Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Kap Komorin, oder Kanyakumari ass de südlechste Punkt vum indeschen Ënnerkontinent.

D'Vivekananda Monument

Déi Landspëtz am indesche Bundesstaat Tamil Nadu läit op 8° 4' nërdlecher Breet a 77° 35' ëstlecher Längt. Et ass do, wou den Indeschen Ozean, dat Arabescht Mier an de Golf vu Bengalen sech begéinen.

Op enger klenger virgelagerter Insel ass e Monument Kanyakumari fir de Swami Vivekananda, en Hindu-Geeschtlechen a Geléierten.