Februar 1564 zu Pisa, a gestuerwen den 8. Januar 1642 zu Arcetri bei Florenz, war en italieenesche Mathematiker, Physiker an Astronom a Grënner vun der mathematescher Naturwëssenschaft.

Galileo Galilei
Gebuertsnumm Galileo di Vincenzo Bonaiuti de' Galilei
Gebuer 15. Februar 1564 jul.
Pisa
Gestuerwen 8. Januar 1642
Arcetri
Educatioun Universitéit vu Pisa
Aktivitéit Astronom, Philosoph, Mathematiker, Physiker, Erfinder, Astrolog, Polymath, Universitéitsprofesser, Wëssenschaftler, Ingenieur, Philosoph
Member vun Accademia della Crusca, Accademia Nazionale dei Lincei
Famill
Liewenspartner(in) Marina Gamba
Papp Vincenzo Galilei
Mamm Giulia Ammannati
Geschwëster Michelangelo Galilei
Kanner Vincenzo Gamba, Virginia Galilei

Mat sengen Theorien huet en zum Deel dem Aristoteles seng Aarbechte widderluecht. Hie war ee vun den éischten, déi astronomesch Observatioune mat engem Teleskop gemaach hunn.

Hie war en Unhänger vum Nikolaus Kopernikus. Zu senge Beobachtungen a Berechnungen zielen:

Biographie änneren

1564: De Galilei kënnt de 15. Februar zu Pisa op d'Welt; säi Papp, de Vincenzo Galilei, ass Museker a Musektheoretiker.

15801585: Hie war Student vun der Philosophie a Medezin an der Universitéit vu Pisa, déi hien ouni Ofschloss verléisst. Hien huet sech der Mathematik zougewannt, an de Léiere vum Archimedes.

1589 - 1592: Hie gouf Lektor fir Mathematik zu Pisa a schrouf säin éischt Wierk: De motu (Iwwer d'Beweegung).

1592 – 1610: Hie gouf Professer fir Mathematik zu Padua.

Wierker a Schrëfte vum Galilei änneren

  • Le mecaniche (1593),
  • Compasso geometrico e militare (De militäresche a geometresche Kompass) (1606),
  • Sidereus nuncius (De Stärebot), (1610),
  • Discorso intorno alle cose che stanno in su l'acqua (Ofhandlung iwwer Saachen, déi sech iwwer Waasser hale kënnen) (1612),
  • Lettere solari (D'Sonnebréifer, Observatiounen an Theorien iwwer d'Sonneflecken) (1613),
  • 16151616: De Galilei goung op Roum. Discorso sul flusso e reflusso (Ofhandlung iwwer d'Gezäiten) Déi kierchlech Ämter verurteelen d'Léier vum Nikolaus Kopernikus. De Galilei krut vum Kardinol Bellarmino e Blâme.
  • 1619: Discorso sulle comete (Ofhandlung iwwer d'Koméiten, déi hie zesumme mat dem Mario Guiducci geschriwwen huet)
  • 1623: Il Saggiatore. De Maffeo Barberini gëtt zum Poopst Urban VIII gewielt.
  • 1624: Nach eng Rees vum Galileis op Roum fir sech dem neie Poopst erkenntlech ze weisen.
  • 1624 – 1630: Hie verfaasst den Dialog iwwer déi zwee haaptsächlech Weltsystemer, dat ptolemäescht an dat kopernikanescht
  • 1632: Am Februar, Drock vum Dialog; am August gëtt d'Verbreedung verbueden. Am September gëtt dem Galilei ordonéiert, sech den hellegen Uffizien ze stellen.
  • 1633: Am Januar ass de Galilei erëm zu Roum. Et gëtt him de Prozess gemaach an e gëtt verurteelt. Den 22. Juni gëtt de Galilei gezwongen, alles ofzeschwieren
  • 1638: Discorsi e dimostrazioni intorno a due nuove scienze (Ofhandlung an Experimenter ronderëm zwou nei Wëssenschaften)
  • 1642: De Galilei stierft a sengem Landhaus zu Arcetri bei Florenz

Seng Wierker änneren

  • Sidereus nuncius, 1610
  • Saggiatore, 1623
  • Dialogo sopra i due massimi sistemi, Florenz 1632
  • Discorsi e dimostrazioni matematiche, Leiden 1638

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Galileo Galilei – Biller, Videoen oder Audiodateien