Fändel vum Afghanistan

Flag map of Afghanistan.svg Dëse Geographiesartikel iwwer Afghanistan ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Fändel vum Afghanistan besteet aus dräi d'selwecht grousse vertikale Sträifen: lénks schwaarz, an der Mëtt rout a riets gréng. An der Mëtt vum Fändel ass den historesche Wope vum Afghanistan duergestallt: eng Moschee, där hire Mihrab op Mekka weist.

Fändel vum Afghanistan

Historesch FändelenÄnneren

Virum 20. Joerhonnert hat den Afghanistan e Fändel, dee just schwaarz war. An der Zäit vun der Monarchie hat d'Land eng Rëtsch Fändelen, déi deem vun haut geglach hunn. Nodeems d'Monarchie 1973 gestierzt gouf, krut d'Land en neie Fändel, grad sou wéi 1974 an am Abrëll 1978. Vun Oktober 1978 u stoung d'Land ënner kommunisteschem Regime a krut e Fändel deen deem vun der Sowjetunioun geglach huet. 1980 gouf dësen duerch een, deen horizontal rout, gréng a schwaarz gesträift war, mat lénks uewen dem Wope vun de kommunisteschen Hären, ersat. 1987 goufen déi hirersäits gestierzt, sou datt en neie Wopen an de Fändel gesat gouf.

Tëscht 1992 an 1996 ware Milizen aus Nord-Afghanistan un der Muecht, an de Fändel krut noeneen e puer Varianten an de Faarwe gréng-wäiss-schwaarz gesträift. 1996 koumen d'Taliban un d'Muecht, wou et alt nees verschidde Fändelvariante gouf. 2001 goufen d'Taliban an der Militäroperatioun Enduring Freedom entmuecht, an den neie Regimm huet am Januar 2004 deen Design vum Fändel festgeluecht wéi en haut nach gëllt.

Den Afghanistan ass dat Land, dat am 20. Joerhonnert säi Fändel am dackste gewiesselt huet.[1]

Fändele vum Afghanistan
# Fändel Proposrtioun Zäitraum Beschreiwung
1   3:5 1880 bis 1901 ënner dem Abdur Rahman Khan
2   3:5 1901 bis 13. Abrëll 1919 ënner dem Habibullah Khan
3   3:5 13. Abrëll 1919 bis 1921 mam aachteckegen Herrschafssijel vum Amanullah Khan
4   3:5 1921 bis 10. Juni 1926 Wope vum Emirat Afghanistan als Oval
5   2:3 10. Juni 1926 bis 1. Juli 1928 Wope vum Amanullah Khan gouf geännert
6   3:5 1. Juli 1928 bis
2. September 1928
Neie Fändel vum Kinnekräich Afghanistan
7   2:3 September 1928 bis
14. Januar 1929
8   3:5 14. Januar 1929 bis
17. Januar 1929
Dräideegeg Herrschat vum Inayatullah Khan
9   3:5 17. Januar 1929 bis
15. Oktober 1929
Regentschaft vum Habibullah Kalakâni
10   2:3 15. Oktober 1929 bis
31. Oktober 1931
11   2:3 31. Oktober 1931 bis
17. Juli 1973
12   2:3 17. Juli 1973 bis
9. Mee 1974
13   2:3 9. Mee 1974 bis
27. Abrëll 1978
14   2:3 21. Abrëll 1978 bis
19. Oktober 1978
Nom Stuerz vum Mohammed Daoud Khan gouf säi Wopen ewechgemaach
15   1:2 19. Oktober 1978 bis
21. Abrëll 1980
Kommunistesche Regime
16   1:2 21. Abrëll 1980 bis
30. November 1987
Fändel vun der Demokratescher Republik Afghanistan
17   1:2 30. November 1987 bis
27. April 1992
De Roude Stär muss nees nom Stuerz vun de Kommuniste verschwannen.
18   1:2 28. Abrëll 1992 bis
2. Dezember 1992
Mam Schrëftzuch „Allahu Akbar“ (uewen) an der Schahāda (Mëtt)).
19   1:2 2. Dezember 1992 bis
27. September 1996
Fändel vun der Nordallianz
20   4:5 27. September 1996 bis
27. Oktober 1997
Fändel vun den Taliban, de facto Nationalfändel
21   2:3 27. Oktober 1997 bis
13. November 2001
Fändel vums Islamechen Emirat Afghanistan
22   1:2 13. November 2001 bis
27. Januar 2002
23   1:2 27. Januar 2002 bis
4. Januar 2004
24   2:3 4. Januar 2004 bis
19. August 2013
geännerte Wopen
25   2:3 zanter dem 19. August 2013

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Flags of Afghanistan – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Historical Flags (Afghanistan)