Belair
![]() |
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Belair ass e Quartier am Weste vun der Stad Lëtzebuerg.
Belair | |
---|---|
| |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Belair de: Belair |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Lëtzebuerg |
Gemeng |
![]() |
Buergermeeschter | Lydie Polfer (DP) |
Awunner | 11.397 (31.12.2017) |
Fläch | 171,80 ha |
Koordinaten | 49°36'46"N, 6°6'51"O |
![]() Belair (blo) an der Stad Lëtzebuerg (gro) | |
De Quartier krut 1956 säin haitegen Numm. Virdrun huet en offiziell Neumerl geheescht.
Den NummÄnneren
Den Numm Belair oder Bel Air, gëtt associéiert mat Staddeeler déi Liicht, Loft an Uerdnung verspriechen[1]
Wou den Numm Belair fir de Stater Quartier hierkënnt ass net sécher gewosst. Den Architekt Mathias Martin hat 1923 säin Haus an der haiteger Avenue Gaston-Diderich "Maison Bel Air" genannt, an och d'Strooss huet ursprénglech sou geheescht (Rue Bel-Air).[2] Et ass méiglech, datt den Numm vun dësem Haus 1957 och dem ganze Quartier säin Numm ginn huet.
GeographieÄnneren
De Quartier Belair ass 171,8 Hektar grouss[1].
D'Grenze vum Quartier sinn:[1].
- am Osten de Boulevard Grande-Duchesse-Charlotte, vun der Stäreplaz (Place de l'Étoile) bis op den Ufank vun der Escher Strooss (route d'Esch);
- am Süden an am Westen d'Avenue Guillaume an d'Avenue du X-Septembre bis op d'Place de France; vun do aus d'Rue Wurth-Paquet an d'Rue O'Bradley bis an d'Rue des Aubépines; vun der Kräizung Rue des Aubépines - Val Sainte-Croix (Kräizgrënnchen) bis op d'Arelerstrooss mécht d'Grenz mat der Gemeng Stroossen d'Grenz vum Quartier Belair (also net den nërdleche Rescht vun der Rue des Aubépines;
- am Norden d'Arelerstrooss bis erof op d'Stäreplaz.
Ausser an der Rue des Aubépines gehéieren all Kéier béid Stroossesäiten zum Quartier Belair.
GeschichtÄnneren
Bis an d'Mëtt vum 20. Joerhonnert gouf de Quartier ënner dem Numm Neimärel gefouert. 1956 gouf e vum deemolege Gemengerot a Belair ëmgenannt[1].
AwunnerÄnneren
Entwécklung vun der Awunnerzuel[1].:
Joer | Awunner |
---|---|
1887 | 87 |
1900 | 243 |
1934 | 3.200 |
1970 | 8.851 |
1991 | 7.687 |
2010 | 9.683 |
Op den 31.12.2017 hunn um Belair 11.397 Leit gewunnt. Den Undeel vun de Lëtzebuerger louch bei 30,23 % géintiwwer 69,77 % Auslänner[3].
Rang | Nationalitéit | Awunner | Prozent |
---|---|---|---|
TOTAL | 11 397 | 100,00% | |
1 | Lëtzebuerg | 3 445 | 30,23% |
2 | Frankräich | 2 352 | 20,64% |
3 | Italien | 809 | 7,10% |
4 | Däitschland | 527 | 4,62% |
5 | Belsch | 485 | 4,26% |
6 | Portugal | 479 | 4,20% |
7 | Spuenien | 408 | 3,58% |
8 | Vereenegt Kinnekräich | 270 | 2,37% |
9 | USA | 206 | 1,81% |
10 | Griicheland | 176 | 1,54% |
Top 10 | 9 157 | 80,35% | |
Aner Nationalitéiten | 2 240 | 19,65% |
Bekannt Leit vum BelairÄnneren
- Guillaume Kroll (1889-1973)[4]
- Léopold Reichling (1921-2009) [Source?]
- Joseph Goedert (Historiker)[Source?]
- Emil Haag (Direkter vum Stater Kolléisch)[Source?]
- Jules Wassenich [Source?]
- Alain Meyer (*1949)[5]
- Renée Wagener (*1962)[6]
LiteraturÄnneren
- ons stad Nr. 98, 2011
- Philippart, R.. Schickes Wohnviertel auf ehemaliger Industriebrache. S. 6-31.
- Kugener, H.. Mit dem Aeskulap-Stab unterwegs durch Belair. S. 22-27.
- Braun, J.. Besuch beim Boss um Belair. S. 29.
- Huberty, Fernand. D'Liewen am Kräizgrënnchen an de fofzeger Joren. [sic] S. 30-35.
- Ney, M.. Le Val Sainte-Croix et ses Arquebusiers. S. 36-40.
- Haag. E.. Guillaume Kroll (1889-1973) et la Villa Leclerc. Un grand scientifique méconnu au Luxembourg.. S.41.
- Kugener, H.: Zur Geschichte der Villa Leclerc. S. 42-43.
- Meyer, A.. Souvenirs d'une jeunesse heureuse à Belair.. S. 44-47.
- Bange, E.. Diebe, Brandstifter und Kindsmörderinnen. Die Galgen der Stadt Luxemburg.. S. 48-51.
- Wagener, R.. Batman & Winnetou. Eng Belairer Säitestrooss an de Siechzegerjoren.. S. 52-54.
- Lascombes, Fr., 1985. À 50 ans la paroisse de Bel-Air se souvient. 50 Jor Por Belair. Lëtzebuerg.
- Schneiders, A., 2007. Stadtentwicklungsplanung Luxemburg, Stadtteilrahmenplan Belair. Ville de Luxembourg, CMT.
Kuckt ochÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Belair – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an NottenÄnneren
- ↑ 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 R. Philippart, ons stad 98 (2011), S. 6-21.
- ↑ 1947 gouf d'Strooss an Avenue Gaston-Diderich ëmgenannt, nom fréiere Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg. Cf. R. Philippart, ons stad 98, 2011, S. 7.
- ↑ État de la population 2017 - Statistiques sur la population de la Ville de Luxembourg, op der Websäit vun der Stad Lëtzebuerg (gekuckt den 8. Februar 2018)
- ↑ Cf. É. Haag, ons stad Nr. 98, 2011, S. 41, an och H. Kugener, S. 42-43 ibidem.
- ↑ Cf. A. Meyer, ons stad Nr. 98, 2011, S. 44-47.
- ↑ Cf. R. Wagener, ons stad Nr. 98, 2011, S. 52-54.