Belval-Héichiewen
Tëscht 1965 an 1979 goufen d'Héichiewen op Arbed-Belval duerch méi moderner a méi grousser ersat. Déi nei waren d'Héichiewen A, B an C. Si hu gläichzäiteg déi vun Terres Rouges ersat, déi manner rentabel waren, an zougemaach goufen.
Dat war awer net fir laang, well dee gréissten, den Héichuewen C, gouf 1996 un d'Volleksrepublik China verkaaft, an ënner der Opsiicht vu chineeseschen Ingenieuren demontéiert, a Këschte verpaakt an a China bruecht.
De Betrib vum Héichuewe B, deem leschten Héichuewen, deen zu Lëtzebuerg aktiv war, gouf den 28. August 1997 gestoppt.
Déi lescht Héichiewen A a B mat hirem Ëmgeréits stinn zanter 2001 am Inventaire supplémentaire vun der Lëscht vun de klasséierte Monumenter[1].
Se hunn eng Héicht vun 82, respektiv 90 m.
Den 29. Juni 2010 huet d'Chamber e Gesetz gestëmmt, dat et der Regierung erlaabt, fir 27 Milliounen Euro déi zwéin Héichiewen um Belval z'entraschten an ze sanéieren. Den Héichuewen A gouf komplett sanéiert, iwwerdeems de B aus Käschtegrënn just als Silhouette stoe bliwwen ass. D'Iddi, donieft e Centre national de la culture industrielle ze bauen, gouf, och aus Käschtegrënn, an deem Gesetz net berücksichtegt[2].
De 4. Juli 2014 gouf de renovéierte Site ageweit. Et kann een ewell den Héichuewen A besichen, wou ee bis an d'Hallschecht eropklamme kann[3].
Literatur
änneren- Fernand Tapella: "La fin des hauts fourneaux au Luxembourg." magazine, le périodique du fonds belval Nr. 2/2015, S.30-39.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Blast furnaces A and B in Belval, Luxembourg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).
- ↑ "Verjüngungskur für Hochöfen. Parlament beschließt, mit dem Zentrum für Industriekultur zu warten." wort.lu, 29.06.2010 18:00; "Belvaler Hochöfen werden (teil-)renoviert. " tageblatt.lu 30.06.2010 07:42.
- ↑ Fête des Hauts Fournaux op belval.lu.